LËTZEBUERGPATRICK VERSALL

Den Tommek presentéiert de 4. Abrëll säin éischten Album

Ma so!“, dem jonken HipHopper Tommek seng éischt Single ass zanter e puer Wochen op Youtube ze gesinn a gëtt e klenge Goût op dem Museker säin éischten Album „Tëschent Humor a Wourecht“, deen de 4. Abrëll am Rocas an der Stad presentéiert gëtt. Den Tommek war virun e puer Deeg bei eis an der Redaktioun an huet bei engem gudde Glas Waasser - mir drénken net während der Aarbecht - mat eis iwwert seng Carrière geschwat.

All Texter vum Tommek

„Ma so mol Tommek, wéi bass du dann un den Titel vun der éischter Single komm?“ wollte mir natierlech vum Mathematik-Student wëssen, deen op der Uni Lëtzebuerg studéiert. „Ma bei eis am Lycée hues de a verschiddene Situatioune mat engem „Ma so!“ geäntwert“, preziséiert den Tom Mersch, wéi den Tommek am biergerleche Liewen heescht. E puer vun Iech wäerten den Tommek scho kënnen: Virun zwee Joer hat hie mat dem Titel „Mlimli & eng Mötsch!“ op sech opmierksam gemaach.

Elo ass et awer net mat enger Single gedoen: 13 Stécker sinn um éischten Album drop, d’Texter komme vum Tommek, d’Beats vun dräi Beatmasteren. Den Tom Mersch hat de John Wolter, Batteur vun der Lëtzebuerger Band „The Disliked“ kontaktéiert, well hien op der Sich no engem Proufsall war; de Wolter ass elo, mam Georges Leuck an Tun Tonnar, ee vun de Beatmasteren. D’Plack gouf vum Tun Tonnar opgeholl; den Tom Mersch ënnersträicht, datt den Tonnar ganz vill Zäit an de Projet investéiert huet. „Den Tun an ech hu während den Opname vill matenee kommunizéiert, hien huet mir wichteg Rotschléi ginn“, erënnert sech den Tom Mersch un d’Aarbecht am Studio. Dat neit Wierk ass op Lëtze- buergesch; mat 16 Joer huet den Tommek seng éischt Lëtzebuergesch-HipHop-Texter geschriwwen, virdrun huet hien, vun elef Joer un op Däitsch gerappt. „Ech hunn et interessant fonnt, mol dat Lëtzebuergescht aus ze probéieren.“

Vum Grunge bis bei den HipHop

De Museker aus dem Norde vum Land gëtt am Alldag fir seng Stécker inspiréiert. „Ech schreiwen dacks Notizen a mäin Handy, versichen, einfach Situatiounen interessant ze gestalten“. Fir „Tëschent Humor a Wourecht“ huet den Tommek sech och mat méi philosopheschen, psychologeschen an och existenziellen Themae beschäftegt, a versicht, sech a verschidde Persounen eran ze versetzen. A „Verluere Kanner“ geet den Tom Mersch der Fro no, wien a wat Kanner prägen, wann si opwuessen. De Museker hat vill Spaass, um Album ze schaffen. „En Album ass gutt, fir sech ze fannen, säin eegene Stil kennen ze léieren“, betount den Tom Mersch. Musek interesséiert hie schonn zanter laangem, iwwert Bande wéi Nirvana ass den Tom Mersch bei den HipHop komm. „Ech hunn Eminem gelauschtert, duerno vill däitschen HipHop vun ënnert anerem Kool Savas. Mëttlerweil awer och englesch Saachen,“ erzielt de Museker.


Dir fannt alles iwwert den Tommek op sengen zwou Säite

www.facebook.com/tmklu - www.youtube.com/tmklux.