LËTZEBUERG
LEE WAGNER

A 500 Wierder: Wéi et zu dësem Beschloss an Däitschland koum an ob e realistesch ass

Schonn 2011 huet Däitschland decidéiert, bis 2022 komplett op Atomstroum ze verzichten. Den nächste Schrëtt a Richtung nohaltege Stroum huet d’Bundesregierung dunn de 6. Juni 2018 gemaach. Eng nei Kommissioun, genannt Kommissioun fir Wuesstem, Strukturwandel a Beschäftegung, gouf agesat fir, ënnert anerem, no a no ëmmer méi op ökologeschen a nohaltege Stroum ze setzen. De 26. Januar huet elo déi genannte Kommissioun hire Bericht un d’Regierung weider ginn. Dobäi ass ze betounen, dass dës Kommissioun do ass, fir hir Meenung ofzeginn, ze recherchéieren an e Kompromëss auszeschaffen. D’Politik muss awer duerno d’Decisioun huelen, ob dëst ëmsetzbar ass. Deemno solle bis 2038 déi lescht Kuelekraaftwierker ofgeschalt ginn.

40 Milliarden fir d’Länner

Fir dass dëst méiglech ass, gëtt déi däitsch Regierung bis deen Datum 40 Milliarden un d’Bundeslänner, fir dësen Ausstig ze erméiglechen, ouni dass d’Stroumpräisser an d’Luucht ginn an den Aarbechtsmarché wéi och déi sozial Leeschtungen ofgeséchert sinn. Dei betraffe Bundeslänner si virun allem Nordrhein-Westfalen, Sachsen, Sachsen-Anhalt a Brandenburg. Si géifen am meeschte vun de finanziellen Entlaaschtungen, déi d’Regierung hinnen zousprieche soll, profitéieren. 2032 soll gekuckt ginn, ob et méiglech ass, dësen Ausstig schonn 2035, also dräi Joer éischter ze vollzéien. Dobäi misst dann awer e Kompromëss mat alle Bedeelegte fonnt ginn, virun allem d’Betriber missten domadder averstane sinn.

Eng gutt Partie u Leit sinn dobäi vun deser Entscheedung concernéiert. Vun Aktiviste fir d’Ëmwelt, déi mengen, dass dëse Kompromëss net duergeet, fir d’Ziler vum Paräisser Klimaofkommes ze erreechen, also d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze begrenzen, bis Energiekonzerner, wéi beispillsweis RWE, déi fäerten, Däitschland géif esou seng Wettbewerbsfäegkeet verléieren an d’Stroumpräisser géifen ze séier an d’Luucht goen.

Mat déi wichtegst Fro um Verhandlungsdësch fir dëse Kompromëss zustanen ze bréngen, war wéi séier an a wéi enge Schrëtt d’Gewënnung vu Stroum aus Kuele soll zu Enn goen. Ongeféier een Drëttel vum däitsche Stroum kënnt aus Kuelekraaftwierker. Am Ganze sinn dat 45 Gigawatt, déi just vu Kuelekraaftwierker kommen. Bis 2022 sollen elo 12,5 Gigawatt Leeschtung vum Netz geholl ginn, dovun 3 aus Kuel, da bis 2030 solle just nach 9 Gigawatt Brongkuel an 8 Gigawatt Steekuel um Netz hänken.

Dobäi dierf net vergiess ginn, dass an deem Sektor vill Leit beschäftegt sinn, mee och dorun huet d’Kommissioun geduecht. Deemno sollen d’Betriber finanziell entschiedegt ginn a Reegelungen opgestallt ginn, fir d’sozial Ofsécherung vun den Aarbechter ze garantéieren. E Staatsvertrag soll och déi nächst Regierunge kontraktlech un dëse Kompromëss bannen. Niewebäi proposéiert d’Kommissioun, dass de Bësch „Hambacher Forst“, dee vun RWE sollt ofgeholzt ginn a schonn eng Zäitche vun Aktiviste verdeedegt gëtt, soll erhale bleiwen.

Wann d’Regierung dëse Rapport esou ëmsetze géif, wéi d’Kommissioun et virschléit, géif Däitschland e Virreider fir nohaltege Stroum ginn an e grousse Schrëtt a Richtung ökologesch Zukunft maachen.

Fir méi gewuer ze ginn:

1) tinyurl.com/a500wkuel1 (op Däitsch)

2) tinyurl.com/a500wkuel2 (op Franséisch)