DÉIFFERDANG
JACQUELINE KIMMER

Den Déifferdanger Keramik-Péckvillchen 2015 ass do

Elo si se do, frësch aus dem Uewen, den Déifferdanger Keramik Péckvillchen 2015, eng Kreatioun vun der Kënschtlerin Myriam Zimmer-Hoffmann vu Bieles . Inspiréiert gouf sech dëst Joer um Feierkäppchen („Sommergoldhähnchen“).

Den Déifferdanger Keramik-Péckvillchen ass an enger limitéierter Oplag exklusiv am Verkaf de Weekend vum 21. an 22. Mäerz 2015 zu Uewerkuer an der Sportshal um 39. Déifferdanger Hobby- an Konschthandwierkermoart, deen organiséier gëtt vun Hobbydiff94.

Ronn 130 Aussteller maache mat bei dësem traditionellen Ouschtermoart am Süde vum Land. De Maart ass op samschdes vun 11.00 bis 19.00 a sonndes vun 10.00 bis 19.00.