LËTZEBUERG
MONIQUE MATHIEU

Am Interview mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch iwwert déi „nei“ Orthografie, seng Ausriichtung an déi zukünfteg Aktivitéiten

Mam Gesetz iwwert d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun 2018 gouf en Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch geschaf. Am Juni 2019 krut dësen Zenter mam Luc Marteling een Direkter. Hie kann sech a senger Aarbecht ënnert anerem op d’Ekipp vum „Lëtzebuerger Online Dictionnaire“ stäipen, déi an den ZLS integréiert gouf. Zur där Ekipp gehéiert och d’Linguistin Caroline Döhmer. Iwwert déi „nei“ Orthografie, iwwert d’Ausriichtung vum ZLS an déi zukünfteg Aktivitéiten hu mir mat hinne béid geschwat.

Am November 2019 koum eng nei Lëtzebuerger Orthografie eraus. Gouf et heifir eng Noutwennegkeet?

Caroline Döhmer Engersäits ass enger Rei Leit, déi vill geschriwwen hunn, opgefall, datt orthografesch gesinn an eiser Sprooch net alles gereegelt war. Anerersäits huet eis Orthografie op engem Gesetzestext aus dem Joer 1975 an engem weideren Text aus dem Joer 1999 baséiert. Béid Texter waren net ëmmer kohärent.

Luc Marteling Et gouf an deene leschten zwanzeg Joer och nei Entwécklungen an der Gesellschaft, deene bis ewell net Rechnung gedroe gouf. Zum Beispill hu mer eng Rei Anglizismen derbäi kritt. Hei gouf et keng präzis Reegelen, kee Basistext, op deen d’Leit hätten zréckgräife kënne fir d’Schreifweis nozekucken. D’Iddi fir een Iwwerschaffe vun der Orthografie geet deemno op ee Besoin aus der Gesellschaft zréck. Et héiert een natierlech méi wéi eng Kéier: „Schonn erëm eng nei Orthografie“. Ma no 20 Joer ass et net vu Muttwëll d’Bestëmmungen ze aktualiséieren an ze completéieren. Mir hunn am Virfeld vun der Reform bewosst net vun enger „neier“ Orthografie geschwat – et si statistesch gesi just 1 Prozent vun de Wierder, déi duerch d’Reform impaktéiert ginn.

Et schéngt mir awer, datt dat zum Deel Wierder sinn, déi vill am Gebrauch sinn...

Marteling Dat maach sinn! D’Aarbechtsgruppen hunn 2015 mat hirer Tâche ugefaangen, dobäi gouf ënnert anerem op Froen zréckgegraff, déi par rapport zu verschiddene Prinzippien un de Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD geriicht gi sinn. Op jidde Fall loossen d’Changementer sech all erklären. Déi eng oder aner Kéier sinn d’Decisioune méi liicht oder méi schwéier gefall, well et ëmmer schwéier ass, do ze änneren, wou ee sech un eppes gewinnt huet. Als Beispill kéint ech d’Wuert „Märchen“ nennen, wou den „e“ nom „ä“ verschwënnt, well mer hei d’Endung „-chen“ hunn.

Mir kënnt et vir wéi wann am LOD ganz vill op „Varianten“ higewise géif ginn. Ass dat jüst eng Impressioun – a verschwannen déi Varianten elo all am Hierscht, wann déi nei Orthografie offiziell a Kraaft trëtt?

Marteling D’Varianteschreiwung fir déi eenzel Wierder gëtt prinzipiell bäibehalen. Et soll keen iwwerfuerdert ginn. Et kann een zum Beispill „Equipe“ oder „Ekipp“ schreiwen. Als Haaptvariant gëtt den LOD awer elo déi Lëtzebuerger Schreifweis un, a verweist op déi franséisch als Niewevariant. Wat vum September 2020 un ännert, ass, datt verschidden al Reegelen net méi gëllen. Beispillsweis kritt „wotlech“ vun do un een „o“, „üblech“ een „ü“. Ofkierzunge wéi ASBL oder PDF ginn da mat Groussbuschtawe geschriwwen, wann all Buschtaf eenzel gesot gëtt. Ass dat net de Fall, wéi beispillsweis bei Unesco, gëtt just deen éischte Buschtaf groussgeschriwwen.

