LËTZEBUERG
STÉPHANIE NEVES DIAS

A 500 Wierder iwwert ee Brexit-Accord, deen héich Welle schléit

No 20 Méint Verhandlungen, hu sech d’britesch Premierministesch an d’EU op en Accord gëeenegt, deen d’Konditioune vum Brexit etabléiert. Dëse Projet gouf dann och vum briteschen Kabinett validéiert, allerdéngs muss d’Theresa May an deenen nächste Wochen eng Majoritéit am House of Commons zesummekréien. Wéisou et am Moment esou vill Diskussioune ronderëm de Brexit ginn, gëtt dës Woch an eisem Artikel diskutéiert.

Verschidde Regierungsmemberen net averstan

Den Accord tëscht der EU an dem Theresa May huet fir eng Rei Kontroverse gesuergt an huet ënner anerem och dozou gefouert, datt eng Rëtsch britesch Ministeren a Staatssekretären de 15 November zeréckgetruede sinn. Den Dominic Raab, dee fir d’Verhandlunge vum Brexit zoustänneg war, ass ee vun dëse Ministeren. Den Haaptgrond, wéisou et dozou komm ass, ass datt hien net mam Deal averstanen ass. Senger Meenung no géif dëse Projet d’Integritéit vu Groussbritannien a Gefor setzen.

A 500 Wierder

E Blog zu aktuellen Evenementer an der Welt

Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin e Blogprojet gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag.

Mee wat gesäit de 585-säitegen Accord iwwerhaapt vir? Ee vun den Haaptpunkten, deen an dësem Dokument opgegraff gëtt, gesäit ënner anerem e sougenannte „backstop“ vir, dee verhënnere soll, datt d’Grenz tëscht Nordirland an Irland nom Brexit retabléiert sollt ginn. Groussbritannien dierft dann och provisoresch bis Enn 2020 an der Zollunioun bleiwen. Allerdéngs verflichte si sech dozou, weiderhin d’Reegele vun der EU an dësem Kontext ze applizéieren. Well och kee britesche Minister nom Brexit am EU-Conseil sëtze wäert, bedeit dat och, datt Groussbritannien keng Decisioune méi matbestëmmen dierf, an datt si sech komplett den Entscheedunge vun der EU ënnerwerfe mussen.

D‘Vertrieder vun de 27 EU-Staaten sollen de 25. November de Projet endgülteg ënnerschreiwen a validéieren, fir datt den Accord viru Chrëschtdag am House of Commons kann ofgestëmmt ginn.

Op hirer Säit misst d’Theresa May, fir kënnen den Accord ze ratifizéieren, minimum 326 Stëmmen am Parlament zesummekréien. D’Conservatives hunn am Moment 315 Sëtz. Et géifen theoretesch also nëmmen nach 11 Stëmme feelen, déi si wahrscheinlech bei der Democratic Unionist Party oder bei der Labour Party misste siche goen. Allerdéngs gesäit et am Moment esou aus, wéi wann d’Oppositioun wéi och dem Theresa May seng eege Partei am Parlament de Konditioune vum Accord net zoustëmme wëllen.

Sollt d’Theresa May am Dezember keng Majoritéit zesummekréien, da riskéiere Groussbritannien an d’EU schlëmmstefalls e sougenannten „No Deal“. En „No Deal“ bedeit net, datt Groussbritannien net aus der EU austrieden dierf, mee datt kee formellen Accord tëscht deenen zwou Säite fonnt gouf, an datt d’Relatiounen och net kloer definéiert sinn. Dëst hätt natierlech drastesch Konsequenzen op britesch Staatsbierger, Consommateuren, Entreprisen etc.

Oder awer Richtung Neiwalen?

Allerdéngs gëtt et ëmmer méi wahrscheinlech, datt d’Oppositioun en „no-confidence vote“ fuerdere wäert. An aner Wierder bedeit dëst, datt Neiwalen organiséiert géife ginn. Dat wieren da schonn déi zweet Walen innerhalb vun zwee Joer, an dës Wale wiere wahrscheinlech och net vu Virdeel fir d’Theresa May.

Wéi et mam Brexit weidergeet wäerte mir an deenen nächsten Deeg gewuer ginn. Nach besti Méiglechkeeten, déi vun „No Deal“ iwwer en zweete Referendum bis zu enger Zoustëmmung vum Brexit-Accord, deen d’Theresa May ausgehandelt huet, ginn.

a500wierder.lu