LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN, PRESIDENT VUN DER A:LL SCHRËFTSTELLER*INNEN ASBL

Kloertext: A:LL Schrëftsteller*innen asbl

D’A:LL Schrëftsteller*innen asbl setzt sech, véier Joer nodeems den LSV (Lëtzebuerger Schrëftstellerverband) sech opgeléist huet, op een Neits fir d’Rechter an d’Revendicatioune vun deenen an, déi sech zu Lëtzebuerg dem Schreiwe verschriwwen hunn. Wourëms et de Membere vum Conseil genee geet a wou d’Problemer am Moment leien, erkläert de President Samuel Hamen.
„Et geet der A:LL (kuerz fir Associatioun: Lëtzebuerger Literatur) dorëmmer, mat enger Stëmm ze schwätzen, d’Diversitéit vun de schrëftstelleresche Profiller hei am Land ze weisen an ze fërderen, sief dat um Niveau vun de Sproochen oder de Genren, a Problemer unzeschwätzen, déi eis – deelweis zënter villen, ville Joren – an der kreativer Schaff zeréckhalen.
Wie schrëftstelleresch aktiv wëll sinn, muss Kompromësser agoen: déi regulär Schaff op eng hallef Tâche reduzéieren, just nom Feierowend schreiwen oder literaresch Projeten no hanne réckele respektiv méi lues realiséieren. Natierlech, et ass iwwerall schwéier, fir exklusiv vun der eegener Literatur ze liewen. Mee den Ënnerscheed ass, datt et zu Lëtzebuerg bis op ganz, ganz wéineg Ausname quasi onméiglech ass. Dofir gëtt et ënnerschiddlech Grënn, ë. a. de klenge Marché, déi parzelléiert Sproochesituatioun, ee schoulpolitesch dacks onkoordinéierten Ëmgang mat der historescher an aktueller Lëtzebuerger Literatur a wéineg Opportunitéiten, d’Bicher bei Liesunge virzestellen (an ze verkafen).
D’Schrëftstellerei zu Lëtzebuerg ka sech an deem Sënn mëttel- a laangfristeg nëmmen entfalen, wa se sech als eng international entwërft: Wann d’Bicher, egal ob et sech dobäi ëm Theaterstécker, Romaner oder Gedichter handelt, net an aner Sproochen iwwersat respektiv an d’Ausland exportéiert ginn, bleift se kleng, egal wéi kënschtleresch interessant oder gesellschaftlech relevant se och ass. Mir hu wëlles, um kulturpoliteschen Debat, deen duerch de Kulturentwécklungsplang an d’Grënnung vu Kultur:LX lancéiert gouf, deelzehuelen.
A:LL Schrëftsteller*innen wëll also etappeweis an a Kooperatioun mat Strukturen an Institutiounen dorunner schaffen, d‘Situatioun ze verbesseren, fir datt méiglechst vill Schrëftsteller*innen hir Passioun op engem professionellen Niveau ausliewe kënnen. Et geet ëm eng Professionnaliséierung no baussen, mee och ëm eng Solidaritéit no bannen; mir wëllen Interesséierten eng Plattform bidden, fir sech auszetauschen an zesummenzedinn. A:LL wëll Literatur insgesamt als eng Form, sech kritesch un der Ëffentlechkeet ze bedeelegen, stäerken. Een demokrateschen Austausch brauch Foren, brauch déi ënnerschiddlechst Stëmmen, Bicher, Geschichten an Zenarien, fir lieweg ze bleiwen.“
Méi gewuer ginn:www.a-ll.lu