IERPELDENG
ANDRÉ BAULER

Am Joer 1866 war d’Cholera am Lëtzebuerger Land ausgebrach. Ëm déi 3.500 Mënsche (1) sinn deemools heizuland Affer vun dëser schrecklecher Epidemie ginn.

Dat huet déi deemoleg Regierung net onberéiert
gelooss an an de Joren no dëser Katastroph huet de Staat eng Rëtsch Moossname geholl fir d’Propretéit
an de Stied an an den Dierfer ze verbessere fir domat
ustiechend Krankheeten sou wäit wéi méiglech
z’ënnerbannen.

Eng schrecklech Erfarung

D’Cholera-Epidemie war, sou gouf ugeholl, vum Nopeschduerf Gilsdref aus op Dikrech ageschleeft ginn. Vum 25. Mäerz bis den 29. Abrëll 1866 hunn an der Sauerstad ëm déi 240 Mënschen hiert Liewe misse loossen. Bei enger Bevëlkerung vu ronn 3.100 Leit waren dat bal 8%, also quasi all 12. Bierger ass gestuerwen.

Ufank Abrëll, tëscht dem 2. an dem 4. Dag vun deem Mount, sinn eppes iwwer 80 Biergerinnen a Bierger vun Dikrech beienee verscheet. Den 1. Mee war deen e´ischten Dag wou kee méi zu Dikrech huet missen op de Kierfecht geféiert ginn.

Haut nach erënnert e Monument aus dem Joer 1928 um alen Dikrecher Kierfecht un d’Affer vun der Cholera an domat un déi vill Leit, Dokteren, Schwësteren a Geeschtlech, déi de Kranke gehollef hunn an dat op Käschte vun hirem eegene Liewen (2).

D’Stroossen an déi enk Gaassen an der Alstad waren däischter vun Damp. Et gouf vill Gedrecks, ma awer och Wakeltergeträisch („Wacholder“) verbrannt. D’Leit hunn deemools geduecht, datt dat d’Loft rengege géif.

Fir d’Stad an d’Par Dikrech waren dat schrecklech Deeg. D’Awunner hunn hir Haiser misse verloosse fir bei der Famill oder bei Frënn um Land ënnerdaach ze kommen.

De Jos Herr schreift, datt sech ronn een Drëttel an de Bongerte vum Härebierg, um Goldknapp, op der Haardt an an der Säitert oder an de Wise rondrëm Dikrech zréckgezunn haten, wou si op der fräier Gewan versicht hunn z’iwwerliewen.

Et ware souvill Läichen, datt d’Pompjeeën an d’Membere vum „Jägerbataillon“ hu missen asprange fir déi Doudeg op de Kierfecht ze féieren.

Dokteren aus der Stad, vu Wolz an Ettelbréck sinn hëllefe komm fir déi Krank ze fleegen. Et gouf alles ënnerholl fir d’Gaassen an d’Haiser ze desinfizéieren, mat Chlor a mat Terpetäin.

En Zepter vun deenen Dikrecher un d’Consolatrix

An dëser grousser Nout hunn d’Leit deemools Stäerkung am chrëschtleche Glawe gesicht. Kee Wonner, datt si sech an hirer grousser Nout un d’Tréischterin geriicht hunn an un den Vollekshellege Rochus, deen nach haut an der Aler Kierch zu Dikrech steet.

De Rochus gëtt nämlech ënner anerem och géint d’Pescht ugeruff. Et gouf e Verspriechen ofgeluecht, datt all Joer um Ouschterméindeg eng Prëssioun zu Eiere vum „Hellege“ Rochus ofgehale géif ginn.

De 25. Juni 1866 (3) hu sech d’Awunner vun Dikrich, zesumme mat hirem Buergermeeschter Ernest François, op de Wee an d’Stad an d’Kathedral gemaach, wou si der Muttergottes e wäertvollt Zepter iwwerreecht hunn, fir Merci ze soen, datt si iwwerliewe konnten.

D’Studente vum deemolege Progymnase hunn der Landespatréinesch hirersäits eng sëlwer Luucht geschenkt. Um Zepter steet ze liesen: „Consolatrix afflictorum succure parochiae Diekirch 1866.“


(1) Jean-Pierre GLAESENER (1885), Le Grand-Duché
de Luxembourg, historique et pittoresque,
Imprimerie de Justin Schroell, Diekirch, S. 320
(2) Georges DILLMANN (1991), Die Cholera von 1866
und die Rochus-Verehrung in Diekirch, in: 1891-1991, 100 Joer
Chorale Sainte Cécile Dikrich, Livre du Centenaire, S. 179-180
(3) Jos HERR (1985), Diekirch, Imprimerie Saint Paul,
Luxembourg, S. 341