LUXEMBURG
SAMUEL HAMEN

Interview mam Pol Greisch iwwert säi neit Stéck „Äiskal oder eng Zort Alaska“

Mat enger fräier Adaptatioun vum Harold Pinter senger Pièce „A kind of Alaska“ leet de Pol Greisch säin neit Wierk vir. Et handelt vum Nora, enger Fra, déi wéinst enger epidemëscher Schlofkrankheet am Koma loung, no 29 Joer endlech zou sech kënnt a probéiert, rëm d’Upakes iwwert hiert Liewen ze kréien. Mir hu mam Pol Greisch, deen zënter méi wéi 60 Joer an der lëtzebuergescher Theaterzeen aktiv ass, iwwert d’Uleies vun der Pièce, seng Faszinatioun fir den Harold Pinter an d’Inszenéierung ënnert der Regie vum Claude Mangen geschwat.

Dir hutt schonn 1988 an engem Interview gesot, Iech um Harold Pinter géifen z’orientéieren. Dir kommt, schéngt ëss, net vum him lass.

Pol Greisch Ech hu vill vu senge Saache gelies a gesinn. Hien huet immens pertinent Stécker geschriwwen, iwwregens och Szenarie fir de Film. Beim Pinter ass ëmmer eppes Onheemleches dobäi. ’t ass eng Zort Realismus, deen awer gär ëmkippt. E Realismus, deen net sou riicht duerchgezu gëtt, mee Bréch brauch.

Sou schif Detailer, déi sech an ee realistesche Setting drécke…

Greisch Jo, mee speziell de Sujet huet mech interesséiert. Dës Epidemie gouf et am Éischte Weltkrich jo wierklech, vill Leit sinn dru gestuerwen, an et gouf bis an d’fofzeger Joeren eran nach keng Medikamenter géint déi Schlofkrankheet. De Patient ass zwar erëm erwächt, huet awer ënnert de Niewewierkungen uerg gelidden: Seng Liewensqualitéit war besser, mee hie gouf geplot vu Phantasmen a Cauchemaren.

Do gëtt et dann och fir den Theaterschreiwert besonnesch interessant, wann hien dramaturgesch mat der labiller Psyche vun de Figure schaffe kann.

Greisch D’Nora, den Haaptpersonnag, ass komplett doruechter. Et weess ee net, wat mat him geschitt. An lues a lues kënnt ëmmer méi op d’Tapéit, iwwert d’Schwëster an dem Nora seng grouss Jugendléift, de Numa. An hatt traut där Saach net sou richteg, hatt ass ganz méfiant an enttäuscht. 30 Joer huet et geschlof, dat muss een sech virstellen! An op eemol muss hat rëm eens ginn, muss korrekt fonctionnéieren. Schonn alleng géint dat Wuert „korrekt“ rebelléiert hat.

Ech hunn nogezielt, wéi vill Froen am Stéck gestallt ginn. Et sinn der 213. Mee déi eng Äntwert, déi alles opléist, fënnt een net.

Greisch Majo, dat weist jo schonn, wéi aléatoire alles ass, et gi keng Wouerechten, nëmme komplex Situatiounen. De Public weess grad sou wéineg wéi d’Personnagen, wou d’Phantasmen ophalen a wou d’Wierklechkeet ufänkt. An drëpsweis baut sech doduerch eng Spannung op, well den Zuschauer ni richteg weess, wat wierklech wéini geschitt ass a wat geschéie wäert.
Däi Stéck ass eng fräi Adaptatioun vum Pinter sengem Een-Akter vu 1982. Firwat hutt Dir nach een zweeten Akt bäigesat?

Greisch Ech hu mech gefrot: Wéi reagéiert dat Meedchen no 29 Joer Koma? D’Nora huet am Ufank nach eng naiv a romantesch Astellung, nom Motto: Ech hunn esouvill verluer, ech muss an ech wëll dat alles nohuelen. An mat där Energie wollt ech am zweeten Akt schaffen. Beim Pinter sinn et jo just dräi Leit, bei mir da fënnef. No der Äiszäit platzt den zweeten Drama an d’Famill: Aus der Enttäuschung baut sech beim Nora eng Revolt op, déi hatt net an de Grëff kritt.

An Dir hat och keen ze grousse Respekt virum Pinter?

Greisch Fir mech war d’Iwwersetzung oder besser: d’Adaptatioun an d’Viruféierung war am Ufank eng Übung, een Exercice, och fir där besonnescher Sproch vum Pinter méi no ze kommen. Ech war du ganz iwwerrascht, wéi de Claude Mangen mech kontaktéiert huet a gesot huet, hie wéilt dat Stéck lo wierklech inszenéieren. An dës Inszenéierung ass jo eng Optioun vum Stéck, och vum Dekor hir, mat den opgetiermten Äisbierger aus Pabeier, ma awer och eng besonnesch Rausfuerderung fir d’Acteuren.

Däerf ee Stéck mat sou engem Sujet iwwerhaapt gutt ausgoen?

Greisch Krankheete kommen, a kee kann dofir. Dann hat een ebe Pech an et muss een sech debrouilléieren. D’Nora kritt eng Kéier kuerz den Dréi, eng gewëssen Hoffnung wiisst. Dann kennt d’Rechutte an de Misär geet erëm lass, an enger anerer Form. En haart, mee spannent Stéck.

Opféierunge vum Stéck: 5., 6., 17. an 18. Mäerz um 20.00 am Mierscher Kulturhaus