Döhmer Bei der Publikatioun vum Bichelchen „D’Lëtzebuerger Orthografie“ war et eis wichteg, d’Matière, déi u sech net einfach ass, uspriechend eriwwerzebréngen, sou datt eigentlech jiddwereen dat dran nosiche kann, wat e grad brauch.

Dat kléngt alles ganz gutt. Eppes fannen ech dann awer traureg: An deene leschten 20 Joer sinn immens vill Bicher op Lëtzebuergesch publizéiert ginn, vum Kannerbuch iwwert d’Léierbuch bis bei d’Literatur. Do gouf sech meescht vill Méi ginn, fir d’Texter orthografesch korrekt ze drécken. Mussen d’Bicher lo all nei editéiert ginn?

Marteling E Buch verléiert säi literaresche Wäert sécher net duerch d’Orthografie. An dee groussen Deel vun de Wierder gëtt jo net geännert. Duerfir sinn elo net onbedéngt Neioploen néideg. Wat d’Léierbicher an d’-materialien ugeet, sou sollten déi schonn ugepasst ginn.

Um Site vum LOD gëtt Reklamm gemaach fir d’Neioplag vum Josy Braun sengem „Lëtzebuergesch richteg schreiwen“ aus dem Joer 2002. Op wéi een Dokument soll een da lo wéini zréckgräifen wann een eppes iwwert d’Orthografie nokucke wëll?

Marteling Dem Josy Braun säi Bichelchen ass éischter geduecht, wann ee schreiwe léieren, respektiv sech am Schreiwe perfektionéiere wëll. Et ass didaktesch an thematesch opgebaut, mat Dictéeën a ville Beispillsätz. Am Verglach zur fréierer Ausgab gouf net nëmmen d’Orthografie ugepasst, ma och ee Kapitel bäigesat, fir Fäll wéi d’Grouss- a Klengschreiwung ofzedecken, déi virdru gefeelt hunn. D’Buch kritt een iwwregens net bei eis, mee an de Librairien ze kafen.

Lo ginn et awer eng Rei Ännerungen opgrond vun der neier Orthografie. An zwanzeg Joer ass keng laang Zäitspann, wat d’Sprooch ugeet. Brauch eng Sprooch net eng gewëss Stabilitéit?

Döhmer An der Sprooch gëtt et ëmmer eng gewësse Fluktuatioun. D’Sprooch passt sech un, woubäi Begrëffer a Schwätzstiler méi séier ännere wéi Lauter. D’Orthografie ënnerläit kenger natierlecher Entwécklung, si ass gemaach, also willkürlech. Natierlech huet de Mënsch gäre Stabilitéit, och an der Sprooch, zemools well d’Sprooch ganz vill mat Identitéit ze dinn huet.

Marteling Nieft anere Missiounen ass et dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch seng Aufgab, fir d’Norméierung vun der Sprooch ze suergen. Genau wéi een eng anerer Sprooch net schreift wéi ee Loscht huet, mécht een dat och net bei der Lëtzebuerger. Ma de Fait, datt et Reegele gëtt, soll keen dervun ofhalen, Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze schwätzen. Den ZLS wëll einfach hëllefen, wann déi Hëllef gefrot ass. Dat gesot: Eng Sprooch verännert sech permanent, si ass am Floss. Ouni eng gewëss Dynamik ass se dout.

De Spellchecker, mat deem den ZLS zesummeschafft, huet sech schonn op déi remaniéiert Orthografie agestallt. Anescht Windows. Wéini ass heimat ze rechnen?

Marteling Mir hu Kontakt mat Microsoft opgeholl an hunn hinnen eis Hëllef bei der Transitioun ugebueden. Ech hoffen emol, datt et geschwënn souwäit ass, datt Windows déi nei Reegelen adoptéiert. Iwwert eng Zesummenaarbecht géif ech mech freeën.

Wat mécht, datt ee Wuert an den LOD opgeholl gëtt?

