WALFER
SIM

D’Christine Mandy moderéiert dëst Joer d’Liesunge fir déi Erwuessen bei de Walfer Bicherdeeg

De „Journal“-Lieser dierft d’Christine Mandy wéint senger Rubrik, déi am Zwee-Wochen-Rhythmus op eiser Zoom-Säit erschéngt, scho bekannt sinn. De Public bei de „Walfer Bicherdeeg“ wäert déi literaturbegeeschtert Studentin dëse Weekend nach vun enger anerer Säit kenneléieren: als Moderatorin vun de Liesungen fir déi Erwuessen am CAW (5, route de Diekirch). Mir hu vun der Geleeënheet profitéiert, fir dem Christine am Virfeld e puer Froen ze stellen, dëst fir engersäits erauszefannen, op wat mir eis freeën dierfen, an annersäits fir eppes iwwer d’Literaturzeen aus Siicht vun enger jonker Fra gewuer ze ginn.

Firwat sollt ee sech d’Bicherdeeg op kee Fall entgoe loossen?

Christine Mandy D’Bicherdeeg sinn eist gréisst Evenement ronderëm d’Buch. All Joer, sou och an der mëttlerweil 24. Editioun, gi se weider optiméiert an ausgebaut. Et besteet d’Méiglechkeet, de ganze Weekend iwwer Bicher ze entdecken, ze kafen an ze verkafen. Et kann een aner Bicherfrënn begéinen, sech mat den Auteuren an Editeuren ënnerhalen a seng Bicher signéiere loossen. Doriwwer eraus gëtt d’Literatur encadréiert vun engem villsäitege Konscht- a Kulturprogramm mat Expositiounen, Workshoppen, Musek, engem Lëtzebuerger Owend an esou weider.

Du moderéiers d’Liesungen am CAW, wat erwaart eis do?

Christine De Visiteur erwaart e gutt gefëllte Programm mat insgesamt eelef Liesungen, déi d’Diversitéit vun eiser Literaturlandschaft erëmspigelen. Et liese souwuel etabléiert wéi och nei a jonk Auteuren. Et si Wierker dorënner a véier verschidde Sproochen, ausserdeem net-fiktional Literatur (een Essay, e Sachbuch iwwert d’Schmuelspurbunn Charly an e wëssenschaftlecht Buch iwwert d’Gender Studies) a fiktional Literatur (Gedichter, Romaner, Erzielungen). Och thematesch ass vum Krimi iwwert de philosophesche Roman bis hin zu Wierker mat engem Fokus op gesellschaftskritesch Aspekter, iwwert d’Rees, d’Léift, de Krich, d’Natur, den Dout an d’Familljeliewen e räiche Spektrum mat vertrueden.

Wéi hues Du dech op deen Job virbereet?

Christine Mir war et wichteg, mech mat deenen eenzele Wierker auserneen ze setzen. Evident war dat net, well déi meescht Bicher eréischt ganz rezent erauskomm sinn a well et fir mech bedeit huet, iwwer 15 Bicher an Texter an engem kuerzen Zäitraum ze liesen an an hirer Essenz ze erfaassen. An enger zweeter Etapp hunn ech mech mat deene meeschten Auteuren ausgetosch, well et mir wichteg war, hir Virstellungen a Gewunnechten ze berécksiichtegen, a fir ze wëssen, wéi eng Passage si wéilte liesen. Déi hunn ech mir da méi genee ugekuckt a mir Froen an Usätz iwwerluecht, fir eventuell kuerz Gespréicher kënnen anzeleeden. Doriwwer eraus muss een natierlech, bei all Preparatioun, och Spillraum loosse fir Spontaneitéit.

Wéi gesäis Du als jonke Mënsch d’Lëtzebuerger Literatur(zeen)?

Christine Ech gesinn e Wandel an eng Dynamik. Etabléiert Auteure bleiwen eis erhalen, parallel dozou entsteet eng jonk Schrëftstellergeneratioun, wéi ënner anerem de grousse Succès vum „Prix Laurence“ weist. Och thematesch a stilistesch huet sech eis Literatur, a mengen An, weiderentwéckelt an diversifiéiert, allerdéngs hu sech verschidde Genren a Kategorie wéi Fantasy a Jugendbuch (fir Jugendlecher tëscht 14 a 16 Joer) nach net richteg etabléiert. Doriwwer eraus sinn ech optimistesch, dass Auteurinne wéi d’Carla Lucarelli an d’Elise Schmit zukünfteg nach méi Fraen inspiréiere kënnen, hir Texter ze publizéieren. Och hei ass eng Dynamik ze verzeechnen. E méigleche Problem gesinn ech an der Gréisst vun der Zeen, déi engersäits fir eng Familiaritéit suergt, anerersäits d’Empfanne kéint ausléisen, d’Auteure stéingen an engem méi direkte Konkurrenzverhältnis. Doriwwer eraus ka si en Obstakel fir en objektiivt an oppent Diskussiounsklima duerstellen.