LËTZEBUERG
LJ

Neie Projet: Maskénada verkeeft d’Kaz am Sak

D’Kaz am Sak keeft ee jo eigentlech net wierklech gär. A scho guer net fräiwëlleg. Ausgerechent de Kënschtlerkollektiv Maskénada (an Zesummenaarbecht mat Coopérations Wooltz an Hydre Editions) wëll engem dës awer elo undréien. A freet och nach Suen dofir! An et soll een och nach bis op Wooltz fueren! Wierklech iwwer d’Ouer geha gëtt ee bei dësem neie Projet awer anscheinend net. Wéi de Misch Feinen, de President vum Kollektiv, virun enger Zäitche schonn am Interview mam „Journal“ gesot hat, soll dat Ganzt „eng ganz spannend Saach“ ginn. Hien huet och déi artistesch Leedung iwwerholl.

Vill gëtt net verroden

Wourëms geet et also bei dëser „Kaz am Sak“? Vill verrode gëtt doriwwer natierlech net, just dëst: D’KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat den Auteure vun Hydres Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plaze ronderëm Wooltz an. D’Leit kafen d’Kaz am Sak, si wëssen net, wou a wat se kucke ginn. Op Basis vun engem Text vun engem Auteur, dee vun Hydres Editions proposéiert gëtt, entsteet eng Kreatioun ronderëm eng Rei Kënschtler vu Maskénada.

Emblematesch Plazen

D’Form vun dëser Kreatioun ass fräi a kann an all méiglech Disziplin ëmgesat ginn, allerdéngs spezifesch fir déi jeeweileg Plaz konzipéiert an och do ausgeschafft. Dës Plaze sinn iwwregens emblematesch fir Wooltz, hunn deemno d’Identitéit an d’Geschicht vun där Stad am Éislek a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutate vun dëse Plazen, déi de Kënschtler den néidege Stoff ginn, fir hire Projet zesummenzespannen.

Besonnesch interessant dierft och nach sinn, dass de Publikum bei dëser Geleeënheet op Plaze kënnt, déi meeschtens net zougänglech sinn, an dës dann och nach an engem anere Liicht kenneléiert. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de Kënschtler entsteet esou eng Ausernanersetzung mat dem kulturelle Patrimoine, der Aarbechtswelt an och den Zukunftsfroen iwwer d’Regioun.

Dräi ënnerschiddlech Spektakele ginn op dräi verschidden Deeg ugebueden, all „Kaz am Sak“ ass deemno eenzegaarteg, respektiv all Kreatioun gëtt ee- bis zweemol op der ausgewielter Platz gewisen. Den éischte Rendez-vous ass den 21. Abrëll.

Wien en Ticket keeft, kritt just matgedeelt, wou en hikomme muss. Do klëmmt een dann an de Bus an dann... tjo, dat gesäit een dann. Als Ofschloss no den dräi Performancë vu „Kaz am Sak“ kënnt iwwregens e Recueil mat den Texter an dem Bildmaterial eraus, fir eng Trace vum ganze Prozess ze behalen.

Dräi Spektakelen

Dräi verschidde Performancë si bis elo zu Wooltz fest ageplangt. De Projet soll awer och 2019 op anere Plazen a Regioune weidergoen.

„Kaz am Sak“ 1 21. Abrëll um 15:30 an 19:30

„Kaz am Sak“ 2 10. Juni

„Kaz am Sak“ 3 24. November

Tickete ginn et ënner www.prabbeli.lu fir 20 Euro (Schüler a Studente 8 Euro, 1.5 Euro mam Kulturpass)

Weider Infoen ënner www.maskenada.lu