LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Wat et mat där neier Wärung op sech huet

Facebook huet viru kuerzem ugekënnegt, eng eegen digital Wärung „Libra“ op de Marché ze bréngen. Dat huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt, virun allem bei der Politik, well Facebook ee systemrelevante Player an der Geldverwaltungs- a Geldpolitik kéint ginn. Wat elo genau déi Kryptowärung „Libra“ fir eis bedeit, gitt dir am Artikel gewuer.

Den neoliberalen éisträicheschen Ökonom Friedrich Hayek huet a sengem bekannte Wierk „Entnationaliséierung vum Geld“ dovu gedreemt, datt déi verschidde Wärungen op der Welt am Wettbewerb stoe sollen, fir datt d’Suen esou stabil wéi méiglech solle sinn. Hien géif dowéinst de Virstouss vu Facebook guttheeschen.

Facebook huet dës Kryptowärung fir d’nächst Joer annoncéiert. Ee genauen Datum ass nach net festgeluecht, well Facebook nach juristesch a praktesch Froe kläre muss. D’Iddi ass, datt een ouni eng zousätzlech Primm an d’Ausland iwwerweise kann oder senge Frënn oder Famill séier Suen iwwerweise kann. Dat soll iwwer Facebook-Messenger, Whatsapp oder Calibra méiglech sinn.

28 Entreprisen involvéiert

Déi sougenannte Facebook-Wärung gehéiert net Facebook eleng, mee engem Konsortium „Libra Association“ an dee besteet aus 28 Entreprisen, dorënner Visa, Mastercard, Uber, Paypal oder Spotify. Och wa Facebook d’Wärung „Libra“ net eleng kontrolléiert, ka Facebook d’Transaktiounsinformatioune vun den Notzer*Innen gesinn. Facebook huet dozou gesot, d’Informatioune vu Facebook an der „Libra Association“ ze trennen, mee Kritiker si skeptesch, ob Facebook sech dorun hält. Een Internetgigant, deen zousätzlech zu de Facebook-Daten och d’Verhalen iwwert d’Bezuelen analyséiere kann, ass geféierlech.[1]

Anescht wéi bei de Bitcoins, ass „Libra“ un déi traditionell Wärungen, wéi zum Beispill den Euro, US-Dollar a Yen, an och u verschidde Staatsemprunte gekoppelt. Doduerch soll d‘„Libra“ keng esou grouss Schwankungen hunn, wéi de Bitcoin se huet. Do kommen och méiglecherweis Gefore fir déi bestoend Reguléierunge vun Zentralbanken op.

Ee Problem ass, datt déi 28 Finanz- an Digitalentreprisen duerch „Libra“ d’Suen privatiséieren. Wann ee Brochdeel vun deenen 2,2 Milliarde Facebooknotzer*Innen „Libra“ benotzen, da lafe vill Transaktioune parallel zum traditionelle Bankesystem an de bestoende Reguléierungen. Dat kann zu Geldwäsch féieren an d’Geldpolitik vun de Staaten ënnergruewen. Och ass nach net bekannt, ob d‘„Libra Association“ verbidde kéint, „Libra“ an eng aner Wärung zréckzetauschen. Zudeem ass et och nach net gekläert, wéi sécher d‘„Libra“ an der Zukunft ka sinn.[2]

D’Thema iwwert eng digital Wärung ass prinzipiell keng nei Informatioun, mee et geet dorëms, ob privat Entreprisen an dee „Marché“ als grousse „Player“ matmaache sollen. Well Schweden huet schonn d’digital schwedesch Kroun, Russland plangt de digitale Rubel oder och d’EU iwwerleet, fir de digitalen Euro anzeféieren. A Schweden kann ee schonn Apps oder Prepaid-Kaarte mat der digitaler Kroun kafen.[3]

Et bleift ofzewaarden, bis déi digital Wärung „Libra“ op de Marché kënnt a wéi eng Konsequenzen opkomme wäerten. Mee bis dohi muss sech op europäescher an op internationalem Niveau Méi gemaach ginn, datt d’Politik der digitaler Revolutioun hannedru komme kann.

Quellen a Links

1)  tinyurl.com/a500wlibra1
2)  tinyurl.com/a500wlibra2
3)  tinyurl.com/a500wlibra3