BONN
LJ

Déi Lëtzebuerger Studentecerclë stelle sech vir - Haut ass et un der „Alesontia“ vu Bonn

Fir vill Studente huet den Eescht vum Liewen sou lues rëm ugefaang. Verschiddener vun hinnen hunn d’Valise scho gepak a si rëm an hirer Unisstad ukomm, anerer däerfen d’Vakanz nach e bësse genéissen. Mir hu mol bei deenen ënnerschiddleche Studentecerclen nogefrot, wat si am Ufank sou bidden, firwat een onbedéngt sollt Member ginn a wat dat Besonnescht un hirer Studentestad ass. Haut ass et um „Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Bonn“ (Alesontia). D‘Äntwerte koume vum aktuelle Comité.

Wat huet Bonn als Unisstad ze bidden?

Mat 300.000 Awunner gëllt Bonn sécherlech net als Groussstad, mä als al Haaptstad huet se nach vill internationale Flair ze bidden: Zu Bonn befënnt sech net nëmmen den Haaptsëtz vun der Deutsche Post AG, der Telekom an Haribo mä och nach eng ganz Rei vu Bundesministerien an den däitschen Sëtz vun der UN. Weiderhin ass a Saache Kultur d’Museumsmeile zu Bonn a ganz Däitschland bekannt. D’Architekur vu Bonn hieft sech am Géigesaz zu anere Stied duerch wonnerschéin al Bauten wéi d’Rathaus, d’Poppelsdorfer Schlass an d’Haaptgebai vun der Uni of. Mä och als Studiestad weess Bonn mat sengem Ambiente ze iwwerzeegen. D’Universiteit genéisst ee gudde Ruff, deen op der laanger Traditioun an deene ville Studiengäng berout: Vun Natur- a Geeschteswësseschafte bis hin zur Medezin a verschiddene Sproochen kann een hei alles studéieren.

Wéi vill Lëtzebuerger sinn ageschriwwen?

Am Wantersemester 15/16 waren 116 Lëtzebuerger op der Uni Bonn ageschriwwen. Dëst Joer wäert et ähnlech sinn.

Firwat sollt ee Member bei iech am Studentekrees ginn?

Mir roden all Lëtzebuerger un, bei eis Member ze ginn, well ee sech bei eis nieft dem Stress an dem Drock aus dem Studium a beschter Gesellschaft oflenke kann. Mir ënnerstëtzen d’Leit vun Ufank un bei der Umellung, der Wunnengssich an natierlech bei der Integratioun an eisen Cercle. Eis Aktivitéite sinn ënner anerem: Fräibéier, Pub-Tour, Bonnympiad (eis Intercercle: hei organiséieren mir eng Rei vu Spiller an der Rheinaue zu Bonn), Chrëschtiessen, eng Assemblé Générale pro Joer an aner Saachen.

Besteet net d’Gefor, sech als Lëtzebuerger ze vill ofzekapselen?

Déi Gefor besteet eiser Meenung no net, well een am Allgemenge mat enger ganzer Rei vu Leit (ofgesi vun de Lëtzebuerger) ze dinn huet: Kommilitonen aus dem nämmlechte Studiegang, Matbewunner aus der WG, Leit aus dem Unisport...

Wéi ass et mam Viruerdeel, dass a Studentencerclen d’Feieren an d’Drénken un éischter Stell steet?

Bei eis am Cercle kënnt et ganz oft vir, dass mir mol zesummen een drénken oder feiere ginn. Un éischter Stell steet awer trotzdeem net den Alkoholkonsum. Eis geet et dorëms, sech zesummen ze ameséieren, eng gutt Zäit ze verbréngen an de Studium méi agreabel ze maachen.

Gëtt et eng Daf?

Jo, mir organiséieren eng Daf pro Joer. Déi dauert een Owend. Hei trieden d’Erstien an Equippen an (Drénk)spiller géinteneen un a kréien eng Rei vun Aufgaben ze maachen. Ausserdeem kënne si fir ee Service (Wunneng botzen, Iessen goen), dee si ubidden, vun deenen anere Memberen „gesteet“ ginn. Zum Ofschloss ginn d’Erstien a gudder Traditioun gedeeft.

Wéi kënnt een un iech oder bitt dir eng Aart „Erëffnungsveranstaltung“ fir nei Studenten?

Als Erëffnungsveranstaltung bidde mir ee Fräibéier un, wou déi nei Studenten déi aner Lëtzebuerger zu Bonn kënne kenneléieren. Dës „Soirée de Bienvenue“ ass mëttwochs, den 19. Oktober. Eise Cercle kann een iwwer eis Mailadress kontakt@alesontia.lu an eis Facebook-Säit kontaktéieren.


www.alesontia.lu