SCHIEREN
PAUL HEINRICH

En Noruff op en opriichtegen, liewensfrouen a gudde Mënsch

Den 9. Oktober, um nationale Gedenkdag, sollt säi leschten Optrëtt als Sänger vun der Chorale Ste Cécile vu Schieren sinn. Et war schonn Traditioun, datt de Gust Goerens d’Lidd „Un ons Jongen“ mat senger ergräifender Tenorstëmm virdroe sollt. Duerno wollt hien ophalen. Hien hat, wéi wuel keen aneren, dem Schierener Kierchechouer während méi ewéi 85 Joer trei gedéngt. Dat Lidd, dat hien sou dacks scho mat ënnerer Passioun gesongen hat, war fir déi verstuerwe Komerode vun den Onglécksjoeren 1920-1926 geduecht. Dach des Kéier sollt et him net méi vergonnt sinn, de Komeroden hirer ze gedenken. Wéi d`Sänger vun der Chorale sech um Duxall fir d’Mass afond haten, ass déi onerwaart schlecht Noriicht komm. „De Gust ass an der Klinik, säin Zoustand léisst wéineg Hoffnung zou“. D’Leit vun der Chorale waren ewéi erschloen. Dann, den 13. Oktober, kuerz viru Mëtteg huet nach méi eng schlecht Nouvelle sech ewéi e Laffeier verbreet. De Gust Goerens war dout. Gott, zu deem hie säi Liewe laang als iwwerzeegte Gleewege eng déif Bezéiung gefleegt huet, hat hien zou sech geruff. Den 12. Dezember hätt hie säi 95. Gebuertsdag gefeiert.

Bridder un der Front

De Gust, wéi hien allgemeng genannt gouf, war den 12. Dezember 1921 zu Schieren, als zweete Jong am Haus Goerens-Jentges gebuer. Hien hat nach keng 9 Joer, ewéi den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Majerus hien als Tenor entdeckt huet. Seng vun der „Union Adolphe“ ausgestallte Lizenz datéiert vum 1. Oktober 1930. De Gesank huet am Liewe vum Gust Goerens eng besonnesch Roll gespillt, de Gesank war e Stéck vu sengem Liewen. Hien huet net nëmmen am Kierchechouer gesong, mee seng harmonesch Stëmm huet och vill Leit bei anere Geleeënheeten erfreet. Esou wie hien waren och säi Monni Franz a seng zwee Bridder Jos a Paul hiert Liewe laang engagéiert Sänger am Schierener Kierchechouer. „Ouni meng Léift zum Gesank wäer ech bestëmmt net esou al ginn“, huet hie mir nach viru kuerzer Zäit uvertraut.

Wéi déi däitsch Truppen den 10. Mee 1940 duerch Schieren duerchmarschéiert sinn, an hiren Opmarsch e puer Deeg gedauert huet, du war et dem Gust schonn net geheier. Méiglecherweis huet hien deemols schonn dru geduecht, datt him a senge Bridder nach batter Zäite géife bevirstoen. En däitschen Offizéier hat hirer Mamm an dem Sënn eng Undeitung gemaach.

Wéi de Gauleiter Gustav Simon d’Wehrpflicht den 30. August 1942 fir d’Joergäng 1920 bis 1924 proklaméiert huet, war dat Schlëmmst agetraff. Hien a säi Brudder Jos sinn ënnert déi éischt betraffe Joergäng gefall. Ewéi d’Wehrpflicht dunn nach erweidert gouf, war och hire Brudder Paul derbäi. Während de Jos souwuel an den „Reichsarbeitsdienst“ ewéi och an d’Wehrmacht aberuff gouf, huet de Paul missen an den Aarbechtsdéngscht. Do huet hie sech eng schlëmm Gielzecht zougezunn a gouf dorophin heemgeschéckt. Well de landwirtschaftleche Betrieb Goerens als „kriegswichtig“ klasséiert war, konnt ee vun de Jonge provisoresch vun der Wehrmacht fräigestallt ginn. Et war de Gust, dee vun dëser Regelung profitéiert huet.

