CONTER
LJ

Aalt Trakter-Treffen zu Conter

Den éischte Sonndeg am Oktober ass keen ewéi all déi aner zu Conter. Moies fréi, wann den Niwwel nach iwwer dem Duerf läit, héiert een aus alle Richtunge Geknadders ukommen, an den dezente Geroch vun verbranntem Diesel an Ueleg läit an der Loft. Déi Conter Leit beonrouegt dat schonn laang net méi, well schonn fir déi ningte Kéier ass d’Trakter-Treffen fir Oldtimertrakteren zesumme mam traditionellen Äppelfest zu Conter bei der aler Hal. D’Äppelfest gëtt et scho bal 40 Joer. Den „Club des Jeunes“ vu Conter organiséiert et schonns zanter uganks den 1980er Joren an et ass e feste Bestanddeel vum Duerfliewen zu Conter.

2009 huet de Comité vum „Club des Jeunes“ no enger weiderer Attraktioun gesicht an dat war d’Gebuertsstonn vum Trakter-Treffen. An der Zwëschenzäit gëtt dëst Trakter-Treffe vun der „Conter Mouder a.s.b.l.“ organiséiert. Dëse Veräin gouf virun dräi Joer gegrënnt mam Zil fir al landwirtschaftlech Geschir ze erhalen.

Wann d’Traktoristen, déi aus alle Géigende vun eisem Land an aus der Groussregioun zu Conter ukommen, gëtt et emol eng gutt Taass Kaffi, an deen een oder anere brauch méi ewéi eng Drëpp fir erëm richteg waarm ze ginn. Alleguer zesumme fuere se dann am spéide Moien op e flotten Tour. Op hirem Wee duerch a ronderëm Conter lackelt dëse Spektakel Grouss a Kleng virun d’Hausdieren. Nom Mëttegiessen gutt gestäerkt kann da jiddereen d’Maîtrise vu sengem Trakter um Geschécklechkeetsparcours beweisen. Fachmännesch ginn d’Performance vun deenen eenzelen Traktoristen vum Public analyséiert, a selbstverständlech ka jiddereen et besser. Et muss ee sech just trauen, selwer ze fueren.

Weider Informatiounen oder Méiglechkeete fir sech unzemellen gëtt et op info@contermouder.lu, respektiv op www.contermouder.lu