LËTZEBUERG
MARIANNE TERMONT-IHRY

An de sozialer Netzwierker gesäit een se ëmmer mol rëm, d’Warnungen, dass iergendwou Gëft-„Köder“ vu Leit fonnt goufen. D’Marianne Termont-Ihry huet dofir eng Petitioun um Site vun der Chamber lancéiert. Am fräien Handel soll de Verkaf vu sou Gëfter verbuede ginn, fuerdert d’Hondsbesëtzerin. Just nach Spezialiste solle sou Gëfter benotzen dierfen.

„Haut ginn et an engem Ëmkrees vun zwanzeg Kilometer oft zwee-dräi grouss Akafszentren, an deenen een alles fanne kann. Liewensmëttelen, Kosmetik, Gezei, Elektro, Miwwelen, Gaardegeschier.… a Rategëft! Jänni a Männi kann inkognito an d’Geschäft eragoen, sech zerwéieren, an der Kees bezuelen a mat senge faarwege Granulater heemgoen. D’Leit an de Keese stelle keng Froen, si huelen un, déi Persoun huet wierklech Raten.… wann se iwwerhaapt eppes unhuelen.…

An ee kranke Geescht huet alles bei Hand, fir

déidlech Häppercher ze mixen. Ee Stéck Wurscht mat engem Grappvoll grénge Kären, ee Wirschtche mat orange Pellets oder eng lecker Bullett Gehacktes mat bloe Granulater... D’Faarf ass egal, de Mupp ass jo faarweblann. Dann d’‚Leckerlien‘ ausleeë goen, oder souguer engem Hondsbesëtzer an de Gaart geheien, a sech schonn an d’Fauscht laachen: eng Fellnues manner, eng Famill am Leed méi!

D’Marion vu Lénger huet esou ee Verloscht matgemaach. Als Member vun der ASA (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn), krut si am Summer 2009 den Emir, ee schokelabronge Labrador, dee sech als eenzegen aus sengem Worf fir eng Ausbildung als Assistenzhond gëeegent huet. No senger Ausbildung bei HandiChien am Frankräich (17.000 Euro), ass den Emir mam Marion a Fleegeheimer a Schoule weise gaangen, wat Assistenzhënn alles fir fleegebedierfteg Leit maache mussen.

Dem Marion säin Emir ass lescht Joer am Mäerz am eegene Gaart vergëft ginn. Hien huet schrecklech misse leiden an ass am Marion sengen Äerm gestuerwen. D’Marion huet zënterhier een neie Mupp kritt, deen net méi ouni Maulkuerf aus dem Haus dierf. Et ass kee béisen Hond, am Géigendeel, mä ze grouss ass d’Angscht, datt och hien eppes Falsches frësst.

Hutt Dir schonn eng Rat gesi stierwen, nodeems se Rategëft gefriess huet? Ech hat dëse Summer zwou Raten am Keller. Mir hunn eng Firma gefrot, well ech selwer kee Gëft kafe wollt. Déi éischt Rat ass quasi virun eisen Ae verend. Se huet haart vu Péng gequiitscht an huet iwwerall Bluttflecken hannerlooss. Se ass ënnerlech verblutt. Rategëft verursaacht nämlech eng akut Stéierung vun der Bluttgerënnung durch eng Hemmung vun der Synthees vu Vitaminn K an der Liewer.

Dat ass och dem Emir geschitt. An kuerz virum Neijoer op en Neits zu Péiteng engem dräijärege Boxerweibchen.

De Gedanken hat ech des Ëfteren, mä dat war definitiv fir mech den Ausléiser fir d’Petitioun N° 1467 eranzereechen. De Verkaf vu Gëft muss reglementéiert ginn. Et dierft een es net am fräien Handel kréien. Fréier, ech schwätze vu viru 40 Joer, krut ee Rategëft nëmmen an der Apdikt an d‘Keefer sinn opgelëscht ginn.

Dat wier eng Méiglechkeet fir engem Déieremäerder seng gerecht Sanktioun ze ginn: bis zu 3 Joer feste Prisong an 200.000 Euro Strofgeld.… wat an den Ae vun de betraffe Muppefamilljen nach vill ze wéineg ass!“

Direktlink zur Petitioun, déi nach bis den 20. Februar ënnerschriwwe ka ginn: tinyurl.com/Petitioun1467