LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

E Sënn fir Inszenéierungen huet de Jérôme Jaminet, de Literaturkritiker vun Eldoradio, op jidde Fall. Mat wäissem Stréihutt an engem Hiem aus Léngent klëmmt hien aus dem Auto, wéi wa mir eis zu Aix-en-Provence Rendez-Vous ginn hätten. Tatsächlech treffe mir eis nieft de Betonssiloen zu Miersch, an dat Ufank Juli, e puer Stonnen, ier am „Centre national de littérature“ de Prix Servais un den Auteur Roland Meyer decernéiert wäert ginn. Mir wëllen eis iwwer d’Literatur zu Lëtzebuerg a besonnesch iwwer d’Literaturkritik ënnerhalen.

Déi ass nach ëmmer respektiv erëm an der Kris. Jee no Kommentar wäert se deemnächst viru lauter Lethargie kollabéieren oder awer vu lauter Amateure géint eng massiv Mauer gejummt ginn. Wat setzt een där Kritik un der Kritik entgéint? De Jérôme Jaminet, deen ee Mol d’Woch um Radio iwwer nei Bicher schwätzt, bréngt d’Formule vun der „Klasse für die Masse“ an d’Spill, eng ambitionéiert a kontinuéierlech Schaff also, déi souwuel am Déngscht vum Buch, ma och vum Lieser steet. Mat enger strenger Ënnerscheedung tëscht Trivial- an Héichliteratur kann a wëll hie wéineg ufänken: „Et ass wichteg, bei der Literaturkritik net nëmmen de Fachkolleg am Ae ze hunn, mä och a virun allem de Lieser an d’Promotioun fir d’Buch.“ Nach aner Regele fir eng credibel Literaturkritik? „Nëmmen deen, deen ee Versteesdemech fir d’Uspréch vun engem Buch huet, ka literaturkritesch schaffen. Nëmmen deen, deen d’Héiflechkeet vun der Däitlechkeet besëtzt, soll eng Kritik schreiwen.“

Well d’Gespréich geféierlech harmonesch verleeft, gëtt elo eng stëppeleg Fro lancéiert: Ob hie sech fir den Job als Kritiker entscheed hätt, well seng literaresch Carrière näischt gi wier? Dem Booklooker seng Äntwert: Nee, hie géif zwar nach heiansdo privat Gedichter redigéieren, mä ee Commentaire iwwer Literatur ze schreiwen, géif him méi zousoen, wéi selwer Literatur ze schreiwen. Zu senge publizéierte literareschen Texter, ze fannen ënner anerem an der 3793-Anthologie vun Hydre Éditions, géif hien awer nach ëmmer stoen.

Zum Schluss nach e puer séier Froen, well mir eis fir d’Remise vum Prix Servais tommele mussen: Dräi lëtzebuergesch Bicher, déi ee gelies muss hunn? „Mumm Séiss“ vum Dicks, „Etwas fehlt immer“ vum Guy Helminger a „Frigo“ vum Claudine Muno. Vu wéi engem jonken Auteur ee sech eppes erwaarden däerf? Vum Valentine Tusa, dat mat 14 Joer de Prix Laurence an der Kategorie fir déi Jéngst gewonnen huet. Beandrockt ass de Booklooker bei der Laureatin virun allem vun der sproochlecher Maturitéit. Wéi gesäit et aus mat Initiativen fir d’Situatioun vun der Literatur a vun der Kritik ze verbesseren? Geplangt wier vill, seet de Jérôme Jaminet, ënner anerem eng regelméisseg organiséiert Revue mat Musék a Liesungen, an där sech dräi Kritiker iwwer Bicher ënnerhalen, eng Anthologie, déi d’Texter vu verschiddene Kritiker versammelt an e Projet, fir an auslänneschen Zäitschrëfte Kritiken zur Luxemburgensia ze plazéieren.

No eisem Treffe fillt et sech am CNL e bësse wéi eng Fauscht op d’Ae un, ewéi de Roland Meyer a senger Ried iwwer d’Literaturkritik hei am Land flucht. Wat fir een Timing. Hie monéiert ënner anerem d’Onloscht vu ville Journalisten, nei Bicher virzestellen, souwéi déi dacks apathesch Reaktiounen op nei kulturell Projetën. Jo, okay, villes dovu stëmmt. An awer muss een den Elan an Engagement vu sou Leit wéi dem Jérôme Jaminet dergéinthalen. Vu Lethargie war deen Owend op jidde Fall näischt ze spieren, a bis op déi elle Siloe gouf et zu Miersch och keng Maueren, géint déi een d’Literaturkritik hätt kéinte jumme loossen.