DIDDELÉNG
SIM

Summerserie: Déi kulturell Offer an der Gemeng Diddeléng

Kultur spillt sech net nëmmen an der Haaptstad of. A villen aneren Ecker vun eisem Land kommen d’Awunner an d’Visiteuren a kultureller Hisiicht och op hir Käschten. D’Gemengen hunn eng kulturell Offer op d’Been gestallt, mat där si sech net ze verstoppe brauchen. Fir eis Summerserie hu mir bei hinnen nogefrot a si fënnef Froe beäntwere gelooss. Haut ass et un der Gemeng Diddeléng.

Wat fir ee Stellewäert huet d’Kultur an Ärer Gemeng?

Säit den 80er Joeren huet Diddeléng sech kulturell ëmmer weiderentwéckelt a gehéiert haut zu den Haaptakteure vun der Kultur zu Lëtzebuerg. Eng grouss Palette vu kulturelle Manifestatiounen an e gewëssen Eklektismus charakteriséieren hiert kulturellt Profil. De regionale Kulturzentrum CCRD opderschmelz, den CNA, d’Centres d’art Dominique Lang an Nei Liicht, de Waasserturm mat der permanenter Expo „The Bitter Years“ vum Edward Steichen sinn déi kulturell Haaptinstitutioune vun dëser Stad.

Awéifern gëtt déi lokal Kulturzeen ënnerstëtzt?

D’Stad Diddeléng investéiert zéng Prozent vun hirem Gesamtbudget an d’Kultur (Programmer, Infrastruktur, Personal a sou weider), sou vill zum Stellewäert vun der Kultur zu Diddeléng, de Chiffer schwätzt scho fir sech selwer. D’lokal Kulturzeen ass elo net esou riseg, mä d’Gemeng ennerstëtzt ëmmer Initiativen an der Musek duerch Engagementer vu Lëtzebuerger an Diddelénger Museker. Diddelénger kulturschaffend Veräiner, woubäi ee kann déi zwou Harmonien ervirhiewen - d’Harmonie Municipale an d’Harmonie Forge du Sud - hunn hir extra Proufsäll am Kulturzentrum opderschmelz zu hirer exklusiver Notzung. Jonk Kënschtler kréien d’Méiglechkeet, fir auszestellen, jonk Museker kënnen hir CDe virstellen. Ordinär an extraordinär Subsidië gi verginn. Relativ nei ass elo d’Initiativ vun der „Residenz“, Museker, Kënschtler a Schrëftsteller, lëtzebuergesch awer och international, wunnen a kreéieren zu Diddeléng an engem Haus, an enkem Kontakt mat der Bevëlkerung.

Firwat si kulturelle Manifestatioune wichteg fir d’Gemengeliewen?

Kulturell Manifestatioune si fir Diddeléng wichteg, fir Liewen an d’Stad ze bréngen, Awunner a Visiteuren aus anere Gemengen an aus de Grenzgebidder, Lëtzebuerger an Auslänner zesummen ze bréngen. Héijen Niveau vun de Manifestatiounen, speziell Saachen, déi ee soss net hei am Land an och der Regioun an där Form fënnt, hiewen déi „Diddelénger Kultur“ ervir. Scho säit ville Joeren gëtt Diddeléng, déi sech selwer zu Recht als „Ville des cultures“ bezeechent, wiesentlech Impulser an der nationaler Kulturzeen.

Wat sinn déi besonnesch Highlights?

Haaptsächlech den Jazz gëtt et scho säit 25 Joer zu Diddeléng, esou dass ee ka soen, dass Diddeléng ënner anerem och d‘„Haaptstad vum Jazz“ zu Lëtzebuerg ass, net zulescht elo als „Apotheose“ den Diddelénger Jazzfestival „Like a Jazz Machine“ all Joers am Mee. Zu Diddeléng ass hei am Land d’Fête de la Musique aus der Daf gehuewe ginn, grad esou wéi d’Celtic Celebration, den éischte richtege Festival hei am Land mat keltescher Musek, d’Fête des cultures, d’Butschebuerger Buergfest, a sou weider.

Op wat däerfe sech d’Awunner an d’Visiteuren an den nächste Méint freeën?

D’Programmatioun vum CCRD opderschmelz ass multikulturell, multidisziplinär, diversifiéiert, usprochsvoll. D’Antrëtts-präiser si sozial, well et soll jo jidderengem méiglech sinn, en Accès zur Kultur ze hunn. All dat reflétéiert sech och nees am Programm September-Dezember 2016. Highlights sinn ënner anerem d’Fête des cultures den 1. an 2. Oktober op der Gemengeplaz, mat ënner anerem där réputéierter Band Quadro Nuevo. Am Jazz grouss Nimm wéi de Louis Sclavis, de norwegeschen Trompettist Nils Petter Molvaer, den amerikanesche Saxophonist James Carter, dee jonke genialen Trompettist Christian Scott, den Duo Marc Copland um Piano an John Abercrombie, ee vun dene gréissten Jazz -Gittaristen op der Welt. Op all dës Saache kann ee sech elo scho freeën, grad sou wéi op d’Lëtzbuerger Museker wéi den Trio Reis-Demuth-Wiltgen, dem Marc Mangen seng Luxembourg Jazz Messengers, déi op spannend Aart a Weis Lëtzebuerger Vollekslidder „verjazzen“, déi talentéiert klassesch Pianistin Cathy Krier, an d’Songwriterin Claudine Muno. Theater, Nei Musek, Blues Night, Konferenzen, dee flotten Chrëschtdaagsconcert mat der Sinatra Tribute Band an deem bekannte Sänger Max Neissendorfer rënnen dëse räichhaltege Programm of. An de Centres d’arts fannen mir och eng Ausstellung vu jonken talentéierten Diddelénger Kënschtler wéi d’Temy Debanck an de Mike Zenari.


All dat an nach vill aner flott Saachen, mat de geneeën Daten, Zäiten a Präiser fannt Dir op de Websites www.dudelange.lu an www.opderschmelz.lu