LËTZEBUERG
MONIQUE MATHIEU

Den Nationale Fraerot huet a puncto Gläichberechtegung nach vill ze dinn

Zënter 1975 gëtt et den „Conseil national des femmes du Luxembourg“ (CNFL), dee sech fir d’Fraerechter an d’Chancëgläichheet asetzt. Hautesdaags een Anachronismus? Nee, seet d’Danielle Becker-Bauer, déi säit dem 27. Februar dës Institutioun presidéiert. Anachronistesch wären héchstens d’Fuerderungen, well déi zum Deel säit laange Joren um Dësch leien, ma ëmmer nach net ëmgesat sinn. Mat hir an dem Anik Raskin, „Chargée de direction“ beim CNFL, hu mer eis iwwert déi verschidden Themeberäicher ënnerhalen, déi an den Aen vun der Associatioun (nach ëmmer) problematesch sinn.

Kënnt Dir d’Missioun vum „Conseil national des femmes du Luxembourg“ kuerz ëmräissen??

Danielle Becker-Bauer Den CNFL gouf 1975 vun enger Rei vu Fraenorganisatioune gegrënnt, dëst virum Hannergronn vun der gefuerderter Reform vun den Zivilrechter. Deemools gouf eng Fra, wa se sech bestuet huet, ënnert d’Tutelle vun hirem Mann gestallt, a konnt zum Beispill kee Kont ouni seng Erlaabnis opmaachen. Allgemeng promovéiert den CNFL d’Gläichstellung vun de Geschlechter a vertrëtt Positiounen, déi dësem Zil dénge sollen, dëst transversal an alle Beräicher. Wann d’Gläichstellung bis erreecht ass, kann den CNFL sech opléisen...

Ma dovu schénge mer nach wäit ewech. Den CNFL ass haaptsächlech um nationale Plang aktiv, a publizéiert Stellungnahmen zu politeschen Themen, déi d’Fraen am Spezielle betreffen. A mir setzen eis speziell fir d’Fraen an der Gemengepolitik an, well et ass jo an éischter Linn an de Gemengen, wou ee léiert, sech op der politeschen Bühn ze beweegen. Ma den CNFL ass och international vernetzt, a Member vum „Centre européen du Conseil International des Femmes“, dee sech fir Gläichheet, Entwécklung a Fridden asetzt, am „Lobby européen des femmes“ a an der „Plattform vum Internationalen Dag vun de Fraerechter“.

Den CNFL setzt sech aktuell aus Vertriederinne vun 12 Lëtzebuerger Associatiounen zesummen. Ënnert dësen Associatioune si verschiddener, déi be-stëmmte politesche Parteien no stinn, awer net all Parteie si vertrueden. Donieft gëtt et eng Rei Patronatsassociatiounen a Service-Klipp, awer keng Gewerkschaftsvertriederinnen oder awer Associatioune wéi „Fraen a Mammen“, de „Foyer de la femme“... Wéi kënnt et zu där aktueller Zesummesetzung?

Anik Raskin Den „Foyer de la femme“ war eemol Member, ass dëst awer scho ganz laang net méi. Allgemeng muss eng Associatioun, fir Member ze ginn, d’Objektiver vum CNFL matdroe kënnen an eng Rei statutaresch Conditiounen erfëllen. Anerersäits muss se eegestänneg Décisiounen huele kënnen, an net vun enger anerer Associatioun oder Partei ofhänken. Déi Gréng zum Beispill hunn d’Paritéit Männer-Fraen an hire Parteistatute stoen, an hunn duerfir keng separat Fraenassociatioun.

Becker-Bauer Allgemeng wëlle mer eis an där nächster Zäit Gedanken driwwer maachen, wéi mer eis fir d’Zukunft opstelle sollen a mussen, a wou mer higinn. Eisen Exekutivkomitee wäert sech heiriwwer am Laf vum Joer de Kapp zerbriechen.

Wéi wichteg ass et, datt am CNFL verschidden Usiichten zum Ausdrock kommen?

Raskin Dat ass natierlech ganz wichteg. Ma meeschtens fënnt sech ganz séier eng Eenegung. Dëst och, well de méi kontroversen Themen, wéi beispillsweis der Prostitutioun, eng Preparatioun virausgeet, déi dann d’Meenungsbildung erméiglecht. Den CNFL informéiert sech a sou Fäll iwwert d’Situatioun an anere Länner, léisst Experte kommen etc.