An der Tëschenzäit war d’Lëtzebuerger Resistenz net méisseg bliwwen. Si huet duerch verschidde Manipulatioune versicht, esouvill Jonge wéi méiglech dem Wehrdéngscht ze entzéien. Eng Resistenzgrupp hat sech spezialiséiert fir duerch eng Mëschung vun Opium a Pikrinsaier eng kënschtlech Gielzecht ze provozéieren. Duerch eng Tata, déi Uerdensschwëster zu Heeschdref war, konnt de Gust Kontakt mat deene Leit kréien, déi des Substanz fabrizéiert hunn. Hien huet sech d’Mëttel besuergt, huet dat a Kapsele kaschéiert Konzentrat sengem Brudder Jos geschéckt, deen un der Front stong, an hien huet et selwer geholl. D’Resultat huet net laang op sech waarde gelooss. D’Gielfierwung vun der Haut war no kuerzer Zäit ze bemierken. Well an der Wehrmacht eng panesch Angscht virun all ustiechend Krankheet bestan huet, ass de Jos provisoresch entlooss ginn. Hien ass spéider desertéiert. De Paul, deen eng echt Gielzecht am Aarbechtsdéngscht erwëscht hat, gouf heemgeschéckt. Fir de Gust war seng provisoresch Fräistellung vum Wehrdéngscht ufanks 1944 zu Enn. De Gestellungsbefehl, deen him am Mäerz 1944 zougeschéckt gouf, huet hie mam Vermierk „an Gelbsucht erkrankt“ zeréckgeschéckt. Hien huet geduecht, domat wir alles an der Rei. Mee knapps 14 Deeg méi spéit koum den zweete Befehl. Hien huet och dësen mat deemselwechte Vermierk zeréckgeschéckt. Awer domat hat hien een entscheedende Fehler gemaach, an dee sollt hien deier ze stoe kommen. An der Tëschenzäit haten d’Fäll vu Gielzecht hei zu Lëtzebuerg an esou engem Mooss zougeholl, datt den däitschen „Wehrbezirkskommando“ der Saach net méi getraut huet.

Bestialesch geschloen vun der Gestapo

D’Gestapo (Geheime Staatspolizei) hat erausfond, datt heemlech e Mëttel an Ëmlaf gesat gi wir, dat eng Gielzecht géif virtäuschen. D’Nazien hunn entspriechend reagéiert. Déi Ettelbrécker Gendaarmen hunn de Gust doheem verhaft. Si hunn hien op Dikrech an d’Villa Conter bruecht. Hei war de Sëtz vun der Gestapo fir den Norden. Wann hien och an der Villa Conter nach net geschloe gouf, da war dach hei den Toun scho vill méi schaarf. Seng Uklo gouf als „Wehrkraftzersetzung“ bezeechent. De Gust huet sech geduecht, datt et nach méi schlëmm géif kommen. Hie sollt recht behalen. Seng Iwwerstellung zur „Gestapoleitstelle“ gouf beschloss. Dat war déi allersäits gefaarte Villa Pauly.

En Awunner vun Ettelbréck, e Lëtzebuerger, dee sech den Nazie verschriwwen hat, huet hie mam Zuch an d’Stad eskortéiert. An Handschellen, wéi e Schwéierverbriecher. Vun der Gare gong et zum Haaptsëtz vun der Gestapo. „Hei war ech net méi ënner Mënschen, mee ënner Béischten“, esou de Gust Goerens. Beim Verhéier huet hien ëmmer erëm widderholl, datt seng zwee Bridder mat der Gielzecht an Urlaub komm wären. Hien hätt sech bei hinnen ugestach. Ëmmer erëm gouf hien zum Verhéier virgeféiert. Déiselwecht Froe goufe stänneg widderholl: „Wo haben Sie das Zeug her und von wem?“. Obschonn de Gust Goerens bei sämtleche Verhéier bestialesch geschloe gouf, ass hie stur bei sengen éischten Aussoe bliwwen. Vun den Handschellen, déi hien um Réck gedroen huet, gouf hie während all deene Verhéier net befreit. D’Onmënschen vun der Gestapo hu mat de Féiss op déi gefesselt Hänn getratt. Doduerch sinn déi schaarf Zänn vun de sougenannte „Berliner Handschellen“ ëmmer méi déif an d’Handgelenker gedréckt ginn. Dobäi goufen d’Knache verletzt. Trotz schlëmmste Schléi a schreckleche Stonnen an Eenzelhaft huet de Gefolterte sech bis zulescht u seng éischt Aussoe gehal. D’Raudie vun der Gestapo konnten him näischt beweisen. No 14 Deeg gouf hien aus der Haft entlooss, awer net ouni d’Menace, datt hie jidderzäit rëm kënnt verhaft ginn. Ier hien entlooss gouf, huet e Prisongswiechter gemengt, esou schlëmm zougeriicht Hänn hätt hien nach ni gesinn.

Iwwert déi schro Zäit am Prisong huet de Gust mir emol gesot: „Ech hu während all der Zäit de Rousekranz esou dacks gebiet, ewéi ech nëmme konnt, esouguer eis Nationalhymne hunn ech an d’Gebiet mat abezunn. Ouni d’Gebiet hätt ech dat alles net duerchgestan.“

No senger Entloossung gouf de Gust nach eng Kéier vum Wehrdéngscht fräigestallt, bis den 9. September 1944. No all deene Schléi an den Erniddregungen an der Villa Pauly blouf de Wehrdéngscht him erspuert, ewell den 10. September gouf Lëtzebuerg vun den Amerikaner befreit.