Marteling Mëttlerweil gëtt et am LOD en zimmlech breede Stamm u Wierder. Dat heescht awer net, datt wann een ee Wuert net fënnt, et dat Wuert net gëtt. Et ass och esou, datt mer am Moment eng Lëscht vu ronn dausend Wierder hunn, déi mer en vue vun enger eventueller Integratioun an den LOD opschaffen. Et muss ee bedenken, datt mer eng Iwwersetzung a 4 Sproochen maachen, eng Audio-Opnam, déi verschidde Flexiounsforme vum Wuert drakommen asw., an natierlech gutt Beispillsätz proposéiere wëllen. Et muss ee plus ou moins eng Stonn pro Wuert rechnen. Trotzdeem sinn an deene leschte Wochen honnerten Artikle bäikomm, fir déi den Eintrag awer nach net komplett ausgeschafft ass. Et gëtt da bei deem Wuert heirobber higewisen. Et geet eis zu dësem Zäitpunkt an éischter Linn drëm, d’Schreifweis ze dokumentéieren.

Gëtt et eng Zesummenaarbecht mat der „Schnëssen-App“ vun der Uni.lu? Sinn d’Erkenntnesser vum Prof. Dr. Peter Gilles fir Iech vun Notzen, respektiv wéi gi se an Är Aarbecht fir den LOD integréiert?

Döhmer Déi Sätz, déi Dausende vu Leit op Band schwätzen, kënnen duerchaus derzou féieren, datt mer e Wuert an den LOD ophuelen. Och grammatikalesch stellen déi Opnamen en immense Fundus fir d’Fuerschung duer.

Lëtzebuerger Journal

Stéchwuert Grammatik: Den ZLS ass och dofir zoustänneg. 2005 koum eng Lëtzebuerger Grammaire (mat franséischen Titelen) eraus. Wéini kënnt eng Neioplag – ganz op Lëtzebuergesch? Ëmmerhi soll an nächster Zäit méi Lëtzebuergesch an de Schoule geléiert ginn.

Marteling Un enger Schoulgrammatik gëtt am Moment äifreg beim Service Script vum Educatiounsministère geschafft, a mir sinn do derbäi. Fir d’Schouljoer 2021-2022 sollen dann eenzel Deeler prett sinn. Fir ee Reegelwierk, änlech wéi fir d’Orthografie fir ee grousse Public, wäert et méi laang daueren. Mir wëllen hei e bëssen déi nämmlecht Prozedur wéi bei der Orthografie benotzen – also interesséiert Leit mat abannen an op den Input vun der Gesellschaft zréckgräifen. D’Buch soll esou ginn, datt een einfach domat schaffe kann.

D’Lëtzebuerger Orthografie ass jo tatsächlech ee Bestseller, och wa se net verkaaft gëtt, mee fräi erofgelueden oder am ZLS matgeholl gi kann. Grad sou ee grousse Succès ass d’Landkaart mat franséischen a Lëtzebuerger Nimm vun den Uertschaften. Firwat gouf déi eigentlech net vum ZLS publizéiert?

Marteling Déi éischt Iddi war, d’Kaart fir d’Schoulen ze produzéieren. Mat sou engem grousse Succès am Public war net gerechent ginn. Eigentlech ass den Ursprong beim „Conseil permanent de la langue luxembourgeoise - CPLL“ ze sichen, deen ënnert der Leedung vum deemolege President an haitege Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy eng Lëscht mat de Lëtzebuerger Nimm vun den Uertschafte festgehalen huet. D’Kaart selwer ass u sech een „Output“ heivunner. Natierlech hätt och den ZLS déi Kaart erausgi kënnen. Ma mir si ganz frou, datt de Script dëst mécht, dee Service vun der Educatioun nationale ass heifir besser opgestallt.

Den ZLS ënnersteet effektiv dem Educatiounsministère, a gesäit seng Aufgab doranner, d’Regierungspolitik a Saache Lëtzebuerger Sprooch ëmzesetzen. Dat klengt net no vill Spillraum fir Eegeninitiativ.

