LËTZEBUERGJESSICA MERSCH

„Der Store“ vum Rob Hart ass zu enger Zukunftsvisioun ginn

Eigentlech wollt ech mech eng Zäit laang vun Dystopien ewech halen, ech sinn awer net laanscht dëst Buch komm: „Der Store“ vum Rob Hart. Op erschreckend Manéier ass et zu enger Zukunftsvisioun ginn, de groussen A verdéngt sech domm an däämlech un eiser Bequeemlechkeet. D’Aarbechtsplazen falen ewech an da ginn et nëmmen nach Onlinehändler.

An dëser Zäit erreegt d’Geschicht vum Store sécherlech Opmierksamkeet, hoffentlech mat engem positiven Effekt. Et ass wierklech wichteg lokal Geschäfter z‘ënnerstëtzen, soss geet gläich alles d’Baach erof. An dat wëll kee vun eis! Kréie mir d’Kéier? Solle mir se zesummen huelen?

D’Buch rëselt ee waakreg a weist, wat geschéie kann, wann ee just faul iwwert den Internet bestellt. Et ass einfach geschriwwen an erzielt eis Geschicht. Iergendwéi. Et ass e grujeleg! Beängschtegend.

E gewaltegt Imperium opgebaut

Den Entrepreneur Gibson huet et gepackt, mat der Zäit huet en e gewaltegt Imperium opgebaut. Säin Erfolleg huet mat enger klenger Iddi ugefaangen - e muss et de Leit méi einfach maachen, akafen ze goen. Alles gëtt mat Dronen heem geliwwert, kee muss aus dem Haus. Praktesch, oder? Huet hien d’Welt domat e Stéck besser gemaach oder handelt en aus puerem Egoismus? Wëll en de Portemonnie gutt fëllen? Dat muss de Lieser fir sech entscheeden. De Verkéier gëtt manner an an engems gëtt eppes géint d’Klimakris ënnerholl. Fir d‘Ëmwelt ze schützen sollen d’Aarbechter do wunnen - souguer Schoulen fir d’Kanner si garantéiert. Wiertschaften, Akafszenteren, Medezinner, et ass alles do. Lues awer sécher iwwerhëlt de Gibson d’Muecht. Net nëmmen iwwert d’Butteker, ma och iwwert Stied. Alles ass eidel. Erofkomm.

Dofir ass et gutt bei Cloud ze schaffen, d‘Gesellschaft suergt fir Loun, Iessen an eng Schlofplaz. Praktesch! Mä net jiddereen ass gläich, och hei sinn d’Aarbechter a Kategorien klasséiert, u passenden T-Shirten kann ee se identifizéieren.

De Lieser léiert d’Cloud iwwer dräi Personnagë kennen - de Gibson, hien erkläert eis vu sengem Stierfbett, ewéi en zum Erfolleg komm ass, seng Erzielung ass nawell detailléiert. A schounungslos. De Paxton schafft fir d’Sécherheet an d’Zinnia ass fir d’Wueren zoustänneg.

Realitéit oder Fiktioun?

Ënnerschiddlech Welten an Usiichten, dat mécht d’Lektüre interessant! Hiert familiäert Ëmfeld léiere mir natierlech och kennen. Déi zwee Aarbechter kommen sech privat méi no, wat hu se wëlles? Verfollege se dee selwechte Plang? D’Liewen an der Cloud ass perfekt gereegelt, ma net jiddereen ass domat averstanen...

Kann de System verännert ginn? Entmuecht? Oder ass et hoffnungslos?

Ass et Realitéit oder Fiktioun? Op jiddwer Fall sozialkritesch. Ëmfrot Iech, liest no ewéi Aarbechter vun Amazon behandelt ginn an entscheet selwer - denkt wannechgelift driwwer no!

Ass de Gibson wierklech dee räichste Mann vun der Welt oder ass räich net éischter deen, dee fir säi Gléck kämpft? Materialismus ass net alles. En eenzele Mënsch kann näischt veränneren, ma zesumme packe mir dat.
lu.kaaftlokal.lu
letzshop.lu
lord.lu
www.randomhouse.de/Verlag/Goldmann