LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

„The gulf (between you and me)“ vum Pierre Joris am TNL

Stéchwuert: Deepwater Horizon. Wéini war namol d’Ueleg-Katastroph am mexikanesche Golf? 2012, 2009 oder awer vläicht réischt 2013? Sou genee wësse mir dat schonns net méi, mat all deene Katastrophen a Krisen, déi eis iwwer d’Medien ëm d’Klatz geheit ginn. Tatsächlech war et am Abrëll 2010, wéi d’Buerinsel vu „BP“ deelweis explodéiert ass an doduerch déi uergsten Ëmweltkatastroph zënter laangem declenchéiert gouf.

Opschaffe vu fréieren Zoustänn

Am Pierre Joris senger Performance „The gulf (between you and me)“ gëtt den TNL-Public un dëst katastrophescht Zeenario erënnert. Ech soe ganz bewosst net „informéiert“ - dat ass d’Schaff vun Zeitungen, Noriichten a Co. D’Schaff vum Schrëftsteller parkonter dréit sech ëm d’Erënnerung, ëm d’poetescht Opschaffe vu fréieren Zoustänn mat de Moyennë vun der Literatur. D’Schwätzstéck, dat vum Auteur selwer an engem wuertwiertlech furiosen Englesch virgedroe gouf, probéiert sech genee dorunner: Dem schroen Akzident am mexikanesche Golf mathëllef vun enger lamentohafter a lyrescher Sprooch bäizekommen.

Keng linear Geschicht

An insgesamt dräi Deeler mat den Titelen „Dis/aster“, „Love at first sight“ a „Rigwreck“ gi verschidde Perspektiven ageholl, fir d’Evenement méiglechst ëmfaassend ze beschreiwen. Ma et gëtt awer keng linear Geschicht verzielt, mat engem kloren Ufank an Enn; villméi hëlt de Public deel un enger sproochlecher Sichbewegung, déi am éischten Deel an d’Déift vum Mier eroftaucht, genee wéi se och d’Verzweiwelung vun de Fëscher viséiert. Am zweeten Deel fokusséiert sech d’Stéck an enger Zort vun „human interest story“ op eng Fra, där hire Mann beim Akzident op der Buerinsel ëm d’Liewe koum. Hei gëtt d’Katastroph personaliséiert - an doduerch och emotionaliséiert. An der drëtter a leschter Partie gëtt den Zeenario da virun allem als Metapher gelies, déi iwwer dëst konkret Beispill erausweist.

Eescht Konfrontatioun

Komplementär zum Text trëtt de Chouer „The Duke’s Singers“ op, deen ee sech wéi eng Zort vu Verstärker respektiv Modulator virstelle kann. No all Performance-Deel gräifen d’Sänger a d’Sängerinnen ënner der Direktioun vum Jeff Mack bestëmmte Facette vum Text op. Melodiéis ass dat natierlech net. Mee wéi, wa net mat Dissonanzen a Stéierungen, soll een als Kënschtler op esou eng Katastroph reagéieren? Mat de Mëttele vun der „Neier Musek“ gëtt hei eng zweet, ähnlech radikal Approche nieft den Text gestallt, déi d’BP-Akzident als elementare Schock kënschtleresch novollzéie wëll.

„The gulf (between you and me)“ versteet sech als eng vast an eescht Konfrontatioun mat engem Evenement, deem seng Auswierkunge bal net ze gräife sinn. D’Stéck ënnert der Regie vum Andreas Wagner verzielt zwar wéi d’Tagesschau oder d’New York Times vum nämmlechte Géigestand, mee et aktivéiert all seng kënschtleresch Méiglechkeeten, fir op eng aner, nämlech genuin literaresch Manéier, dovun ze schwätzen. Vläicht hëlleft dee Gedanken, fir dëser uspruchsvoller a beandrockend konsequenter Performance méi no ze kommen. Als Anti-News verschreift se sech enger alternativer Verzielweis, an där et net ëm Communiquéën, Meenunge vun Expertën a Politikerbrach geet. Amplaz dofir trëtt dem Pierre Joris säi Schwätzstéck an een aktuellen an imposanten Dialog mat sengem Sujet, mat anere Kënscht a mat der literarescher Traditioun.


Den 28. Oktober um 20.oo kann een d’Stéck eng leschte Kéier am TNL gesinn -www.tnl.lu