LËTZEBUERG
CHAREL METZ

A 500 Wierder: Wat duerch eng nei EU-Veruerdnung ännert a wat net

Op den 3. Dezember ass an der ganzer EU eng Veruerdnung a Kraaft getrueden, déi de sougenannte „Geoblocking“ reegelt. Kann een also elo alles vun iwwerall bei sech heem liwwere loossen, zum Beispiell Schong aus Däitschland op Lëtzebuerg?

U sech si mer an der EU an engem eenzege Bannemaart, an deem also Wueren a Servicer sech ouni Grenze beweegen dierfen, a jiddereen onofhängeg vu senger Nationalitéit a sengem Wunnsëtz muss behandelt ginn. Dat ass net selbstverständlech, wien ausserhalb vun der EU reest muss zum Beispill dacks fir Entréeën dropbezuelen, well an Auslänner ass.

Besseren Accès op d’Länner-Websäiten

Internetsäiten erkennen awer automatesch, vu wéi engem Land aus een op hir Säit zougräift, beim Beispill mat de Schong wësse se, dass ee grad net an Däitschland sëtzt. Wann de Schongbuttek eng extra Säit fir Lëtzebuerg huet, da kritt een deemno wéi just déi ze gesinn, an domadder och e Choix a Präisser, déi anescht si wéi an Däitschland. Ab dem 3. Dezember muss dowéinst jiddereen Accès op all déi aner Länner-Säite kënne kréien, zum Beispill fir Präisser ze vergläichen – ganz egal, wou ee wunnt a wéi ee Pass een huet.

Dat heescht net, dass d’Firma an der ganzer Unioun déi selwecht Präisser muss ubidden: Wann d’Schong a beispillsweis engem Land grad guer net fort ginn, huet d’Firma nach ëmmer d’Recht, se do zu engem méi bëllege Präis unzebidde wéi am Nopeschland, wou et grad en Hype fir se gëtt. D’Firma muss och net an all Land liwweren, se muss awer erlaben, dass jiddereen d’Schong an deene Länner, wou higeliwwert gëtt, se zu de selwechte Konditiounen a Präisser ofhuele ka wéi een, dee se vun deem Land aus bestellt.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

Ween also zu Iechternach wunnt, huet d’Recht, d’Schong op déi aner Säit an Däitschland sichen ze goen an dobäi déi selwecht Konditiounen ze hunn wéi en Däitschen. Dat kléngt ëmständlech, mee vu dass d’EU de gréisste Bannemaart op der Welt ass, si potenziell immens vill Suen ze verdénge mat Servicen, déi Bestellungen ofhuelen a se bei de Client bréngen.

Ähnlech ass et iwwregens, wann ee Servicen an engem anere Land bucht: Wann zum Beispill eng schwedesch Touristin vun doheem aus en Auto oder en Hotel fir hir Vakanz a Spuenien reservéiert, muss d’Internetsäit hir déi selwecht Präisser (an eventuell Rabatter) gi wéi engem Spuenier, dee vun doheem aus iwwert den Internet bucht.

Mat der Veruerdnung wäert ee wuel och net méi frustréiert sinn, wann ee sech laang duerch eng Säit geklickt huet mee finalement net bezuele kann, well ee keng Kreditkaart aus dem Land vun der Firma huet. Dat ass ab dem 3. Dezember verbueden: Wann eng Säit eng Bezuelmethod an engem Land ubitt, da muss déi Bezuelmethod an der Reegel fir jidderee vun där hallwer Milliard Europäer disponibel sinn.

Bei Netflix a Co. méi komplizéiert

A wat ass mat Spotify, Netflix, Youtube etc.? Ween op ee vun dëse Servicen abonnéiert ass, ka se wéinst enger anerer EU-Veruerdnung bei kuerzen Openthalter an anere Länner weider benotzen, d’Firmen hunn awer hei nach ëmmer d’Recht fir an all Land aner Saachen unzebidden. Dat hänkt domat zesummen, dass d’Auteursrecht zum Beispill a Frankräich traditionell ganz staark ass, wärend et an anere Länner manner grouss geschriwwe gëtt. Zu honnert Prozent ass de Geoblocking also nach net fort, mee ëmmerhi steet an der Veruerdnung, dass an zwee Joer e Bilan gemaach soll ginn, a sech och bei deem dote Punkt Saachen doe sollen.