Becker-Bauer Virun 12 Joer, wou ech Member am CNFL gi sinn, sot d’Anik mir: „Demokratie war nach ni einfach“. Dat kann ech sou ënnerschreiwen. Ma all eis Sëtzunge lafen an engem „gudden Esprit“ of, et ass eng ganz positiv Aarbechtsatmosphär. A wann et néideg ass, huele mer eis déi Zäit, déi et brauch fir en Avis ofzeginn. Mir sti jo net ënnert Drock.

Erkläert dëst och, firwat den CNFL keng Stellungnahm zu de Sozialwale vum 12. Mäerz erausginn huet? Sinn dës Walen net vu ganz grousser Bedeitung wat den „Bien-être“ op der Aarbechtsplaz ugeet?

Raskin Jo, natierlech ass dëst ee wichtegt Uleies. Grad bei den Aarbechtskontrakter soll ee gutt oppassen, wat een ënnerschreift. Wat elo d’Sozialwalen ugeet, sinn d’Frae ganz kloer ënnerrepresentéiert. Viru Joeren hat den CNFL eng Étude hei eriwwer erausginn. Dës Kéier hu mer dat net gemaach, well eis déi néideg zäitlech a budgetär Moyene gefeelt hunn - mir kënne ganz einfach net alles maachen. Ma iwwert den „Comité du travail feminin“, wou mer jo Vertriederinnen hunn, setze mer eis fir d’Gläichstellung vun de Fraen an der Aarbechtswelt an.

Wa mer Aarbechtsplaz soen, si mer och beim „Harcèlement“ op der Aar-bechtsplaz, a beim #MeToo-Mouvement. Hei zu Lëtzebuerg ass mer elo keen esou Outing bekannt. Ginn et bei eis keng Fraen, déi sech virun de Choix gestallt gesouchen, entweder sexuell Déngschter ze leeschten, oder op eng Carrière ze verzichten?

Raskin Dat léisst sech, wéi sou villes, wuel duerch d’Gréisst vum Land erklären: Hei kennt jiddwereen jiddwereen. Ma allgemeng ginn et och ganz wéineg Plainte wéinst Diskriminatioun viru Geriicht, respektiv Urteeler an dem Sënn. Et ass net flott als Opfer do ze stoen, an op der Strooss ugekuckt ze ginn. Ech denken an dësem Kontext un eng europäesch Étude vun 2016, an där gefrot gouf, ob d’Affer vu Gewalt eng Deelschold hunn. Dëst hunn 38 Prozent vun de Befroten an eisem Land mat Jo beäntwert - den héchste Prozentsaz iwwerhaapt. Dat weist, wéi schwiereg et ass, sech zu Lëtzebuerg ze outen.

Becker-Bauer Wann den CNFL iwwert Gewalt schwätzt, da fir den Affer eng Stëmm ze ginn, an d’Täter ze stigmatiséieren, an net ëmgedréint. Mam Foyer-Sud bidde mer de Fraen eng Plaz fir sech an eventuell hir Kanner, a Sécherheet ze bréngen, mee och, fir sech auszeschwätzen. 2018 hat ech, als Presidentin vum Zonta Club, d’Responsabilitéit fir d’„Orange Week“ hei zu Lëtzebuerg z’organiséieren, zesumme mam CNFL an der Ënnerstëtzung vum Chancegläichheetsministär an der „Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte“. Thema war „Lëtz say no to violence against women“. An der Zäit vum 15. November bis 9. Dezember ass am Kader vun der „Orange Week“ op enger ganzer Rei Evenementer op den No-go vu Gewalt géint Fraen opmierksam gemaach ginn. Och dëst Joer wäert nees eng „Orange Week“ sinn, dës Kéier ass awer den CNFL Coordinateur.

Dëst Joer kënnt een, politesch gesinn, hei am Land net laanscht een Thema: 100 Joer universaalt Walrecht - an domat och Fraewalrecht zu Lëtzebuerg. Trotz Campagne vum CNFL a méi wéi 40 Prozent Kandidatinnen op de Lëschten, si bei de Legislativwalen 2018 vu 60 Mandater an der Chamber der grad emol 12 direkt u Frae gaangen. Am Moment sinn et der duerch „Noréckelen“ 15 - also ee Véirel. An der Regierung si just fënnef Frae vu 17 Minister - e bësse méi wéi ee Véirel, ma net emol een Drëttel. Wéi erkläert der Iech dëst Resultat?

