LËTZEBUERG
KIM ZOENEN

A 500 Wierder: USA vs. EU - Wat ass en Handelskrich?

Säit e puer Wochen héiert ee vum Handelskrich zwëschen den USA an der EU. Den amerikanesche President Donald Trump huet fir Stol an Aluminium Stroftaxen agefouert, fir déi amerikanesch Entreprisen ze protegéieren. Doropshin huet d’EU-Kommissioun och Stroftaxe lancéiert op Whisky, Harley-Davidson, Peanut-Butter a Jeans. Wat bedeit een Handelskrich iwwerhaapt? Dat gitt Dir dës Kéier an der Rubrik „A 500 Wierder“ gewuer.

Schutz vun der eegener Ekonomie

Een Handelskrich ass (1), wann ee Land mat Stroftaxen op Wueren, déi am Ausland produzéiert goufen, een anert Land attackéiere wëll. Dat attackéiert Land reagéiert dann och mat Stroftaxen op verschidde Wueren. Stroftaxe sinn extra Taxe fir Wueren aus anere Länner, fir déi eege Wueren a soumat och déi national Ekonomie ze protegéieren.

E Blog zu aktuellen Evementer an der Welt

A 500 Wierder

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin de  Blogprojet A 500 Wierder gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu Quellen a Links zu dësem Artikel: 1) tinyurl.com/a500whandels1 2) tinyurl.com/a500whandels2 3) tinyurl.com/a500whandels3 4) tinyurl.com/a500whandels4

Ee Grond vum sougenannten Handelskrich kënnt vum Donald Trump sengem Walverspriechen, datt hien déi amerikanesch Industrie protegéiere wëll virum bëllege Stol aus China. (2) Hie seet, datt aner Staaten d’USA an domat hir Industrie mat Dumping-Präisser zer-

stéiere wëllen. Doduerch géifen d’Stol- an d’Aluminiumaarbechter hire Beruff verléieren. Een anere Virworf vum amerikanesche President ass d’Kritik un Däitschland, wéinst dem enormen Exportiwwerschoss vu Wueren an dem geréngen Import. No den Ukënnegungen aus den USA huet d’Europäesch Kommissioun direkt Mesure géint déi amerikanesch Stroftaxe getraff. D’EU an och aner Staaten hu bei der Welthandelsorganisatioun géint déi amerikanesch Mesure reklaméiert.

Fir engem Handelskrich z’entfléien ass den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker op Washington geflunn, fir mam amerikanesche President Donald Trump ze schwätzen. Dobäi ass erauskomm, datt d’USA an och d’EU bereet sinn, Handelsbarrièren, Subventiounen a Stroftaxen ze reduzéieren. Och déi momentan Stroftaxe op Stol an Aluminium sollen ofgebaut ginn. Autoe sollen op deenen zwou Säiten op null Prozent gesat ginn, fir ee fairen Handel ze garantéieren.

Datt den Donald Trump elo op weider Stroftaxe verzichte wëll an op ee Fräihandelsofkommes mat der EU spekuléiert, fällt op den Drock vum Donald Trump senger Partei zeréck. (3) Verschidde republikanesch Senateure si géint dem Trump seng Wirtschaftspolitik, well si fir spezifesch wirtschaftlech Branchen, wéi den Ubau vu Sojabounen immens schiedlech ass. Als Effekt huet dat de Verloscht vun Aarbechtsplazen. Verschidden Analyste schätzen op ee Verloscht vu 700.000 Aarbechtsplazen. Deemno sinn och scho vill Entreprisen, déi hir Produktiounen aus den USA huele wëllen, well duerch d’Stroftaxen d’Produktioun méi deier gouf, wéi zum Beispill General Motors, Whirlpool oder Harley-Davidson.

D’EU soll vun den USA flëssege Gas a Sojabounen ofkafen. (4) Verschidde Staaten sollen dofir Terminale bauen, wou dat flësseg Gas stockéiert gi kann. Den amerikanesche President huet och oft kritiséiert, datt d’EU a virun allem

Däitschland un enger russescher Gas-Pipeline bauen. Dat géif Europa ofhängeg vu Russland maachen, dowéinst sollen europäesch Länner méi flëssege Gas vun den USA kafen, wat och méi deier ass. Wéinst de Stroftaxen aus China op US-Sojabounen, hunn amerikanesch Bauere Problemer, fir hir Sojabounen ze verkafen, dowéinst gëtt spekuléiert, datt d’EU méi Sojabounen importéiere soll.

D’Zukunft vun dem internationalen Handel hänkt dovun of, wéi an op wat sech déi verschidde Parteien eenegen. Den Donald Trump huet an der Vergaangenheet verschidde Fräihandelsofkommes kritiséiert wéi NAFTA oder och annuléiert, wéi dat Trans-Pazifescht Ofkommen TPP.