Trotz alle Messstänn hunn d’Bridder Goerens de Krich iwwerstan. Am Joer 1966 war deen allersäits beléiften a geuechte Gust Goerens fir d’éischte Kéier an de Schierener Gemengerot gewielt ginn. De 17. Februar 1978 gouf hie Buergermeeschter vun der Schierener Gemeng. Hien ass als gudde Buergermeeschter an d’Geschicht vun der Gemeng agaang. Esou ewéi et sengem Wiesen entsprach huet, huet hie säin Amt mat Iwwerleeung a Geschéck ausgefouert. Géintiwwer vu senge Mataarbechter war hie gefillvoll a korrekt. Während senger Amtszäit huet Schieren esou munnechen Opschwonk erlieft. Stolz konnt de Buergermeeschter sinn ewéi säi Jong, de Charel, bei de Chamberwale vun 1979 als Deputéierte vun der Demokratescher Partei gewielt gouf. Am Dezember 1993 huet de Gust Goerens sech aus der Politik zréckgezunn. Hie wollt säin Amt engem Jéngeren zur Verfügung stellen.

Seng schlëmm Verletzungen, déi hien an der Villa Pauly erlidden hat, an déi séilesch Torturen, deenen hien do ausgesat war, hunn hie säi ganzt Liewe laang begleet. Wat him do, am Virzëmmer vun der Hell, ugedoe gouf, konnt hien ni vergiessen. An de Joeren tëschent 1984 an 1986 gouf hien an der Universitéitsklinik zu Toul e puermol un den Handgelenker operéiert. Dann, am Joer 2004, war et bal zur Katastrof komm. De Gust gouf ganz onerwaart vun enger schwéierer Infektioun getraff. Laut sengem Professer vun Toul war et eng Konsequenz vu sengem Martyrium an der Villa Pauly. D’Liewe vum Kranken hung länger Zäit un engem Fuedem. Den deemools 83-Jährige konnt nëmmen duerch eng Amputatioun vum lénken Ënneraarm gerett ginn. Et huet eng laang Zäit gedauert, bis hie sech vu senger schwéierer Krankheet erholl hat. Méint si vergaangen, bis hie sech un eng Aarmprothes gewinnt hat.

Trotzdeem huet hien de Mutt net verluer an huet sech erëm opgerafft. Hien ass natierlech weider am Kierchechouer bliwwen an huet keng Prouf ausgelooss. Zesumme mat senger Fra Maya, déi him a laange Joeren eng gutt an trei Liewenspartnerin war, huet hien am Krees vun der Famill de Mee 2008 Diamanten Hochzäit gefeiert. Hien hat d’Maya den 8. Mee 1948 un den Altor gefouert. Mat hir, der Duechter vum Emil Hoffmann an dem Gertrude Metz, huet hien de Mathgeshaff vun senge Schwéierelteren iwwerholl. Dësen Haff, knapps 2 Kilometer vu Schieren ewech, war vun 1942 bis zur Befreiung am September 1944 Refugium fir Refraktären an Deserteuren. Jong Mënschen, déi sech dergéint gewiert hunn, an déi däitsch Wehrmacht anzetrieden. Obscho fir „Fluchthelfer“ déi schlëmmste Strofen ugedreet waren, huet d’Famill Hoffmann-Metz jidder Gefor getrotzt an net manner ewéi 17 Refraktären op hirem Haff verstoppt. Dës kéng Dot sollt der Nowelt als Beispill vu Mutt an Heemechtsléift net virent-hal ginn. Awer och d’Schicksal vun engem Zwangsrekrutéierten, deen duerch d’Virtäusche vun enger Gielzecht versicht huet, sech dem Wehrdéngscht ze entzéien, an doduerch deene schwéierste Mësshandlungen mat bleiwende Schied ausgesat gouf, sollt eiser nofolgender Generatioun virun Ae féieren, dat eis léif Heemecht viru méi ewéi 70 Joer eng Zäit duerchgemaach huet, déi duerch Drangsal a Leed gezeechent war.

„Die 17 Refraktäre vom Mathgeshaff“

Dat verdéngschtvollt Verhale vun der Famill Hoffmann an d’Erliefnisser vum Gust Goerens an de Fäng vun der Gestapo hunn de Gedanke zum Entstoe vum Buch „Die 17 Refraktäre vom Mathgeshaff“ bewierkt. D’Virstellung vum Buch, den 19. Februar dëst Joer, huet de Gust Goerens nach bei gudder Gesondheet erlieft.

Mat sengem Doud ass e Stéck Schieren vun eis gaang. Säi Gediechtnis a säi Wëssen iwwert vergaangen Zäiten waren esou wäertvoll, datt ëmmer erëm op säin immenst Gediechtnis zeréckgegraff gouf. D’Spréchwuert:“Mat him ass eng ganz Bibliotéik verbrannt“ ass ouni Zweifel och op de Gust Goerens zoutreffend. Lo huet hien eis fir ëmmer verlooss. Hie war een opriichtegen, liewensfrouen a gudde Mënsch. En onermiddleche Sänger, deen esouwuel seng Famill, ewéi och Duerfleit vu Schieren, an all seng Frënn a Bekannten duerch seng Stëmm während ville Joeren erfreet huet. Fir seng Fra, seng Kanner, Enkelen an Urenkelen war hien e virbildlechen an häerzensgudde Mann, Papp, Grousspapp an Urgrousspapp. Fir vill anerer e gudden an zouverlässege Frënd. All déi de Gust Goerens kannt hunn, wäerten hien a beschter Erënnerung behalen.