Becker-Bauer Mir hate Quote gefuerdert, a mer hu se kritt. Woubäi mir dat Wuert „Paritéit“ vill besser gefällt.

Raskin Quoten erméiglechen awer keen „Coup de baguette magique“. Et huet de Fraen an der leschter Campagne einfach u Visibilitéit gefeelt. Kuckt, wéi d’Table-ronden etc. besat waren. Ma datt Paritéit eppes bréngt, gesäit ee bei deene Gréngen: Et muss laang opgebaut ginn, bis ee Resultat do ass.

Becker-Bauer Dës Wale weisen och, datt Schluss mat der Bescheidenheet si muss. Frae musse selbstbewosst an d’Politik goen, a sech och am Kloeren driwwer sinn, datt net gewielt ze ginn keng Schan ass. Ech denken an dësem Kontext un d’Renée Wagener vun deene Gréngen: Am Ufank als Quotefra tituléiert, ass si herno op alle Bänke fir hir Aarbecht appreciéiert ginn.

Déi next Wale sinn d’Europawalen. Am Moment hu mer eng paritéitesch Vertriedung zu Stroossbuerg, mat dräi Fraen an dräi Männer. Denkt Dir, datt dat nom 26. Mee och nach sou si wäert?

Becker-Bauer Dat musse mer gesinn.... Jiddefalls ass vum Gesetz hier virgesinn, datt d’Lëschten zu jee 50 Prozent Kandidaten a Kandidatinnen hu mussen.

De CNFL setzt sech speziell fir d’Präsenz vu Fraen an de Gemengeréit an, an hat 2017 eng gréisser Campagne gemaach. Gesitt Dir hei ee Fortschrëtt? Ginn net grad Frae perséinlech méi staark attackéiert, wa se sech engagéieren, wéi Männer? A si Fraen ënnerteneen ëmmer solidaresch?

Becker-Bauer Et kann een net verallgemengeren. An de Gemenge kënnt et ganz vill op d’Perséinlechkeet an déi aktuell Situatioun un. Souwuel Männer wéi Frae kënne mol gutt, mol manner gutt mat- an ënnerteneen.

Nieft der politescher Participatioun ass de Rentesplitting säit laange Joren een Thema vum CNFL. Ma obschonn d’Regierung säit 2013 eng aner Zesummesetzung - ouni CSV - huet, huet sech an dësem Beräich reng guer näischt gedoen. Vill méi klot de Premier op der Tëlee, d’Frae misste schaffe goen, fir net virum Näischt ze stoen, wann et zu enger Scheedung kënnt. Wéi positionéiert sech den CNFL haut an där Fro?

Becker-Bauer Ënnert Rentesplitting ass wuelgemierkt de Splitting vun de Renterechter ze verstoen. An duerfir setzt sech den CNFL tatsächlech scho ganz laang an. Eis Positioun huet do net geännert: Et soll ee Splitting virgesi sinn, bis deen individualiséierte System steet a gräift.

Raskin  Zum Splitting ass och ze soen, datt d’Mentalitéiten an de leschte Jore staark evoluéiert hunn. Sengerzäit, wou de Splitting an d’Diskussioun koum, waren d’Gewerkschafte vehement dergéint, ë.a. och, wëll de Sozialsystem zu Lëtzebuerg un d’Cotisatioun an d’„Sécurité sociale“ gebonnen ass.

Becker-Bauer Et ass jo bal ëmmer esou, datt wann de Mann seng Beschäftegung wéinst de Kanner ënnerbrécht, d’Koppel weider fir déi zwee kotiséiert. Eng Selbstverständlechkeet, déi bei der Fra net gëllt. Dëst weist, wéi ënnerschiddlech d’Rolle vu Fra a vu Mann nach ëmmer gesi ginn.

Wéi schätzt den CNFL dat neit Scheedungsrecht an, dat säit November 2018 gëllt? Si mer ee Schrëtt méi wäit komm?

Raskin Eigentlech si mer derfir agetrueden, datt, wann den Divorce sollt reforméiert ginn, dat selwecht mam Mariage sollt geschéien. Dat war awer net de Fall. Am neie Scheedungsrecht goufen all d’Rechter vun der Fra erausgeholl, mee de Mariage ass net reforméiert ginn. Do kënnt de Splitting vun de Renterechter mat ageschriwwe ginn, wann ee Partner seng Aarbecht während dem Mariage opgëtt.

