LËTZEBUERG
JESSICA MERSCH

Wéi een e Spillschoulskand bei Laun hale kann – Tipps vum Bichergeck

De Message vun eiser besuergtener Regierung ass kloer an däitlech - Bleift doheem! Wann een d’Noriichte verfollegt, weess een, dass dës drastesch Moossname gerechtfäerdegt sinn, ma erklär dat mol engem klenge Kand. Et ass schwiereg, all Dag ass eng Zwéckmillchen. Mir si stänneg op der Sich no Normalitéit.

Mamma, gi mir op d’Spillplaz? Wéini kommen d’Boma an de Bopa op Besuch? Kënne mir an d’Schwemm goen? Firwat däerf ech net bei déi Kanner lafen?

Lëtzebuerg huet eng gesondheetlech Kris, d’Schoule sinn zou, d’soziaalt Liewe läit bis op nei Uerder op Äis. Ech bleiwe gär stoen, ech wëll meng Kanner a Matmënsche schützen, ma et ass nawell schwéier, e Spillschoulskand bei Laun ze halen, Langweil kënnt op an d’Frusttoleranz ass héich! Fir Elteren heescht dat - Dauerënnerhalung ass ugesot. Gutt, mir gi reegelméisseg virun d´Dier Vitaminn D tanken, mä e Spadséiergank behält allkéiers e batteren Nogeschmaach. Wéi erklären ech him, dass kënneg Gesiichter Ofstand halen? Dass se béis kucken? Dass et net perséinlech ze huelen ass? Da fille mir eis an onse véier Wänn am wuelsten. Am séchersten.

Vun der Fotell aus an den Zoo

Ech, de Bichergeck krut vum Tessloff-Verlag eng kleng Iwwerliewenskëscht mat Bicher a Léiermaterial zur Verfügung gestallt. Virun e puer Deeg sinn ech mat mengem Meedchen an den Zoo gaangen. An dat gemitterlech vun der Fotell aus, de Bensin hu mer gespuert, an an engems eppes fir d’Ëmwelt gemaach.

„Was ist Was Junior Zoo“ huet eis dës léierräich Rees erméiglecht.

D’Buch ass déck kartonéiert a passt ouni Schwieregkeeten a Kannerhänn, de beschte Versteesdemech fir d’Geschichten hu Kanner tëscht 4 a 7 Joer. Et war eng Freed vu Säit zu Säit ze bliederen an déi ënnerschiddlechst Déiere kennenzeléieren. O, wat hunn déi blo Ae vru Staune geblénkt. - Wéi heescht dat Déier? Wat frësst et? Wéi grouss kann et ginn? Vu wou kommen se? Sinn se geféierlech? D’Wësse gëtt spilleresch vermëttelt, ech hätt net geduecht, dass et e Fësch gëtt, dee Kuckuckslippfisch genannt gëtt. Oder dass en Äisbier bei senger Gebuert esou grouss wéi e Mierschwéngchen ass. Am Buch verstoppen sech ausklappbar Deeler mat allerlee nëtzlechen Informatiounen. Duerch faarweg Illustratioune gëtt et villes z’entdecken, all Detail passt.

Mir haten eise Spaass, deemnächst besiche mir op déi selwecht Manéier e Päerdshaff. Mir waren nämlech scho laang net méi am Stall. Op dësem Wee léiert mäi Meedchen nach méi iwwert de Medizinberäich, eis Drecksmännercher, d‘Polizisten an de Bréifdréier. Ech fannen et wichteg him z’erklären, wisou dës Persounen de Moment esou bedeitend fir eis sinn. Nach ëmmer waren, ouni dass eis dat bewosst war. Leider! Mä en Ëmdenken ass néideg – wann net elo, wéini dann?

Bastelen, puzzelen, zielen

Well d’Schoul ausfält steet och vill Bastelen um Programm. Fir mech als Mamm ass dat eng Erausfuerderung, zwou lénks Hänn sinn net hëllefräich. Dat ass net meng Welt, Schreiwen ass menges, ma elo muss ech Fligeren virmolen. A meng Männercher gesinn dacks aus, ewéi wa se schonn dräi Deeg laang Blähungen hätten. Ech brauch Gedold a muss Kënnen an Zouversiicht ausstralen. Erschwéiert gëtt dat Ganzt vu mengem Meedche senger Onsécherheet - schneid hatt mat der lénkser oder rietser Hand? Mir experimentéieren nach, d’Zäit wäert d‘Äntwert op d’Fro hunn. Ech hoffe mol.

Fir eis vun de Schneidübungen z’erhuele benotze mir „Mein eulenschlaues Kindergartenbuch“. Mir sichen de Wee aus Labyrinther, ziele Géigestänn, fanne Feeler, puzzelen, übe Strécher zéien a léieren d’Formen. Probéieren en Alldag ze behalen. Ziele mir d’Wochendeeg op, fir dass mäi Meedchen se léiert? Oder fir dass mer net vergiessen, wéieen Dag ass?

Mir laachen a kräischen. Pechen zesummen a mateneen. An och wann d’Material éischter fir Kanner ass - ech molen d’Biller fläisseg mat aus. Ob ech iwwert de Stréch rutschen ass egal, et ass de Wëllen deen zielt. An d’Laachen derwäert! D’Konzentratioun berouegt, Ugespaantes fält mir vun de Schëlleren. An dat hu mir batter néideg. All Blumm, Häerz a Reebou, deen ob de Pabeier kënnt, gehéiert eise Matmënschen dobaussen. Fir déi, déi sech ëm eis Krank këmmeren, fir déi, déi Angscht hunn, eleng sinn, fir déi, déi dofir suergen, dass eis Gesellschaft net zesummebrécht. Fir Dech, Dech an Dech! D’Faarwe sollen Hoffnung verbreeden.

Agespaarten Teenager

Ech wéilt gären nach drop hiweisen, dass ech och nach zwee Teenager am Haus hunn. D‘Pubertéit ass do, d’Hormoner dréie mat hinnen duerch. Schoul doheem ass an deem Fall net einfach, ech muss mech dacks an d’Matière eraschaffen. Hoffentlech hunn d’Proffen den néidege Versteesdemech, wa si d’Aufgaben op hirem Computer duerchginn. Et ass eng Ausnamesituatioun. Och si hunn Angscht. Eis Kanner sollten d‘Duerf, d’Stad an d’Welt entdecken, en éischte Kuss kréien, sech ameséieren, ma aplaz spille se mat den Elteren „Mensch ärgere dich nicht“. Ass hinne bewosst, dass se de Moment Geschicht erliewen? Oder kënnt d’Erkenntnis méi spéit? Ewéi och ëmmer, ech si fir se do. Dag fir Dag, och wann et schwéier ass. Mir packen dat!

Elo waarden ech op de Bréifdréier an dann erzielen ech Iech déi nächste Kéier, ënnert anerem, wéi ech mat der Famill en Tuer duerch Lëtzebuerg getrëppelt sinn. Vun doheem aus natierlech! Oder ewéi mäin Ausfluch an d’Naturwëssenschaften ausgaangen ass. A wie weess, villäicht weisen ech Iech och, wat een nach aus engem Rullo Toilettëpabeier ka maachen. Haalt de Kapp héich a bleift gesond. Dir sidd net eleng – och wann et sech sou ufillt!

 

www.tessloff.com/verlag - bichergeck.me