SAMUEL HAMEN

En Dossier zum Sujet „Literatur a Gesondheet“, zu dem virun dräi Wochen e Colloque zu Miersch ofgehale gouf

E Buch ass kee Medikament, do si mir eis alleguerten eens. E Roman ass keen Antibiotikum, dat ee just jicke muss, fir eng präzis Krankheet ze heelen. An awer ass et net ganz falsch, d’Liesen a besonnesch d’Schreiwe vu Literatur als eng Zort vun Immunaktivitéit opzefaassen. An Zäiten, an deene Vokabele wéi „Achtsamkeit“, „gesonde Lifestyle“ an „work-life-balance“ ëmmer méi populärrelevant ginn, ginn op ee Mol och d’Aktivitéiten ronderëm d’Buch aus där spezieller Perspektiv eraus interessant.

Tatsächlech ginn et sproochpsychologesch Recherchen, déi e Lien tëscht kierperlecher Fitness an engem expressive Schreiwe zéien. An enger Rëtsch Studië konnt den amerikanesche Psycholog James W. Pennebaker noweisen, datt Studenten, déi all Dag fir 15 Minutten iwwert traumatesch Experienze geschriwwen hunn, op laang Siicht manner dacks beim Dokter waren a sech kierperlech a mental méi gesond gefillt hunn. Dat heescht natierlech net, datt jiddereen op ee Coup seng Krankheet lass gëtt, wann hien oder hatt eppes op ee Blat krozelt. Ma d’Schreiwe kann awer een Deel dozou bäidroen, fir datt e Mënsch en ganzheetlecht Gefill vu sech, sengem Kierper a senger Psyche kritt.

A wou, wann net an der Literatur, kann dat geschéien? Bei engem Roman kënne mir verschidde Rollen anhuelen a friem Perspektiven empathesch novollzéien. Mir kënne mat gelongene Metaphere Biller an d’Welt setzen, déi eis hëllefen, Experienzen ze gräifen an ze verstoen, déi eis soss sproochlos gemaach hätten. An der Sproochphilosophie huet sech fir dëst Konzept de Begrëff vum „self narrative“ etabléiert.

Rezent Beispiller aus Lëtzebuerg sinn der Sabrina Gérard hirt autobiographescht Buch „Don’t feed me. Meine Magersucht - gekämpft und überlebt“ an der Paule Daro hire Roman „Angesichts des schwarzen Lochs“, an deem et ënnert anerem ëm Depressioune geet. Et si couragéiert Beispiller, déi méi wéi e just voyeuristesch Kokettéiere mat der eegener Krankheet sinn. Béid Bicher weisen, wat Literatur leeschte kann, nämlech de Krankheeten, déi jo ëmmer och destruktiv sinn, eppes Produktives an Artistesches entgéintzesetzen. Eppes, dat dobäi hëlleft, sproochlech an existenziell souverän ze bleiwen. An dat ass jo nawell net wéineg.

Ufank September huet d‘“Sociéte Luxembourgeoise de Littérature Générale et Comparée“ (kuerz: SLLGC) eng Konferenz zum Thema „Literatur a Gesondheet“ organiséiert. Ee Gespréich iwwert d’Ziler, den Oflaf an d’Erkenntnisser vun der Konferenz.

Wat war fir Iech den Ulooss, Iech mat „Literatur a Gesondheet“ auser-neenzesetzen?

SLLGC Déi lescht Konferenze vun der SLLGC hu sech mat engem bestëmmte Genre beschäftegt: 2011 war et d’Kannerliteratur, 2014 de Krimi. Dës Kéier wollte mir déi komparatistesch Vocatioun vun der SLLGC betounen. Mir wollte froen, wéi d’Literatur mat anere gesellschaftleche Beräicher interagéiert hannert dësem Colloque steet also net just e literaturwëssenschaftlecht, mee e méi breet kulturwëssenschaftlecht Interessi. A mir hunn d’Iddi immens interessant fonnt, ze kucken, wéi e Verhältnis d’Literatur zur Gesondheet an zur Medezin kann hunn.

Wéi eng speziell Kompetenzen hunn Auteuren, fir sech dem Thema Gesondheet a Krankheet unzehuelen? Ass dat net de Metier vun Dokteren?

