LËTZEBUERG
DENNIS FINK, CHAOS COMPUTER CLUB LËTZEBUERG

Kloertext zum EUGH-Urteel zur Virratsdatespäicherung

De 6ten Oktober huet den europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, d’Virratsdatespäicherung nees eng Kéier als net konform zu den EU-Grondrechter deklaréiert. Den Dennis Fink vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg erkläert, wéi dat kënnt.
„Nodeems den europäesche Geriichtshaff, d’Virratsdatespäicherung schonns 2014 gekippt huet, huet den deemolege Justizminister Felix Braz, gesot, si géifen d’Gesetz iwwerpréiwen. Ofgeschaaft ass et bis haut nach net! D’lëtzebuerger Regierung fuerdert léiwer d’Europäesch Kommissioun op, eng nei Direktiv ze erschafen. Dat mécht eis Regierung gäre bei netzpolitischen Themen, wann dréngenden Handlungsbedarf besteet!
Mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg sinn nach ëmmer der Meenung, dass eng Virratsdatespäicherung ouni konkrete Verdacht ee massiven Aschnëtt an d’Fräiheetsrechter vun de Bierger ass. Den EU-Geriichtshaff gëtt eis mat senger Decisioun och Recht. Och wa bei der Virratsdatespäicherung, de Contenu net mat gespäichert gëtt, si Metadaten awer mindestens genau esou detailléiert.
Als Beispill kann een hei Metadate vun engem Telefonat huelen. Hei géifen Telefonsnummeren, Dauer vum Telefonat, Datum an Auerzäit, an, grad bei Handyen, och Lokalisatiounsdonnée gespäichert ginn. Dëst erlaabt et zum Beispill, Beweegungsprofiller vun de Leit ze erschafen. Duerch Telefonsnummere kann een och ee sougenannte Social Graph erstellen. Beispillsweis loosse sech Partnerschaften oder aner Bezéiungen erausfannen. Niewebäi schaaft d’Virratsdatespäicherung eng stänneg Gefor vun Dateverloscht a Datemëssbrauch. Sie ënnergrueft de Schutz vu journalistesche Quellen a schwächt Pressefräiheet.
Mëttlerweil ginn et och scho Studien (https://tinyurl.com/c3lkloertext), déi beleeën, dass och ouni Virratsdatespäicherung eng effektiv Opklärung vun Strofdoten ka gemaach ginn.
Mir als Chaos Computer Club Lëtzebuerg fuerderen d’Regierung op, dass d’Virratsdatespäicherung endlech ofgeschaaft gëtt, an, dass keng Versich méi ënnerholl ginn, fir eng Virratsdatespäicherung ouni konkrete Verdacht anzeféieren. D’EU Kommissioun fuerderen mir dozou op, ee Verbuet zur genereller d’Virratsdatespäicherung ouni konkrete Verdacht auszeschaffen. Sou kann d’EU fräi vun enger invasiver Iwwerwaachung ginn.“