Becker-Bauer Wat de Mariage ugeet, heescht et „in guten wie in schlechten Zeiten“. Wann ech Leit a menger Funktioun als Gemengeconseillère (virdru Schäffen) bestueden, dann erënneren ech se drun, datt se Responsabilitéit fir-eneen droen, a - beschtefalls - am Alter ee fir deen aner do si mussen. Ech ginn och ze bedenken, datt d’Duerchschnëttsrente bei de Fraen zu Lëtzebuerg bei ca. 1.900 Euro leien, bei de Männer bei iwwert 3.000 Euro.

Deelzäit schaffen, Kanner versuergen... dat ka flott sinn, ma huet Auswierkungen net nëmmen op deen direkte Verdéngscht, ma och op d’Rent. Net ëmsoss läit den Aarmutsrisiko bei den eelere Frae bei 13 Prozent. Dat gëtt meeschtens guer net beduecht, ganz besonnesch net vun de Fraen, an zemools net, wann nach „Päiperlécken am Bauch“ dorueter fléien.

Raskin Eis Gesellschaft baut hir Modeller nach vill ze vill ronderëm d’Bestiednes op. Eigentlech sollte mer en Individualmodell hunn, wou jiddwereen eenzel gesi gëtt. An duerno mat abezéien, ob ee Kanner à charge huet oder net.

Becker-Bauer Eigentlech misst et eng obligatoresch Renteversécherung fir jiddweree ginn, sou wéi se fir d’Bauerefraen an de 50er Joren agefouert gouf. Vill ze laang heescht et schonn „Mer kënnen d’Leit net zwéngen, ze kotiséieren“. Ma de Grondgedanke misst dach sinn, datt et jiddwerengem hei am Land gutt goe soll.

Deemno gesitt Dir d’Aféierung vun enger eenzeger Steierklass als positiv un?

Becker-Bauer Fir Monoparentaux, déi grad zu Lëtzebuerg schlecht gestallt sinn, bréngt dat sécher eppes. Ma et muss och onbedingt eppes am Beräich soziale Wunnengsraum geschéien. Mir brauche méi Wunnengen, ma och d’Critère mussen dringend ugepasst ginn, ë.a. wat d’Wunnengsgréissten ugeet oder d’Revenuen, déi a Betruecht gezu ginn. An aner Forme vu Wunnengserwerb musse gefërdert ginn, wéi zum Beispill den „Bail emphytéotique“.

Just kuerz nach eemol zréck bei dat neit Scheedungsrecht. Ass d’Verpflichtung, datt déi zwee, déi sech scheede loosse wëllen, een Affekot aschalte mussen, net awer och eng finanziell Hürd? Virdrun huet een zwar méi laang op een Uerteel waarde missen, ma lo kascht et ee genau sou vill Zäit an zousätzlech Geld, well ee jo, och wann ee sech eens ass, bei den Affekot trëppele muss. Wär et net méi logesch, datt wann eng „Séparation des biens“ virläit, an eng ënnerschriwwen Eenegung, wat d’Kanner ugeet, een direkt bei de Riichter goe kënnt?

Becker-Bauer Hei musse mer wuel nach ofwaarden, wéi d’Auswierkunge vun deem neie Gesetz sinn. Et soll awer drop higewise sinn, datt dat neit Gesetz d’Coparentalitéit als Regel festleet. Dat heescht, et gëtt eng „Garde alternée“ vum Kand/vun de Kanner, an d’Recht op Alimenter geet verluer.

Virun der Reform hunn d’Riichter eng Continuitéit ugestrieft: Wann d’Kanner bei der Mamm gelieft hunn, sollt dat duerch d’Scheedung net op eemol geännert ginn. Dofir kruten an deene meeschte Fäll d’Mammen d’Garde zougesprach. Coparentalité ass gutt am Idealfall vun enger gläichberechtegter Koppel. Ma si kann och pervers Effeten hunn, wéi zum Beispill de Sträit ëm d’Chèques-service.

Den CNFL huet 2013 e Buch mat 35 Top-Sportlerinnen erausginn - Fraen, déi un der Olympiad deelgeholl hunn. Firwat deen Intérêt grad fir de Sport?

Becker-Bauer Dëst ass op eis deemoleg Presidentin Joëlle Letsch zréckzeféieren. Hire Grousspapp war den Nic Frantz, an sou ass si virun allem um Cyclissem interesséiert... All Presidentin - mir wiessele jo all Joer - ka sech eng Zort Motto sichen, ee Beräich, an deem den CNFL sech da méi speziell engagéiert.

D’Buch gouf vun engem Mann geschriwwen....

