LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: Hongkong: D’Aktiviste fuerderen international Ënnerstëtzung

Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider.

Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997 zeréck u China gaangen, mee huet ee spezielle politesche Status fir 50 Joer kritt. Hongkong ass eng chinesesch Sonderverwaltungszon, a säithier gëllt de System „Ee Land, Zwee Systemer“. Dat heescht, datt déi 7 Milliounen Hongkonger ënnert der Souveränitéit vu China stinn, mee si hunn awer „d’Chance“ méi - mee net esou wéi mir dat Privileeg hunn - Rechter a puncto Meenungs- a Demonstratiounsfräiheet kënnen ze hunn, wéi déi chinesesch Bevëlkerung.

Fënnef Haaptfuerderungen

Och well déi Regierung aus Hongkong elo dat ëmstriddent Gesetz zeréckgezunn huet, protestéieren d’Hongkonger nach ëmmer. Do-wéinst ass et wichteg ze verstoen, firwat d’Leit awer nach ëmmer op de Stroossen sinn. D’Chefadministratorin vu Hongkong Carrie Lam wäert de Mëttwoch offiziell am Legislativrot d’Gesetz zeréckhuelen. Domat wier dann déi éischt Fuerderung vu fënnef erfëllt.

Déi zweet Fuerderung ass eng Aféierung vun enger onofhängeger Kommissioun, déi sech ëm d’Enquête vu Policegewalt këmmere soll. D’Poliziste kënnen esou an d’Responsabilitéit gezu ginn a kënnen sech dann net méi hannert der Regierung verstoppen. Dës Fuerderung gëtt elo ëmmer méi wichteg fir déi Hongkonger. D’Policegewalt gëtt ëmmer méi brutal an dowéinst maachen och ëmmer méi Leit bei de Protester mat. Si gëtt domadder ëmmer méi zentral.

Déi drëtt Fuerderung ass, datt déi Hongkonger Regierung all déi Demonstranten, déi festgeholl goufen, fräiloosse solle. Zudeem sollen och all hir Reprochë zeréckgeholl ginn. Esou datt spéider näischt méi an hirem Casier stoen dierf.

Déi véiert Fuerderung ass, datt déi Hongkonger Autoritéiten d’Protester net méi als een „Opstand“ deklaréiere sollen. Well an dem Gesetz aus der Zäit vun der britescher Kolonialisatioun ass d’Participatioun un engem Opstand verbueden a ka mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn. Dowéinst soll deen Zoustand changéiert ginn.

Déi fënneft a lescht Fuerderung ass een allgemengt Walrecht, mat fräien an demokratesche Walen. Domat soll da verhënnert ginn, datt déi chinesesch Regierung all Hongkonger Kandidat fir d’eischt akzeptéiere muss, fir bei de Walen zu Hongkong deelhuelen ze kënnen. Esou soll séchergestallt ginn, datt déi kommunistesch Regierung aus Peking keen Afloss méi op Hongkong huele kéint.

Och dëse Weekend sinn dausende vu Demonstranten op d’Strooss gaangen, obwuel ee Protestverbued ausgeruff ginn ass. Et war eng zimlech duerchmëschten Demo, et ware Famillje mat Kanner, reliéis Gruppen, mee och Vermummter mat Masken. Et ass am Ufank alles roueg ofgelaf, mee wou si beim Regierungssëtz ukomm sinn, hu radikal Demonstrante Steng a Brandsätz geheit. Doropshin hu Polizisten Tréinegas op d’Demonstranten agesat.

Am Moment probéiere verschidde bekannte Gesiichter vun den Demonstratiounen international Opmierksamkeet ze kréien. Ee vun deene bekanntsten ass de Joshua Wong, hie war déi lescht Deeg an Europa ënnerwee an huet vill Interviewe mat groussen Zeitungen oder TV-Showe gemaach. Hien huet fir eng international Hëllef opgeruff an zum Beispill Däitschland oder d’USA ëm Hëllef gebieden. Do muss d’EU mat de Wirtschafts- an Handelsbezéiungen op d’Mënscherechter pochen, datt déi och zu Hongkong onbedéngt gëlle mussen.

Quellen a Links:

1) tinyurl.com/a500wProtest1
2) tinyurl.com/a500wProtest2
3) tinyurl.com/a500wProtest3

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun dräi Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner a500wierder.lu an association-narin.com