NORA SCHLEICH
DIPLOMÉIERT M.A. PHILOSOPH

Philosophie mam Nora

Dës läscht, wéi ech nees eng Kéier iwwert ominéis Machenschafte vu regéierende Staatsleit gelies hunn, huet sech ee Gedankegang entwéckelt, dee mer länger Zäit keng Rou gelooss huet. Et schéngt mer, wéi wann een, deen am Liicht vun enger ëffentlecher Instanz senger Pflicht nogeet, net méi selwer d’moralesch Verantwortung fir dës Handlung oder Décisioun ze droen hätt. Beispillsweis kéint een hei den Zaldot nennen, deen a sengem ëffentlechen Déngscht ganz legitim also dozou verflicht ugesi gëtt, am Krich, zum spezifeschem Ulass, een aner Mënsch ze erschéissen. Dëst ass dann awer net seng eege Schold, hie schéngt och net onmoralesch gehandelt ze hunn, mee en ass ‚just’ senger Pflicht nogaang, an huet gemaach wat d’ëffentlech Funktioun vun him verlaangt huet. Genee esou wéi den Offizéier, deen de Befehl ginn huet, ze schéissen. Dëse gëtt vun der gesellschaftlecher Meenung och meeschtens net per se als onmoralescht Monster ofgestempelt. An wisou däerf ee Minister sech hannert senger Funktioun verstoppen, wann en de Startschoss zu Oflauschteraktiounen an zu dubiéise wirtschaftleche Missiounen aus ‚Staatsraison’ erdeelt? Oder sech dozou entschléisst, getraffen Ofmaachungen z’ignoréieren an ze hannergoen? Géifen dës Evenementer, déi ech elo just ernimmt hunn, vun enger Privatpersoun am Privatliewe veruloosst ginn, wier eist Uerteel ee ganz anert. Dës Persoun, déi e Matbierger erschoss huet, gëtt vun eis all kategoresch als onmoralesch a strofbar gehandelt. Wou kënnt dësen Ënnerscheed hier?

Dës Froe stelle sech doriwwer eraus och aus deeër anerer Perspektiv. Wisou erregt et déi allgemeng Opmierksamkeet, wann eng Persoun aus dem ëffentlechen Déngscht hire Pouvoir mëssbraucht, andeems se sech fir hiert Privatliewen Avantagen aushandelt? Wisou fanne mir et esou extrem verwerflech, wann den Déngschtauto aus dem Ministère fir d’Vakanz geholl gëtt? Oder wann d’Beruffspläng awer nach eemol geännert ginn, obwuel de Plang eigentlech war, dem Buergermeeschterposte nach eng Zäitchen trei ze bleiwen?

Kee vun eis wäert a sou Fäll den éischte Stee werfe kënnen. An awer, betrëfft et eng Persoun an enger offizieller Funktioun, dann ass d’Aschätzung eng aner, an d’Opreegung grouss. Wisou schéngt di moralesch Verantwortung tëscht Privatliewen an ëffentlechem Déngscht ze variéieren?

Verschidden Aspekter dinn sech op, wann d’Erklärung zu dëser Problematik gesicht gëtt. Decidéiert een, eng Tâche am ëffentlechen Déngscht unzehuelen, muss ee verschidde Kompromësser agoen. Wëll ech dem Staat déngen, muss ech meng privat Interessien zeréckstellen, an d’Oneegennëtzegkeet vum Statut vun der staatlecher Amtspersoun unerkennen. Dat Perséinlecht muss also vun der Ausféierung an der ëffentlecher Funktioun kloer getrennt ginn. Mëssbrauchen ech déi ëffentlech Muecht, déi ech elo duerch meng Positioun gewanne konnt, andeems ech se als Mëttel zum Zweck vu reng private Bedierfnesser benotzen, iwwerschreiden ech déi empfindlech Grenz tëscht perséinleche Restriktiounen an ëffentleche Pflichten. D’Gesellschaft ass indignéiert, an d’onmoralesch Affär ëm déi eng oder aner Amtspersoun gëtt sou séier net vergiess. Vergläicht een dëse Szenario elo awer mat verschiddene moralesch problemateschen Eskapaden, déi ënnert dem Schutz vum ëffentlechen Déngscht vollfouert goufen, ass et opfälleg dat d’Schold bei éischter Betruechtung net op d’Eenzelpersoun selwer, déi d’Décisioun ze huelen oder de Befehl auszeféieren hat, also ‚just’ hier Pflicht erfëllt huet, zréck ze goe schéngt. Vill éischter schéngt d’Excuse, een ausféierend Organ vun enger institutioneller Muecht ze sinn, eng Ofsécherung am Fall vu moralesch verwäerfleche Situatiounen ze sinn. Gëtt et eng Individualmoral, déi am Fall vun ëffentleche Positioune verwässert ka ginn? Oder gëtt et eng ëffentlech Moral, déi gänzlech dépersonaliséiert ass, an d’agéierend Persoun selwer net betrëfft?

Ech denke weder dat engt, nach dat anert ass d’absolut Äntwert ob déi komesch Zwiespältegkeet tëscht der moralescher Responsabilitéit am private souwéi am staatleche Sënn. Mee vläicht ginn duerch dës preliminär Gedankegäng verschidde Leit motivéiert, di eege Moralopfaassung ze ënnersichen, an sech ze froen, wat ass fir mech d’Moral? Ënnerscheed se sech vun enger Moral, déi ech als ëffentlech vertrietbar aschätze géif? Dës Froe gehéieren ënnert anerem zur Basisanalys vun all Deontologie-Codex, an et wier duerchaus interessant gewuer ze ginn, wéi déi ëffentlecher Sphär se am rezente Kontext beäntwert huet.