LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Flouernimm als historesch an als archeologesch Quell

Flouernimm sinn net nëmme Quelle fir eis Sprooch, a ville Fäll kënnen se eis och méi iwwer d’Vergaangenheet vum Land erzielen. Well se bezeechnen net nëmmen d’Landschaft, mee verweisen och op den aktiven Ëmgang vu Mënsch mat der Natur. Sou ass et dann och méiglech, hautdesdaags Réckschlëss iwwer d’Vergaangenheet vun enger Duerfgemeinschaft ze zéien. Dobäi stelle sech dann d’Froen: Wat kënnen eis d’Flouernimm iwwer d’Geschicht soen? Wéi kann een se mat historeschen an archeologesche Quelle verbannen?

Et gëtt zwou Approchen, bei deenen d’Flouernimm kënnen hëllefen, fir méi iwwer eis Vergaangenheet gewuer ze ginn. En eenzele Flouernumm kann oft dozou bäidroen, d’Lokalgeschicht an engem neie Liicht ze gesinn. Wann een dann ee Flouernumm fënnt wéi op der Tomm, ënner anerem zu Bënzelt, Dräibuer an Nidderfeelen, da kann een dee mam laténgesche Wuert tumba vergläichen, wat een (Hiwwel-)Graf bezeechent. Déi laténgesch Form ass iwweregens schonn aus dem Algriichesche geléint. Et kann een dann also duerch de Flouernumm unhuelen, datt do e Graf ze fannen ass oder war.

D’Réimer an den Napoleon

Wann een sech awer elo net nëmmen eng eenzel Plaz, mee e bestëmmte Flouernumm uechter d’ganzt Land ukuckt, da gesäit een Tendenzen, déi eeben net nëmmen eng eenzeg Uertschaft betreffen. Hëlt een zum Beispill d’Mees-Flouernimm, déi een och heefeg ënner Maes- an och emol ënner Mais- fënnt, an et kartéiert een se duerch d’ganzt Land, da fält engem op, datt déi wierklech e bëssen iwwerall virkommen. Wann een da bedenkt, datt dës Flouernimm vum Laténgesche mansio kommen, also dem Ursprong vum franséische Wuert maison, da weess een, datt dës Flouernimm op eenzel Haiser kënnen hiweisen an duerch de Gebrauch vum laténgesche Wuert och relativ al ze si schéngen. Et gesäit een also, datt d’laténgesch Sprooch a Kultur am ganze Land verbreet waren.

Eppes Änleches fënnt sech och aus méi rezenter Zäit, der franséischer Revolutioun. Deemools war Lëtzebuerg jo en Deel vum Département des Forêts ginn an den Afloss vun de Fransousen op d’Flouernimm ass och hei ze erkennen.

Sou fënnt een esou muenche Flouernumm, deen dorobber hiweist, datt d’Fransousen duerch d’Land gezu sinn. Awer och den Napoleon kënnt oft genuch vir, zum Beispill am Napoleonsgaart bei Randschelt, enger vun den héchste Plazen am Land.