Ouschtere steet virun der Dier a wann een hei zu Lëtzebuerg Ouschtere seet, denkt een direkt un d’Emaischen zu Nouspelt oder an der Stad. Nächste Méindeg ass déi 59. Nouspelter Emaischen.
Lass geet et awer schonns e Samschdeg den Owend mat engem Optrëtt vun der Coverband „Providers“ am Festzelt. Ouschtersonndeg heescht et dann
„Emaische goes 80’s“. D’Festzelt presentéiert sech ganz am Look vun der 1980er Joeren an déi bekannten DJen Duuschti an Neppy wäerte fir gutt Partystëmmung suergen. Et ginn och original Videoclips vun den entspriechende Songs aus den 80er Joeren gewisen.
Wéi d’lescht Joer ginn och dëst Joer nees Busnavetten agesat fir d’Leit op Npouspelt a nees heem ze brengen. D’Fahrpläng fënnt een ënnert www.
emaischen.lu.
Nouspelter Aulebäckerkonscht
Ouschterméindeg, de 6. Abrëll ass dann déi traditionell Emaischen an de Stroosse vun Nouspelt. Allerlee interessant Stänn ronderëm d’Nouspelter Poterie an Animation fir Grouss a Kleng gi gebueden. Fir e geneeën Iwwerbléck vun deem ze kréien, wat zu Nouspelt gebuede gëtt, kritt all Visiteur e Plang mat alle wichtege Renseignementer offréiert. Et kritt een déi nummeréiert an aus Nouspelter Leem hirgestalten „Péckvillercher“ vum Eugène Biver a vun anere Kënschtler ze kafen. All Objete sinn echt Handaarbecht.
Den „Highlight“ vun der Emaischen 2015 si Virféierungen nom „Raku-Verfahren“, eng spektakulär Method fir ze brennen, vum Nouspelter „Syndicat d’Initiative“.
Den Nouspelter Aulebäcker Eugène Biver wäert och dëst Joer op der Emaischen, virun den Ae vun de Visiteuren, e Péckvillche produzéieren.
Wéi bei de Kelten
D’Georges Kayser Altertumsfuerscher weisen d’Handwierkskonscht an Liewensweis vun de Kelten. Och kann een den Aulebäckermusee, dee vum „Syndicat d’Initiative“ ageriicht gouf, fir de Leit Duerfgeschicht méi no ze brengen, besichen.
Och dëst Joer gëtt nees e sellechen Animatioun am Festzelt an an de Stroosse vun Nouspelt gebueden. Fir gutt Stëmmung suergen de ganzen Dag iwwer: Den David Goldrake, „Vocals on Tour“, d’Danzschoul Xpression, d’Keespelter Strëpp, d’Escher „Amis de l’accordéon“, „Spirit of the Highlands Pipes and Drums“ vu Gréiwemaacher, d’Harmonie vu Kënzeg, den DJ Mani an e Loftballonskënschtler.
De ganzen Dag iwwer ass eng extra Animatioun fir d’Kanner virgesinn. Nieft „Face-Painting“ hunn d’Kanner d’Méiglechkeet am Leem ze schaffen, ze molen oder sech op engem Sprangschlass z’ameséieren.
Och den Ouschterhues huet sech dëst Joer ugemellt a wäert de Kanner mat dem geschenkte Schokola vill Freed maachen.
Op d’Emaischen zu Nouspelt kënnt een am Beschte mat de Busnavetten, déi op Ouschterméindeg gratis fonctionnéieren. Dës Busnavette fueren tëschent 10.00 an 20.00 am Zéng-Minutten-Takt vum Industrigebitt Kielen a vun der Zentralschoul vu Kielen aus op Nouspelt an nees zeréck. Behënnerteparkplaze ginn an der Mëtt vum Duerf, net wäit ewech vun der Nouspelter Emaischen, ageriicht.
Fir weider Renseignementer: www. emaischen.lu