Becker-Bauer Ah - mir sinn net männerfeindlech, ganz am Géigendeel. Mir wëlle mat de Männer zesummeschaffen. A mam Auteur si mir ganz gutt eens ginn, hien huet sech richteg Méi ginn. Dat gëtt mir d’Geleeënheet drop hinze-weisen, datt d’Ausstellung iwwert d’Sportlerinnen, déi mer am Kader vun där Aktioun op d’Bee gestallt haten, iwwerschafft gouf, an elo nees ausgeléint ka ginn. Et si Roll-upen, a jiddwereen, deen drun interesséiert ass, se ze weisen, ka sech beim CNFL mellen.

Et gi gutt Sportlerinnen zu Lëtzebuerg, an hir Visibilitéit gouf an deene leschte Joren vill besser. Ma et bleift, datt an de Sportsgremien, wéi dem COSL an aneren, déi d’Soen hunn, d’Fraen béis ënnerrepresentéiert sinn.

Becker-Bauer Jo, dat ass nach ëmmer de Fall. Ma et ginn och kleng Liichtblécker, wéi beispillsweis deen, datt viru kuerzem eng Fra et an de Comité vun der FLF gepackt huet.

Wéini gouf op enger Pressekonferenz, mat ë.a. där neier Fraeministesch, gesot, datt d’Hallschent vun deene Leit, déi vun der Regierung a Verwaltungsréit vun ëffentlechen a privaten Etablissementer genannt kënne ginn, Frae sinn. Si mer der Paritéit hei méi no koum?

Becker-Bauer Et muss ee bedenken, datt et sech hei ëm déi Leit handelt, déi de Staat nennt. Doriwwer, wéi et a puncto Paritéit an deenen eenzelne Verwaltungsréit ausgesäit, seet dëst näischt aus.

Um Site vum CNFL gëtt et ee Link op d’Säit vun „Voix de jeunes femmes“: Kann Dir erklären, wien dat ass?

Raskin Virun 2-3 Joer huet den CNFL een Appel un déi jonk Frae geriicht, sech zesummen ze dinn. Entstan ass eng „Commission des jeunes“ vum CNFL, déi awer selbststänneg fonctionnéiert, an nieft jonke Fraen, haaptsächlech Studentinnen, och e puer jonk Männer derbäi huet, déi sech fir Gläichberechtegung a Chancegläichheet asetzen.

Becker-Bauer Déi Jonk notzen dobäi virun allem déi nei Medien, an hunn och ee interessanten, eegenen Internet-Site an ee Blog. Si ginn an d’Schoule fir déi aner Jonk fir d’Chancëgläichheet ze sensibiliséieren a bidden Atelieren un. Flott ass, datt hiert Engagement eescht geholl, a sech an Zeitungsartikelen mat hire Positiounen ausernaner gesat gëtt.

Et ginn och ëmmer nach alldeeglech Saachen, wou een de Kapp rësele kann. Zum Beispill froen ech mech, wéi et si kann, datt de Parquet, wann e mer en Extrait aus dem „Casier judiciaire“ schéckt, een duebelen Numm op d’Envelopp schreift, obwuel ech an der Demande meng Adress mat mengem Numm genee uginn hunn?

Raskin Där Saachen gëtt et tatsächlech ëmmer nach. Hei am CNFL iwwerpréiwe mer ë.a. déi ëffentlech Formulaire ganz genau.

Op wéi enge Gebidder wëll den CNFL sech an dësem Joer respektiv an deenen nächste Jore méi speziell asetzen?

Becker-Bauer Dëst Joer sinn natierlech eng Rei Manifestatioune ronderëm 100 Joer Walrecht virgesinn. Dann huet, wéi scho gesot, den CNFL d’Coordinatioun vun der „Orange Week“ vun dësem Joer iwwerholl, wou d’Sensibiliséierung fir déi psychesch Gewalt eng grouss Roll spille wäert. An eiser Aarbecht soll den Accent och drop geluecht ginn, datt Deelzäitaarbecht Deelcotisatioun an Deelrent bedeit.

A wat sinn allgemeng d’Erwaardunge vum CNFL un déi nei Fraeministesch?

Becker-Bauer Déi Erwaardunge si ganz héich! Mir haten en éischt Gespréich mat der Madame Bofferding, an de Kontakt war ganz positiv. Mir sinn deemno ganz optimistesch. An no véier Joer maache mer dann de Bilan.

Méi Informatiounen: www.cnfl.lu