LËTZEBUERG
ANDRÉ KARIER

Dem André Karier, Präsident vu Pets Angels Luxembourg A.s.b.l., ass et e grousst Uleies, Leit iwwert d’Verhältnisser opzeklären, an deene verschidden Déiere mussen iwwerliewen, an deenen Déieren an Nout och ze hëllefen. D’Membere vun dëser Associatioun këmmere sech virun allem ëm Hënn a Südspuenien, déi oft schlecht behandelt ginn, ouni dass een dofir muss d’Konsequenzen droen. Hien huet eis erkläert, wéisou dat esou ass.

„Pets Angels Luxembourg A.s.b.l. gouf de 15. Juli 2011 gegrënnt. Si besteet aktuell aus siwe Comitésmemberen a kritt reegelméisseg Hëllef vun treie Memberen. Eist Haaptuleies ass et, den Déieren an Nout, virun allem Hënn an Südspuenien (Chiclana de la Frontera), ze hëllefen. Oft gi mir gefrot, firwat mir do hëllefen an net hei an eiser Géigend. Een Haaptgrond ass, dass et a Spuenie keen Déiereschutzgesetz gëtt, sou wéi dat bei eis de Fall ass. Fir vill Spuenier ass hiert Déier just eng Saach. Ass et krank, al oder gëtt net méi gebraucht, gëtt et ausgesat oder an en Asyl bruecht. Gëtt een Déier a Spuenie schlecht behandelt, huet dëst leider oft keng rechtlech Konsequenze fir säi Besëtzer. An hei komme mir an d’Spill, andeems mir enk mat Leit zesumme schaffen, déi do ënne liewen. Si huelen dës Déieren, déi kee méi wëll, op der Strooss fonnt ginn oder an Asyler sëtzen, bei sech doheem op, wou si opgepäppelt a medezinesch betreit ginn. Dëst schléisst an, dass se op Krankheete getest a behandelt ginn, géint Tollwut an allgemeng Krankheeten geimpft, gechipt, sou wéi och kastréiert ginn. Dono liewe si net méi agespaart, mee bei eise Leit doheem. Dëst huet de Virdeel, dass se op ee Liewen an enger Famill virbereet ginn.

Aktuell hu mir ëm 65 Hënn an deenen eenzelne Fleege-famillen, déi eng eege Famill sichen. Méi Informatiounen zu all Hond sinn op eiser Homepage www.pets-angels.org oder op eiser Facebooksäit ze fannen, déi reegelméisseg op deen neiste Stand gesat ginn. All eis Hënn gi no enger positiver Virkontroll ënnert engem Schutzvertrag an nom Bezuele vun enger Schutzgebühr vermëttelt. Duerch Opklärung an de Schoulen hei an a Spuenien, versiche mir ze vermëttelen, dass all Déier e Liewewiesen ass a mat Respekt behandelt soll ginn. Mir hëllefen awer net nëmmen deenen Déieren, déi vun hire fréiere Besëtzer net méi gewollt ginn, mee hunn och reegelméisseg Kastratiounscampagnen, wou jiddereen, dee sech et finanziell net leeschte kann, säin Hond oder seng Kaz op eis Käschte kastréiert kritt. Dëst mam Ziel, dat onkontrolléiert Vermehre vun Hënn a Kazen ze bremsen. Doduerch gi pro Joer iwwer 100 Déiere kastréiert.

Wéi finanzéiere mir dat alles? Pro Joer hu mir 6 gréisser Veranstaltungen, wou een z’iessen an ze drénke kritt. Ausserdeem verkafe mir Memberskaarten souwéi Gadgeten, selwer gebaken Hondskichelcher a selwer gebastelt Accessoiren. Reegelméisseg si mir och op Floumäert präsent, wou mir gespenten Haushaltsartikelen, Deko, Bicher a villes méi verkafen. Vill Leit ënnerstëtzen eis duech Geldspenden oder duerch eng Patenschaft fir een Hond. Och kréie mir vill Sachspenden fir Déieren, sief et Fudder, Decken, Léngten oder Halsbänner, déi mer eemol d’Joer an eng Camionette lueden an erof a Spuenien féieren.“

Wëllt Dir méi iwwert Pets Angels Luxembourg A.s.b.l. gewuer ginn? Da kuckt op der Homepage oder Facebooksäit oder besicht si op enger vun hire Veranstaltungen. Wëllt Dir si aktiv ënnerstëtzen? Da schreift hinne gäer eng E-Mail op petsangels@hotmail.de. Am Numm vun den Déiere soe si Iech Merci