SLLGC Interessanterweis ginn et an der Literaturgeschicht vill Beispiller fir eng Verknäppung vu béide Beruffer: De François Rabelais, de Friedrich Schiller, den Arthur Conan Doyle, de Gottfried Benn an den Anton Tschechow kenne mir virun allem als Schrëftsteller, mee si waren och Dokteren. Op eisem Colloque hu mam Marc Graas a Michel Clees och zwee esou genannt „Dichterärzte“ iwwert d’Verhältnis vu Literatur a Medezin geschwat. Den Auteuren hir speziell Kompetenz läit ebe grad doranner, en anere Bléckwénkel op Gesondheet a Krankheet ze hunn an deen ze versproochlechen.

Mir hu während eisem Colloque zwou Méiglechkeete kennegeléiert, wéi sech Literatur a Medezin ergänze kënnen: Op där enger Säit ka Literatur als eng Zort vun Heelmëttel agesat ginn, wéi et zum Beispill bei der Bibliotherapie gemaach gëtt, si kann de Patient a säin Entourage dobäi ënnerstëtzen, mat der Krankheet ëmzegoen. Op där anerer Säit ka Literatur a Literaturwëssenschaft och bei der Ausbildung vu Medeziner agesat ginn: Nieft dem Fachwëssen mussen Dokteren a Fleegepersonal och eng gewësse Sensibilitéit léieren a praktizéieren, an dës empathesch Kompetenz kann duerch d’Beschäftegung mat Literatur gefërdert ginn.

Gouf et iwwerraschend Amenter während de Gespréicher?

SLLGC Zwou Saache sinn eis opgefall: Et war flott ze gesinn, dass d’Leit ganz authentesch opgetruede sinn, am Géigendeel zu gewéinlechen akademeschen Tagungen. Dat loung deels um Kader vun der Tagung, deels awer och un deem besonnesche Sujet, dee jidderee betrëfft, als Mënsch an der Gesellschaft.
En Dissens war ëmmer nees de Refus, souwuel vun de Medeziner wéi och vun de Literaten, der Literatur eng däitlech funktionell Roll zouzeschreiwen. Vereinfacht gefrot: Ka Literatur heelen? Oder mécht si krank? Wéi ee Literatur a Konscht aktiv produzéiert oder rezipéiert, hänkt ëmmer vun der perséinlecher Sensibilitéit of, vum kierperlechen, psycheschen an emotionale Kontext, an deem ee sech grad befënnt. E Lieser ka mat sengem biographeschen Hannergrond e Buch ganz nei entdecken. E Schrëftsteller kann aneschters zu senger Aktivitéit stoen.

Wéi ee Resumé zitt Dir aus Ärem Colloquium?

SLLGC Eise Colloque huet verschidde Beiträg versammelt: medezinhistoresch a literaturwëssenschaftlech Virträg, Erfahrungsberichter aus Schreifatelieren, Liesungen, Ausstellunge vu Biller a Fotoen. Eng allgemeng Erkenntnis: d’Relativitéit vun de Konzepter Gesondheet a Krankheet. De Medezinhistoriker Florian Steger huet um Beispill vun engem mongolesche Meedche gewisen, dass je no Kultur an Epoch eng Persoun als „krank“ respektiv „gesond“ definéiert ka ginn. Ma et kann een och dorop hiweisen, dass et leider och haut nach Leit ginn, déi mengen, Homosexualitéit wier eng Krankheet, déi kéint geheelt ginn. Esou Froe sinn grad am Moment ganz aktuell, wou eis Reklammen, Medien an eng ganz Rei vu Coaching-Bicher virschreiwen, wéi mer eis gutt ze fillen hunn. A well d’Literatur sech ganz besonnesch fir subjektiv Erfahrungen interesséiert, erlaabt se engem och kritesch géigeniwwer vun deem Gesondheetskult ze sinn.

En Donneschden an zwou Wochen, den 20. Oktober, fannt Dir op dëser Plaz eng Kritik vum Francis Kirps sengem Roman „Die Klasse von 77“.

Iwwert Krankheet schreiwen. A géint se uschreiwen? Der Sabrina Gérard hirt Buch „Don’t feed me“. Foto: Passionbooks - Lëtzebuerger Journal
Iwwert Krankheet schreiwen. A géint se uschreiwen? Der Sabrina Gérard hirt Buch „Don’t feed me“. Foto: Passionbooks