LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: D’Demonstratioune géint de Regime a fir besser Liewensbedéngungen hu sech am ganze Land verbreet

An de leschten Deeg huet ee vill iwwert d’Protester am Iran héieren. Si sinn ëmmer méi staark ënnerdréckt ginn. Mee firwat protestéieren d’Iraner elo? Wou ass den Ënnerscheet vun de Protester aus dem Joer 2009? Iwwer dës Froe schreiwe mir an eisem éischten Artikel 2018.

Säit e puer Deeg sinn am Iran hefteg Protester ausgebrach. Dobäi sinn am ganze schonn 20 Mënschen ëm d’Liewe komm. Et huet an der Stad Maschhad ugefaangen, eng relativ ekonomesch staark Stad mat zwou Milliounen Awunner. D’Iraner hu

géint déi héich Liewensmëttelpräisser, Korruptioun a géint den héijen Taux vum Chômage protestéiert. De Problem bei deene Protester ass elo, datt si och Parolle géint de Staatsregime gemaach hunn. Dat war dem iranesche Regime dann ze vill, wou d’Protestanten uge-faangen hunn, dem Staatschef Ayatollah Ali Chamenei an dem Regierungschef Hassan Rohani den Doud gewënscht hunn. Déi Protester hunn sech dann am ganze Land verbreet: géint de Regime an och fir besser Liewensbedéngungen.(1)

De President huet versprach, datt mat dem Atom-Traité déi iranesch Wirtschaft wuesse géif, well Sanktiounen annuléiert géife ginn. Mee dat ass net geschitt an et gouf och bei de Sozialleeschtunge gekierzt. Zudeem ass d’Bevëlkerung gedeelt, well een Deel wëll den islamesche System bäibehalen an den aneren Deel wëll e méi moderate politesche System etabléieren.

2009 gouf et och schonn Demonstratiounen am Iran, mee den Ënnerscheed ass, datt sech do alles zu Teheran ofgespillt huet. Zu Teheran ware ca. dräi Millioune Mënschen op de Stroossen, fir géint déi méiglech Manipulatioun vun de Wale fir den Ahmadineschad ze demonstréieren. Déi grouss Zomm vun de Leit ass net duergaangen, eppes z’erreechen. Duerch den Agrëff vum Regime goufen d’Demonstranten ënnerdréckt an et koum bis ufanks vun dësem Joer zu kenge weidere Protester.

D’Taktik huet och geännert, 2009 waren d’Demonstranten all op engem Fléck, wou de Regime se all konnt ënner Kontroll halen. Haut ginn d’sozial Medie genotzt, fir kleng Manifestatiounen iwwert dat ganzt Land ofzehale mat ca. 50 Persounen, an dat geet duer, fir verschidde Parollen a Banner mediewierksam ze positionéieren. Esou kënne si och  séier fortlafen, wann d’Staatsgewalt kënnt. Et sinn och virun allem jonk Leit, déi protestéieren, bis ca. 25 Joer sinn déi meescht al. Dowéinst huet déi iranesch Regierung och verschidde sozial Medie verbueden oder den Internet esou lues gemaach, datt d’Protestante keng Chance méi hunn, eppes z’organiséieren.(2)

D’EU gouf och staark kritiséiert, well ëmmer méi Doudeger an ëmmer méi Gewalt am Iran dokumentéiert gouf. Trotzdeem huet d’Ëffentlechkeet laang

näischt vun engem EU-Ressort héieren. Da gouf een allgemenge Communiqué erausgeschéckt vun der Pressespriecherin vun der EU-Außen- a Sécherheetspolitik Federica Mogherini, datt d’EU d’Situatioun am Iran am A behält an de Regime oprifft, fir d’Meenungsfräiheet ze respektéieren. Och den amerikanesche President huet vill iwwert d’Situatioun getwittert. Den Donald Trump stellt sech hannert Demonstranten a seet, si géife fir d’Fräiheet kämpfen an de Regime soll ausgewiesselt ginn. D’EU taktéiert éischter hannert de Kulissen, a si wëll natierlech net riskéieren, datt den Atom-Traité riskéiert annuléiert ze ginn. Déi amerikanesch UN-Ambassadrice Haley huet och eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff.(3)

                               

Quellen a Links:

1) tinyurl.com/iraninfo1

2) tinyurl.com/iraninfo2

3) tinyurl.com/iraninfo3

 

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Asso-ciatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner

a500wierder.lu an

association-narin.com