LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Wéi vill Industrie stécht an de Flouernimm?

Wie mengt, datt d’Leit an den Dierfer fréier nëmme Kéi gedriwwen a Weess geplanzt hunn, dee kënnen d’Flouernimm vun eppes anerem iwwerzeegen. An zwar kann een an de Flouernimm och Indicë fanne fir vergaangen Industrien. Dëst muss een natierlech anescht charakteriséieren, wéi mir eng maschinell Industrie haut gesinn. Et handelt sech virun allem ëm eng Produktioun, déi fir d’Handwierk, mee och fir d’Stéit direkt war.

Sou fënnt een an de Flouernimm relativ vill Beleeger fir eng Kueleproduktioun hei am Land. Déi meescht Nimm enthalen d’Kuele-Wuert selwer an de Forme Kohl-, Koil- a Kuel-. Dës weise wéinst der Schreifweis, mee och wéinst der Etymologie an der Typologie, datt et sech ëm méi eng al Form vu „Köhlerei“ handelt, déi duerch d’ganzt ruraalt Lëtzebuerg verdeelt war. Et fënnt een esou Flouernimm an alle méigleche Varianten, dorënner och Nimm wéi Kuelewiss, Kuelegriecht an och Kuelebrenner, déi kloer weisen, datt et sech hei ëm d’Produktioun vun Holzkuelen handelt. Donieft gëtt et awer Nimm wéi Kuelebierg a Kuelegronn, déi net ausschléissen, datt och scho fréi Stengkuel aus dem Buedem geholl gouf. Dës Nimm kommen allerdéngs net ganz dacks vir.

Da gëtt et och nach d’Ko(c)ken-Nimm. Dës weise wéinst der sproochlecher Form op eng méi spéit, awer schonn am Industrie-Zäitalter ugewannte Kueleproduktioun hin. D’Wuert ass nämlech eent vun deene méi fréie Wierder, déi aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht komm sinn.

Wéi an England d’Zäitalter vun der Industrie agelaut ginn ass, hu sech gewëss Elementer och bei eis verbreet, sou eeben och eng groussflächeg Kueleproduktioun, fir den Energiebedarf vun der Industrie ze decken. Dobäi ass dann net nëmmen d’Iddi vun der moderner Industrie iwwerholl ginn, mee och d’Wuert fir d’Kueleproduktioun.

Datt et sech hei ëm méi eng grouss an industriell Approche gehandelt huet, gesäit een dorun, datt déi meescht Nimm mam Wuert Koke oder Kocke virun allem virkommen, fir d’Bierger ze bezeechnen, aus deenen d’Stengkuelen erausgezu gi sinn, a fir Scheieren, an deenen d’Koke gelagert goufen. Sou och op der Kockelscheier, wou et donieft och de Flouernumm Kuckelsbësch gëtt, an deem och dat Wuert Koken drastécht.