LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Iwwer d’Dynamik vun de Flouernimm als Referenzmarker am Raum

Flouernimm si lieweg, wa se benotzt ginn, wat och haut nach de Fall ass. Zum Beispill wann de Bauer op d’Feld geet a sengem Kniecht oder senge Kanner Bescheed seet, wou e genee wäert sinn, andeem en op de passende Flouernumm verweist, oder wann ee bei guddem Wieder op enge vun de sëllege Vëlospisten ënnerwee ass an sech un de Flouernimm, duerch déi dës Piste féieren, orientéiert.

Vum Bierg zum Knapp

Geneesou ass et och mam ëffentlechen Transport. Wie vill mam Bus fiert, ob op den Dierfer oder an de Stied, dee weess, datt vill Bushaltestellen no Flouernimm benannt sinn. Hei ass et also méiglech, d’Dynamik vun de Flouernimm als Referenzmarker am Raum all Dag op en Neits ze entdecken. Et ass awer sou, datt net ëmmer all Flouernumm erhale bleift. Wann den Ëmgang mat der Natur sech ännert, dann ännert sech och de Flouernumm. Sou kann sech zum Beispill d’Impressioun vun der Natur änneren, wat dann och en Impakt op d’Expressioun vum Bild am Flouernumm huet.

Ee vun eisen eelste Flouernimm, den Helperknapp (an der neier Gemeng Helperknapp), kënnt schonn 902 an engem Schrëftstéck vir, an zwar an der Form heliberc, 973 als Heilichberc, den hellege Bierg also. Mat der Zäit hunn d’Leit den Numm awer anescht ausgeschwat an en ass zu Helper ginn. Well et awer e Bierg ass, wéi een dat jo och gutt gesäit, ass dunn en Helperknapp draus gemaach ginn, also en hellege-Bierg-Bierg(chen). Et ass spannend ze gesinn, datt Joerhonnerte méi spéit dat, wat ursprénglech als Bierg ugesi gouf, dunn nach just e Knapp war.Sou Verännerunge sinn awer ganz dacks schwéier ze faassen, well et net genuch historesch Dokumenter gëtt, déi engem hëllefen, d’Situatioun ze verstoen. Dobäi muss betount ginn, datt e Flouernumm, deen net benotzt gëtt, net onbedéngt verluer ass, mee sech méiglecherweis verännert huet. Och do muss een awer op méi Informatiounen hoffen a bei eisen eelere Matbierger nofroen, déi esou Saache gären nach wëssen. Nëmme wann dës Leit net méi do sinn, fir eis vun deem Kulturierwen ze erzielen, kann e Flouernumm wierklech verluer goen.