SAMUEL HAMEN

Am Interviewtreffe schwätzt de Lyriker Léon Rinaldetti iwwert säin neiste Gedichtband „Wenn morgens die Kellerassel“

Et ass net einfach, de Léon Rinaldetti ze verstoen. Fir eist Gespréich hu mir eis Rendez-Vous an der Stad ginn, an um kuerz no 11.00 moies sëtze mir am Café „De Reenert“. Um Dësch tëscht eis läit säin neie Gedichtband, „Wenn morgens die Kellerassel“, deen dësdeeg bei den Editions Phi erauskënnt. Nieft eis sëtze Flammänner, déi an hirer krazeger Sprooch fluchen, während virun der Dier um Knuedler d’Bühn fir d‘“Fête de la Musique“ preparéiert gëtt. De Bass vum Soundcheck léisst de Kaffi vibréieren. Am Zentrum vun deem auditive Kuddelmuddel sëtzt de Rinaldetti a schwätzt mat enger immens lueser an duusser Stëmm vu sengem elo schonns fënnefte lyresche Wierk. Wéi gesot, et ass net einfach, hien ze verstoen.

No der éischter Schlupp direkt déi éischt Fro: „Haut schonns e Gedicht geschriwwen?“ „Haut nach net. Gëschter awer. Ech schreiwen d’ganzt Joer iwwer.“ Dës deeglech Schreifroutine mierkt een och dem Rinaldetti sengem neiste Buch un. A fënnef Kapitele sinn eng 150 Haikus zesummekomm, déi den Auteur aus Diddeleng tëscht 1995 an 2015 geschriwwen huet. Den Haiku ass ee formal strengt Gedicht vu just dräi Versen, kënnt aus Japan a behandelt an engem prägnante Bild e Phänomen aus der Natur.

Huet de Rinaldetti keng Angscht, mat sou enger Literatur an Europa wéi een esoteresche Samurai-Lyriker eriwwerzekommen? „Ech wëll op kee Fall als Trittbrettfahrer vun enger Kultur optrieden, der ech net ugehéieren. Ech kann eigentlech keng richteg Haikus schreiwen, well ech jo net aus der Kultur kommen. Ech sinn op der Sich no enger eegener Form. An dofir huelen ech mir all Fräiheeten, déi ech brauch, fir mech auszedrécken.“

A wéi kléngt esou eng lyresch Fräiheet? Dräi Beispiller aus „Wenn morgens die Kellerassel“: „Von Wort zu Wort / die Grashalmbreite / gewichten.“ „Stillleben. Frühes 21. Jahrhundert. / Schneeflocken vereinzelte noch / schwanken und zaudern.“ An: „Es schneit / Asche auf Schnee - / Parmesan auf Nudeln.“ Wann een dës Zeilen sou liest, wéi ee soss d’Gebrauchsuweisung vum Frigo liest, da verléiert ee séier den Interessi dorunner. Ma et lount sech, dem Rinaldetti seng Texter méi dacks ze liesen. Lues fir d‘éischt, dann haart. Fir datt sech déi eenzel Biller opbauen an auswierke kënnen: „De Risiko bei mengem Schreiwen ass, datt de Lieser et ‚just‘ liest. Datt hien et net zouléisst. Ma ech hoffen, datt et awer Leit ginn, déi sech op dës Form aloossen. Vläicht net muer, vläicht net zu menger Liefzäit.

Iergendwann.“ De Gedichtband huet insgesamt 112 Säiten. Ech lancéieren ee stëppelege Versuch, de Rinaldetti aus senger mönchhafter Rou erauszerappen. Am Zuch vun Dikrech an d’Stad hätt ech, soen ech also, dat ganzt Bichelchen een, wa net souguer zwee Mol liese kënnen. An dat, ouni mech wierklech fläissen ze mussen. An u sou eppes huet hien elo zwanzeg Joer geschriwwen? „Ech sinn deeglaang trëppele gaange mat de Manuskripter. D’Gedichter an dësem Buch hunn ech alleguerten op d’mannst 3.000 Mol haart virgelies. Ech schreiwe meng Gedichter ëmmer an der Beweegung. Ech kann net statesch sinn. Et geet mir ëm d’Aktioun. Kierperlech an am Geescht.“

Schreiwen als Ootmen

Da stellen ech d’Fro vun de Froen, virun der et all Auteur grujelt: „Firwat schreifs Du? Wat ass Däi Besoin dohannert?“ D’Kaffismaschinn muelt, dem Rinaldetti säi Gehir och, an no enger Paus stellt hien eng Géigefro, mat der hie meng Fro immens prägnant beäntwert: „Firwat ootmen ech dann? Ech wëll eppes gestalten, eppes an d’Welt setzen. A Poesie ass am beschten dozou geeegent, fir datt sech e Lecteur mat Hëllef vun der Sprooch emanzipéiere kann. Lyrik ass do, fir eis d’Wierder nees spieren ze loossen. Fir datt mir eis erëmfannen an der Sprooch.“

Okay, hien ass wierklech net aus der Rou ze bréngen. Mir bestelle nach eppes, an et wonnert mech deen Ament schonns net méi, datt ech eng gréng Rosport drénken - an de Rinaldetti ee platt Viva-Waasser. Dann ee méi seriöe Sujet. Ee Kapitel vum Gedichtband ass dem lëtzebuergeschen Auteur Jean Krier gewidmet, deen 2013 gestuerwen ass. Wéi eng Zort vu Relatioun hat de Rinaldetti mam Auteur, deen iwwert Lëtzebuerg eraus mat senge Gedichter op Däitsch bekannt gouf? „De Jean Krier ass an deene leschten zwee, dräi Joer ee Virbild fir mech ginn. Sou eppes wéi een Ziehvater, awer op Distanz.“ An aner Virbiller, déi dem Rinaldetti säi Schreiwe beaflossen? „Déi Auteuren, déi ech net verstanen hunn, nach ëmmer net verstinn - dat si meng Favoritten. Paul Celan, Ezra Pound, James Joyce. Ech gi net fäerdeg, hir Bicher ze liesen.“