LETZEBUERG
TOM HAAS

A 500 Wierder: Wat ass de Paräisser Klimaaccord a firwat e sou wichteg ass

Dem Donald Trump seng Ukënnegung, aus dem Paräisser Klimaaccord erauszeklammen, huet international ganz héi ch Welle geschloen. Den Accord aus dem Joer 2015, dee jo d’Äerderwiermung op maximum 2°Celsius bis zum Joer 2100 begrenze soll, géif den USA a virun allem hirer Ekonomie schueden, sou den Trump. Domadder huet den amerikanesche President ee vu senge Walverspriechen ageléist, och wa vill international Partner dës Decisioun kritiséiert hunn.

Mee wéi eng Konsequenzen huet dës Decisioun fir de weltwäite Klimaschutz? A wat bedeit dat fir de Paräisser Accord, wann den zweetgréissten CO2-Produzent net méi matmaache wëll ?

D’Zil vum Accord ass et, wéi gesot, d’Äerderwiermung op 2°Celsius bis zum Joer 2100 ze begrenzen. Duerno soll just nach souvill CO2 ausgestouss ginn, wéi de Planéit selwer rëm ofbaue kann. Fir d’Ëmsetzung vun dem Zil soll ab 2070 komplett op fossil Brennstoffer (Kuel, Äerdgas an Äerdueleg) verzicht ginn, déi duerch erneierbar Energien ersat solle ginn.

Zolitt Kritik

Een Austrëtt vun den USA aus dem Accord géif dozou féieren, dass insgesamt nëmmen dräi Länner sech net wëllen dem Paräisser Ofkommes verflichten. Dat wieren an deem Fall Syrien, Nicaragua an eben d’USA. Dobäi sinn d’USA ee vun de weltwäit gréissten CO2-Produzente pro Awunner. [1] Nach ni hat e Klimaschutz-Accord esou vill Signatairen.

Aus deem Grond goufen d’USA vun der internationaler Gemeinschaft zolitter Kritik ausgesat. Mee och op nationalem Niveau weist sech Kritik. Niewent enger ganzer Rei Firmen a Groussstied hunn och d’Staate Kalifornien, New York a Washington ugekënnegt weiderhi sech un d’Virgabe vum Paräisser Ofkommes ze halen. Dëst kéint dozou féieren, dass dem Trump seng Decisioun um Schluss net grad esou vill Auswierkungen hätt, wéi am Ufank geduecht.

Op engem politeschen Niveau huet der USA hiren Austrëtt aus engem wichtegen internationalen Traité Signalwierkung. D’Land gëtt domadden eng Féierungsroll an engem vun deene wichtegste globalen Zukunftssujeten op. De Fait, dass d’USA hire Verflichtungen net méi nokomme wëllen, féiert dozou, dass elo aner Acteure sech méi staark an der Responsabilitéit fillen.

Den EU-Kommissiounspresident Juncker, zum Beispill, gesäit de Paräisser Accord net a Fro gestallt. Bei der Energietransitioun géif et keen Ëmdenke ginn, sou de Juncker. Dobäi wëll een dann och verstäerkt op eng méi enk Zesummenaarbecht mat China setzen. China selwer ass zwar dat Land, wat am meeschten CO2 produzéiert, mee och dat Land, wat am meeschten an erneierbar Energien investéiert. [2]

China stéisst am meeschten CO2 aus

China setzt weltwäit mat engem Undeel vun ongeféier 29 Prozent am meeschte CO2-Emissioune fräi a spillt domadden an der Bekämpfung vum Klimawandel eng zentral Roll. [3] De chinesesche Ministerpresident Li bekräftegt dobäi dann och, dass China wëlles huet, sech weiderhin un de Paräisser Klimaaccord ze halen. D’EU a China plangen hir Cooperativen a puncto erneierbar Energien ze verstäerken an zesummen eng Leaderroll am Klimaschutz anzehuelen.

Den ugekënnegten Austrëtt vun den USA féiert bei der internationaler Gesellschaft deelweis zu engem verstäerkte Bekenntnis zum Klimaschutz an dem Paräisser Accord. Trotzdeem gëtt et schwéier, konkret Léisunge géint de Klimawandel ze fannen, ouni een ,,global Player‘‘ wéi d’USA mat anzebezéien. An d’Konsequenze vun enger Absence vun den USA kéinten dowéinst schlëmm sinn. Fir de fréieren UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon gouf et bei enger Ried 2015 um Paräisser Klimasommet ,,kee Plang B‘‘ zum Klimaaccord, well et eben ,,kee Planéit B‘‘ gëtt. [4]

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

D’lescht Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären an fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Woche-Rhythmusfannt Dir op dëser Plaz den Bäitrag. All Artikelen, de Politik-ABC a weider Informatiounen ënner:
http://www.association-narin.com