LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder iwwert déi tierkesch Offensiv géint kurdesch Milizen

Iwwer Twitter huet den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan den 9. Oktober matgedeelt, dass säi Land eng militäresch Offensiv am Nordoste vu Syrien lancéiert huet, fir géint kurdesch Milize virzegoen. Ënnert dem Numm „Baris Pinari Harekâti“ (op däitsch: „Friedensquelle“) huet dës Operatioun d’Aufgab, den no tierkeschen Aussoen beschriwwenen Terrorkorridor un der Grenz ze bekämpfen. Do dernieft annoncéiert den Erdogan, dass ee mat der „Syrian National Army“, enger Zesummesetzung vu verschiddene Rebellegruppen, eng Sécherheetszon wëll erstellen, fir dass déi syresch Flüchtlingen et méi einfach wäerten hunn, fir erëm zréck an hiert Land ze kommen. An dëser Ausernanersetzung steet dem tierkesche Militär awer net nëmmen d’YPG (Vollekverdeedegungseenheeten) géigeniwwer, mee den IS huet sech an de leschten Deeg och erëm mat Uschléi zréckgemellt.

Dem Donald Trump seng ëmstridden Entscheedung

De 6. Oktober hat den amerikanesche President Donald Trump ugekënnegt, dass en d‘US-Truppen aus Syrien géif zréckzeien an kuerz drop d’Tierkei gewarnt, näischt ze maachen, wat hien als ausserhalb den Norme géif empfannen („off limits“). Den Erdogan huet dës Ausso awer ignoréiert an huet dräi Deeg drop mat Loftattacken Stellunge vun de Kurde beschoss. Déi ernimmte kurdesch Milizen hunn an deene leschte Joren zesumme mat den USA géint d’Terrormiliz vum islamesche Staat a Syrien gekämpft a sinn dem tierkesche Militär elo ouni amerikanesch Ënnerstëtzung ausgesat, wat se op laang Dauer net wäerten aushalen kënnen. Nieft senger Warnung un d’Tierkei huet awer virun allem nach eng aner Ausso vum Donald Trump fir grouss Diskussioune gesuergt. An engem weidere Post op Twitter erkläert den Trump, dass d’Kurden misste selwer kucken, dass se eens ginn an dass si d’Amerikaner am 2. Weltkrich an der Normandie och net ënnerstëtzt hätten. Dem Trump gëtt elo virgeworf, d’Kurden am Stach gelooss ze hunn. Trotz dem Trump senge klore Warnungen, hie géif dem Erdogan seng Wirtschaft ausläschen, wann d’Tierke géifen d’Kurden ausläschen, huet dem Trump seng Decisioun, seng Truppen zréckzezeien, déi tierkesch Offensiv iwwerhaapt erméiglecht.

Tierkei géint d’Kurden

Séit Joren bezeechent d’Tierkei d’Kurden als Menace fir hire Staat a versicht se elo duerch hir Militäroffensiv auszeschalten. D’Gebitter, déi attackéiert goufen, gi fir de gréissten Deel vun der YPG kontrolléiert. Well dës Partei den Tierken no en Deel vun der PKK (Aarbechterpartei vu Kurdistan) soll sinn, déi verbueden gouf, gesinn dës d’YPG och als terroristesch Vereenegung un a wëlle se dofir bekämpfen.

E fade Bäigeschmaach

Am nordëstlechen Deel vu Syrien gëtt et nach eng aner Vereenegung, déi direkt vun der tierkescher Offensiv profitéiert. Rieds geet vun den Dschihadisten vum Islamesche Staat, déi nom Réckzuch vun den Amerikaner sech d’Méiglechkeet net wëllen entgoen loossen, fir zumindest erëm en Deel vun hirem alen Afloss an där Regioun zréck ze kréien. Sou kënnt et, dass d’Kurde sech säit dem 9. Oktober net nëmme géint dat tierkescht Militär musse behaapten, mee och géint den IS, deen elo wäert alles dorunner setzen, fir dat Bescht aus där Situatioun ze maachen, wat och Konsequenze fir Europa kéint mat sech bréngen.