Marteling Virun der leschter Regierungsbildung louch d’Kompetenz fir den LOD deels beim Kultur-, deels beim Educatiounsministère, elo ass just nach den Educatiounsministère fir den ZLS zoustänneg. An do fillen ech mech gutt opgehuewen, eleng scho well den Educatiounsminister voll a ganz hannert eis steet. Den ZLS huet vill Kontakter, mat vill verschiddene Leit an Associatiounen, do si mer autonom. Mir ginn och vill sollicitéiert, sief et vun ëffentlechen Institutiounen a Ministèren, sief et vu Privatleit. Doriwwer, ob mer eng „Gestion séparée“ kréien, décidéiert de Ministère. Fir politesch Aussoen ass de Minister zoustänneg.

Komme mer bei déi geschwate Sprooch. Ass den ZLS, sou wéi et op Ärem Internet-Site heescht, just derfir zoustänneg „Froen iwwert de gudde Gebrauch“ vun der Sprooch ze beäntwerten, net awer fir dësen ze promovéieren?

Marteling Dach, ech denke schonn, dat mer d’Sprooch och promovéieren, doduerch, datt mer Froe beäntweren. Mir proposéieren de Leit, wéi se eppes op Lëtzebuergesch formuléiere kënnen, ma allgemeng ass dat nach méi een delikaten Exercice wéi d’Orthografie.

Mech schuddert et, wann ech sou Wierder wéi „stattfannen“ héieren – wat virun allem de Fall ass, wann ee Mikro anzwousch ass. Am Alldag soen d’Leit einfach „ass“.

Döhmer Dat kënnt vir, wa Leit no enger, an hiren Aen, méi elaboréierter Ausdrocksweis sichen. Da gi Strukturen aus anere Sproochen opgegraff, well hinnen d’Lëtzebuergesch an deem Moment ze banal kléngt. Allgemeng ass et sou, datt jiddwereen der Meenung ass, hie géif dat korreksten a perfekste Lëtzebuergesch schwätzen. Do sollt ee mat enger gewësser Toleranz un d’Saach erugoen.

An der Beschreiwung vum Zenter heescht et ë.a.: „Den Zenter ass en oppent Haus“. Wat genee ass domat gemengt?

Marteling Ganz einfach: Mir sinn op fir all Froen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch betreffen, a mir hëllefe gären. Entweder duerch eng direkt Äntwert, oder doduerch, datt mer d’Fro weider un eng Institutioun oder Associatioun ginn, déi eventuell besser gestallt ass, fir eng Äntwert ze ginn.

Schwieft Iech net och ee „Begéin-Center“ (Visitor Center) vir?

Marteling Am Moment ass dat nach ee flott Gedankespill: eng Plaz, fir Schoulklassen a Gruppen ze emfänken, sech auszetauschen an déi eng oder aner Ausstellung ze weisen.

Wär et net eng genial Promotioun vun der Sprooch, ma och eng Hëllef, wann de Site Guichet.lu nieft anere Sproochen op Lëtzebuergesch wär?

Döhmer Op laang Siicht ass virgesinn, all de Ministèren an den Administratiounen eng lëtzebuergesch Nues ze ginn, ma dat soll an enger eenheetlecher Sprooch geschéien. D’Fro stellt sech, wou een am beschten ufänkt. Aktuell ass do villes an der Maach. D’Newsletter vu Guichet.lu kann een iwwregens op Lëtzebuergesch abonéieren.

Den ZLS gouf duerch d’Gesetz vum 20. Juli 2018 geschaf, an ass Deel vun der „Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch“, genau wéi de Kommissär an och de Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL). Munche Leit ass dat däers Gudden e bësse vill. Hunn déi verschidden Institutiounen ënnerschiddlech Rollen?

Marteling De CPLL huet eng berodend Roll, schafft Avisen aus. De Kommissär soll een 20-Jores-Plang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, zesumme mat engem Comité interministériel, preparéieren. Den ZLS ass fir d’Sprooch u sech do. D’Leit vun deene verschiddenen Institutioune gesi sech ënnerteneen, a bis ewell fillt sech nach kee vun deem aneren op d’Féiss getrëppelt.

Zum Konzept vun der Regierung gehéiert d’Unerkennung vum Lëtzebuergeschen um europäeschen Niveau. Ass den ZLS an déi Demarche implizéiert? Wou ass se drun?

