LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Weess, Geescht, Huewer: d’Flouernimm an d’Geschicht vun der Landwirtschaft

Flouernimm sinn Nimm fir onbewunnte Plazen, déi awer eng Roll an der lokaler ruraler Gesellschaft spillen. Dorënner fält eng grouss Zuel vun Nimm, déi direkt Aussoen doriwwer maachen, wéi d’Agrarwirtschaft fréier bei eis ausgesinn huet. Dobäi gouf et geneesou wéi haut och nach zwee ënnerschiddlech Beräicher: d’Felderwirtschaft an d’Hale vun Déieren.

Et kann een eng Rëtsch vu Bezeechnunge fir Kären an de Flouernimm erëmfannen, déi bei eis scho fréier ugeplanzt goufen. Heizou gehéiert och de Weess, dee relativ wichteg war wéinst de Steierlaaschten, well en oft huet missen ofgeliwwert ginn, entweeder un de lokalen Här oder un d’Kierch. Sou sinn och d’Stécker, op deenen de Weess bestallt ginn ass, kloer dono benannt. Et fënnt een zum Beispill bal nëmme Weessfelder a Weessstécker.

D’Geescht kënnt och heiansdo vir, si konnt jo nieft dem Béierbrauen och esou giess ginn. Et fënnt een hei virun allem awer Geeschtfelder a Geeschtgäert.

En Hang fir den Huewer

Vill méi dacks fënnt een den Huewer. Dee war net sou staark besteiert wéi de Weess an esou ass en och fir d’Eegeversuergung geholl ginn. Dat gesäit een och un de Flouernimm. Zwar gëtt et och dat eent oder anert Huewerfeld, mee déi meescht Plazen, déi op Huewer deiten, weisen op eng Plaz hin, déi manner wirtschaftlech ass, dacks an engem Hang läit.

Et gëtt iwweregens keng Indizien op Maisubau an de Flouernimm, well de Mais eréischt am 15. Joerhonnert an Europa komm ass. Déi puer Nimm, déi awer esou ausgesinn oder esou kléngen, sinn anescht ze erklären. Zum Beispill d’Form Maisbich zu Scheedel, déi een an diverse Quellen och als Meisbich, Maeusbich a Meesbech fënnt. Déi lescht Form hei weist op en Zesummenhang mat de Mees-Nimm, also Nimm, déi op kleng eenzel Häff deiten. Dat ass e bësse méi warscheinlech, wéi datt et sech ëm eng Baach voller Mais handelt...

Vu Kéiwee bis Kéionner

D’Flouernimm weisen och op eng Zort Pastoralismus, awer ouni Nomadismus. Déi meescht Flouernimm, déi no Déiere vum Bauerenhaff benannt sinn, soen aus, datt d’Déieren op d’Felder gedriwwe gi sinn. D’Kou ass dobäi tendenziell méi heefeg wéi anert Véi. Et fënnt een hei zum Beispill e sëllege Kéiweeër, op deenen d’Béischten op d’Gewan gedriwwe gi sinn. Oft fënnt een awer och eng Kéidränk, déi natierlech grad bei waarmem Wieder wichteg war. Geneesou war et mat de sëllege Kéionner. Dëse Flouernumm ass mam Wuert ënnert ze verbannen a bezeechent eng Plaz, wou d’Kéi konnten ënnerstoen, fir am Schied ze raschten.