Op dëser Plaz wäert elo all zwou Wochen déi nei Kolumne „Vun alle Säiten - Iwwer d’Literatur zu Lëtzebuerg“ stoen. Am Wiessel mat dem Nora Schleich hirer Philosophie-Rubrik wäerten elei „à tour de rôle“ dräi Rubriken (Kommentar, Interview, Kritik) bedéngt ginn, déi sech a verschiddene Forme mat der Literaturzeen zu Lëtzebuerg beschäftegen.

Op d’Fro, wat hie mat Lëtzebuerg verbanne géif, sot viru kuerzem en auslännesche Kolleg: Luxleaks an d’Lea Linster. Dat ass nawell batter. Mat penibele Steieraffären an enger permanent penetranter ZDF-Kächin kann een sech net wierklech bretzen. D’Renommée vum Grand-Duché ass uerg getouft. Dat ass wuel och mat de Grond, firwat de Projet vum sougenannten Nation Branding lancéiert gouf. Am Kader vun der EU-Ratspresidentschaft, déi Lëtzebuerg ab dem 1. Juli fir d’zwielefte Kéier iwwerhëlt, soll dës Initiativ eist Land als positiv Mark etabléieren an eis de ganze mediale Misär vergiesse loossen. Déi Leit, déi mat der EU elo sou wéineg ufänke kënne wéi ech mat der Lea Linster hire karameliséierte Kürbiskären, kënnen den 1. Juli iwwregens alternativ a) de weltwäiten Dag vun de kreative Glacenzorten oder b) de Gebuertsdag vum Pamela Anderson feieren.

Wou eist Land op Beléiftheetskalen sou steet, oder méi genee: läit, weist e Bléck an eng Parti rezent literaresch a filmesch Wierker. Am Christian Kracht sengem Roman „Faserland“ vun 1995 gëtt Lëtzebuerg méi oder manner charmant ernimmt: D‘Leit, déi ënnert enger héijer Bréck wunnen – wahrscheinlech ass d‘Roud Bréck gemengt – gi beschriwwen, wéi se sech ploen, well ëmmer nees déi nerveg Suicidären duerch de Plafong an hire schéine Living trëllen: „Die Körper sind dann immer ganz zerquetscht, die müssen sie dann mit einer Schaufel zusammenkratzen.“ Och an der bekannter TV-Serie „Breaking Bad“ (2008-2013) huet Lëtzebuerg säin Optrëtt: Wéi et drëms geet, d‘Origine vu Suen aus dem Drogen-Business ze verschleieren, zielt den Affekot Saul Goodman sengem Client, d‘Suen géifen aus enger Ierfschaft vun der Grousstatta Birgit kommen, déi zu Dikrech (ausgeschwat: Deikörk) gewunnt hätt. A wat mir an all Sportaart mat -ball um Enn vum Wuert net packen, erfëllt eis d’Joanne K. Rowling am véierte Band vun Harry Potter (2000): Déi lëtzebuergesch Nationalmannschaft péckt et an d’final Ronn vun engem groussen, mä leider erfonntene Sportstournoi.

E geographesche Gag oder e skurrile Sidekick – fir méi hale mir dacks net duer. Natierlech ginn et Exceptiounen, wéi der Felicitas Hoppe hire Roman „Paradiese Übersee“ vun 2003. Mä en gros kann een sech mat Läiche vu Suicidären, falschen Ierfschaften a fabuléierte Sportstournoien net wierklech mengen.

Firwat also net och d’Literatur am Kader vum Nation Branding notzen? Einfach wéi beim Eurovision Song Contest d’Kënschtler akafen, hir Manuskripter op passend Plaze fir de Product Placement scannen an si dann dofir bezuelen, eis Versioun vun der Wouerecht ze verzielen. Virun allem hei am Land sollten déi meescht Auteure wéi hongereg Hënn ubäissen, sou wéineg, wéi si am Kultursbetrib verdénge kënnen. A sou enger schéiner neier Welt gëtt sech net méi feig vu Brécke gehäit, mä just nach bänzeg an d’Schaff als Fund Asset Manager um Kierchbierg. A sou enger schéiner neier Welt fält de Frank Schleck mol eng Kéier net vum Vëlo, an an den Erzielunge vum Guy Helminger schéissen eis Futtballer endlech eng Kéier méi Goaler wéi et Spectateure gëtt. A sou enger schéiner neier Welt schreift dann de Guy Rewenig säin Alterswierk, eng schmalzeg, dausendsäiteg Hagiographie op eise Grand-Duc mam Titel „Mam Wuert zu Déngschten“.

A wann sech d’Auteuren onerwaart weigere

géifen, beim Projet vum Nation Branding matzemaachen, kréien d‘Glacëverkeefer per EU-Direktiv einfach d‘Oplo, vum 1. Juli un nëmmen nach zwou Bulle Mokka verkafen ze dierfen. Domat feiere mir da gläichzäiteg Lëtzebuerg, d’kreativ Glacenzorten – an d’Pamela Anderson.

An zwou Wochen, um 11. Juni, kënnt Dir op dëser Plaz een Interview mam dësjärege Lauréat vum Prix Servais, dem Roland Meyer, liesen