Marteling Do muss ech op de Minister verweisen.

Huet den ZLS en Iwwerbléck doriwwer, wéivill Leit grad Lëtzebuergesch léieren, respektiv wéivill Leit een Zertifikat hunn, fir Coursen ze ginn?

Marteling Do muss ech passen. Mir hunn zwar gutt Kontakter mam Institut national des langues - INL a mat dem Service Formation des Adultes vum Educatiounsministère, ma Zuelen hunn ech lo keng. Vläicht wär et net falsch, eng Lëscht mat de Lëtzebuergesch-Enseignanten ze hunn...

Mme Döhmer, Dir hutt eng Woche-Rubrik iwwert d’Reegelen an d’Kuriositéite vun eiser Sprooch um Radio 100,7. Wéi kënnt déi Rubrik bei de Leit un?

Döhmer De Feedback ass ganz positiv! Fir mech selwer ass et flott, iwwert d’Detailer vun eiser Sprooch nozedenken. D’Sprooch allgemeng, hir Reegelen faszinéiere mech scho säit dem 6. Schouljoer. Et huet een eng Fro, a wann een där op de Fong geet, fënnt een ëmmer weider Froen fir nozefuerschen, respektiv fir sech mat anere Fuerscher auszetauschen. Am Flämeschen an am Bayreschen zum Beispill fanne sech dacks Parallellen. Fir mech ass duerfir oft de Wee och d’Zil. Ma nieft dem empiresche Schaffe sinn ech gär no bei de Leit, a probéieren ee schwéiere Sujet liicht eriwwer ze bréngen. Dat ass eng Erausfuerderung, an ech freeë mech iwwert all Feedback.

Marteling Eigentlech huet d’Resonanz mech iwwerrascht. Ech mengen, den ZLS huet mat där Rubrik bei ville Leit en Nerv getraff, a gëtt doduerch méi bekannt.

Här Marteling, den 21. Juni 2019 gouf Dir als Direkter vum ZLS vereedegt. Hutt Dir an Zwëschenzäit déi eng oder aner Illusioun begruewe missen oder entsprécht d’Fonctioun Äre Virstellungen?

Marteling Ech muss zouginn, ech hat mech éischter op déi eng oder aner Frustratioun agestallt. Et ass awer net souwäit komm. Dat och, well d’Zesummenaarbecht mat der Ekipp vum LOD, déi jo en place war, sou gutt klappt. Mir hunn ee gemeinsaamt Aarbechtsthema, dat eis wierklech interesséiert. Dat mécht d’Saach méi einfach. Do dernieft gëtt et eng gutt intern Zesummenaarbecht mam Ministère. Kee brauch Angscht ze hunn, hie kréich eppes ewech geholl, jiddwereen huet seng Plaz. Perséinlech gouf ech gutt opgeholl, ma sinn natierlech nach net um Zil ukomm. Deemno kommen - am Moment jiddefalls - all Dag nei Illusiounen an Erausfuerderungen derbäi!

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

„En oppent Haus fir eng dynamesch Sprooch”

Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ka sech an Eegeninitiativ oder op Ufro vun der Regierung ëm Froe këmmeren, déi mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn. Am Kader vu senge Missiounen ass den Zenter beoptraagt:

• Reegelen iwwert d’Schreifweis an d’Grammatik vun der Lëtzebuerger Sprooch ze publizéieren;
• linguistesch Hëllefsmëttelen auszeschaffen an unzepassen;
• Äntwerten op Froen iwwer d’Schreifweis, d’Grammatik, d’Phoneetik an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch ze ginn;
• am Optrag vum Minister offiziell Dokumenter a Kommunikatiounen am Hibléck op eng Publikatioun ze iwwersetzen.

Den Zenter betreit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD).
De Siège vum ZLS ass zu Stroossen an der Rue du Kiem op Nummer 163. Aktuell besteet d’Ekipp aus zéng Leit mat ënnerschiddlechen Horizonter fir den Ufuerderunge gerecht kënnen ze ginn. Kontaktéiert gi kënnen den ZLS an den LOD via E-Mail: lod@lod.lu.