LËTZEBUERG
MAX FISCH

A 500 Wierder: Wéi sinn d’Europawalen ausgaangen a wéi geet et elo weider?

De 26. Mee war et nees esou wäit. No fënnef Joer stoungen erëm Europawale virun der Dier. Wie geet als Gewënner aus de Walen eraus a wie kënnt elo a Fro, fir dem Jean-Claude Juncker seng Plaz als President vun der EU-Kommissioun anzehuelen?

Déi zwou gréissten europäesch Parteie si gläichzäiteg och déi zwee gréisste Verléierer vun de Walen. Béid Parteien, d’EVP (Europäesch Vollekspartei) an d’S&D (Sozialdemokraten) verléieren iwwer 30 Sëtz a sou kënnt et, dass déi zwee déi éischte Kéier säit 1979 zesummen net méi iwwer 50 Prozent vun de Sëtz kommen. Zu de Gewënner vun de Walen zielen déi Liberal (ALDE - Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa) an déi Gréng. (1)

Wien decidéiert iwwert dem Jean-Claude Juncker seng Successioun a wat ännert sech nach?

No den Europawalen hu sech d’Staats- a Regierungscheffe vun den 28 EU-Länner zu Bréissel getraff, fir als europäesche Rot iwwert den Nofolger vum Juncker ze beroden.

Nodeems d’Majoritéit sech op ee Kandidat festgeluecht huet, muss dëse vum EU-Parlament bestätegt ginn. Diskutéiert Kandidate fir dëse Poste sinn d’Margrethe Vestager vun de Liberalen, de Manfred Weber a Michel Barnier vun der EVP an de Frans Timmermans vun der S&D. Vu dass déi zwou grouss Parteien ouni absolut Majoritéit de President net méi nëmmen ënnert sech ausmaache kënnen, gi sech interessant Diskussiounen erwaart.

Nieft engem Nofolger fir de President vun der EU-Kommissioun wäerten och nach aner grouss a wichteg Posten nei besat musse ginn. Dem Donald Tusk säi Mandat leeft och of, sou muss och en neie President fir den EU-Rot gesicht ginn, esou wéi och en neie President vun der EZB (Europäesch Zentralbank) an e Successeur fir d’Frederica Mogherini als Representant vun der EU fir d’Baussen- an d’Sécherheetspolitik. (2)

Wéi huet Lëtzebuerg gewielt?

Zu Lëtzebuerg gehéiert d’CSV, déi zur EVP gehéiert, zu de grousse Verléierer vun dësen Europawalen. Si kommen op 16,5 Prozent manner Stëmme wéi nach viru fënnef Joer. D’DP mécht e Plus vun iwwer 6 Prozent a sinn déi meescht gewielte Partei aus Lëtzebuerg. Och hei bestätegt sech den europawäiten Trend, dass déi Liberal u Wieler zougeluecht hunn. Den zweete grousse Gewënner sinn déi Gréng, déi mat engem Plus vu knapps 4 Prozent a mat insgesamt bal 19 Prozent just knapps hannert der DP an der CSV, déi drëttstäerkste Partei a Lëtzebuerg ass. D’LSAP, d’lëtzebuergesch Partei vun de Sozialdemokraten, kënnt mat ëm déi 12% op en ähnlecht Resultat wéi 2014.

Lëtzebuerg sti 6 Sëtz vun insgesamt 751 am europäesche Parlament zou. Vun deene 6 ginn der 2 un d’DP (ALDE), 2 un d’CSV (EVP) 1 un déi gréng an 1 un d’LSAP (S&D). Fir d’DP wäerten de Charel Goerens an d’Monica Semedo de Wee op Bréissel untrieden. Fir d’CSV ass et de Christophe Hansen an d’Isabel Wiseler, fir déi gréng d’Tilly Metz a fir d’LSAP den Nicolas Schmit. (3)


Quellen a Links:

1) tinyurl.com/a500weurowal1
2) tinyurl.com/a500weurowal2
3) tinyurl.com/a500weurowal3