LUXEMBURG
SAM GRÜNEISEN

Wann een u Computer denkt, komme meeschtens zwou grouss Firmen an de Kapp. Eng Kéier Microsoft, mat hirem Windows Betribssystem, an Apple mat MacOS X. Mä doniewent ginn et nach aner Betribssystemer, déi net vun enger Firma entwéckelt ginn, mä vun eng Wull vu Leit aus der ganzer Welt. De Sam Grüneisen vum Chaos Computer Club erkläert, wat et mat Linux a BSD op sech huet:

„Wëlle mer eis elo mol op Linux konzentréieren, wat an der Press och schonn déi eng oder aner Kéier, ernimmt ginn ass. Linux ass ee fräit Betribssystem, dat jidderee ka benotzen an hëllefe kann, et weiderzëentwéckelen. Fräi muss een hei ganz kloer definéieren. Am Englesche soen se “Free as in free speech, not as in free beer”.

Linux ass 1991 fir déi éischte Kéier erauskomm a feiert soumat dëst Joer, seng 27. De Linus Torvalds, ee finnesche Softwareentwéckler, huet et deemools als Hobby Projet ugefaangen. Hie schafft och nach hautdesdaags dorunner. Mëttlerweil ass Linux eent vun deene meescht benotze Betribssystemer an der Welt. Zwar sinn nach vill Léit, déi et net doheem um Desktop PC benotzen, mä Linux leeft ob ganz ville Serveren, also Computeren, déi um Internet Servicer ubidden, an Autoen an ob sou munch anere Geräter, wou een et net erwaart.

De Computer gëtt hautdesdaags ëmmer méi wichteg an der Gesellschaft. Ëmmer méi administrativ Prozedure beim Staat z.B. säi Casier judicaire ufroen, muss ee mëttlerweil iwwert een Online Service ufroen. Déi klassesch Betribssystemer kaschten awer eng jett, z.B. Microsoft Windows 10 läit momentan bei 150 Euro. Wann een dann nach dobäi rechent, dass een normale Laptop och nach ëm déi 200-300 Euro läit, si mir bei 450 Euro. Dat kann sech net jidderee leeschten. Linux do dogéint ass gratis. Leider setzt de Staat ob proprietär Formater, déi zwar ënner Linux funktionéieren, mä nëmme mat Schwieregkeeten. De Chaos Computer Club Lëtzebuerg fuerdert scho säit Joren, dass de Staat ob oppe Formater soll setzen an aktiv soll Linux benotzen. Doduerch géife mir allen Bierger, Méiglechkeet ginn, sech besser an der digitaler Gesellschaft ze integréieren an dermadder aktiv deelzehuelen. De Staat géif doduerch immens vill Sue spueren, déi an anere Beräicher kéinten investéiert ginn. Jo, natierlech géifen et am Ufank Käschte ginn, z.B fir Léit a Linux auszebilden an déi aktuell Software ob Linux ze portéieren, mä ob laang Dauer géifen sech des Käschten amortiséieren, wéi doduercher, dass ee keng Lizenzkäschte méi misst u Microsoft bezuelen.

Och brauch Linux net vill Ressourcen, et kann also och ob méi eeleren a schwaache Computere lafen. Dëst huet ee puer Virdeeler. Éischtens géife mir esou verhënneren, dass Leit hire Computer ewechgeheien, well dee veraalt ass, fir en aktuelle Windows drop lafen ze loossen. D’Ëmwelt seet eis Merci. Zweetens ginn et och kleng Computeren, déi net vill kaschte wou Linux drop leeft, wéi de Raspberry Pi, ee Computer deen e bësse méi grouss ass wéi d’Carte d’Idenité. Linux ass esou, wéi eis Gesellschaft sollt sinn. Fräi an oppe fir jiddereen. Mir vum C3L mengen, datt eis Gesellschaft méi Linux ganz gutt ka verdroen a roden dem Staat och un, sech dësem wichtegen Thema och endlech mol unzehuelen.“