Op de Wiessel an der Welt kann een op verschidde Manéiere reagéieren: Soit beschwéiert ee sech iwwert déi sëllech Verännerungen a monéiert d’Dekadenz vun eiser Zäit; soit kommentéiert een dës Changementer liichterdéngs, ouni sech als moralistesche Granzsak opzeféieren. Leit vun der éischter Zort hu sech viru fofzéng Joer iwwert den Tamagotchi, viru fënnef Joer iwwert Facebook a virgëschter iwwert den iPhone opgereegt. Leit vun der zweeter Zort schreiwen ënnert anerem Gedichter wéi dat heiten:
„Dem Sandy säin Handy / ass diskret: / Hie seet dem Sandy net, / datt den Ändy d’Mandy / am Urban kennegeléiert huet / an elo d’Sandy / um Groussgaasseck / stoe léisst / mat sengem Handy. / Kapéiert? / Trendy Handy / Bloody Mandy / Sad, sad Sandy / Happy Ändy - Bref: / Eng traureg Véierecksgeschicht.“
Ee besonnesche sproochleche Witz
Am Roland Harsch sengem Prosa- a Lyrikband „Rasch t Auer“, dee viru kuerzem bei den „Éditions Guy Binsfeld“ erauskomm ass, fënnt een nieft dem Sandy-Handy-Ändy-Gedicht sou munch aner humoristesch Texter, déi typesch Zäitphänomener anno 2014 thematiséieren. Vum moudesche Fetisch fir d’Wuert „Stress“ iwwert d’Sproochepolitik zu Lëtzebuerg bis bei den Hype ëm d’Vëlosfueren - den Auteur hëlt an den zwielef Kapitele villes op d’liicht Schëller a bal jiddereen op den Aarm. Vill Texter rekurréieren op den (wéineg intuitiven) Titel „Rasch t Auer“, deen zwou géigesätzlech Tendenzen zesummendenkt: Eng Kéier déi hektesch Rush Hour, wa jiddereen heem wëll, eng aner Kéier d’Raschten, wann da jidderee bis doheem ass a probéiert sech (genausou hektesch) ze erhuelen. Nieft onbekëmmert, anekdotesch Reflexiounen iwwert d’Zäit setzen sech Gedichter, kuerz Limericks an eng ganz Partie Rësselreimer, déi alleguerten doduerch strukturéiert sinn, dat se an enger iwwerraschender Kombinatioun ee besonnesche sproochleche Witz reveléieren.
Ëmmer nees op een Neits kucken a kommentéieren
„Et stëmmt: Wie rascht, dee rascht“ - sou heescht et programmatesch an engem vun den éischte Gedichter am Buch. De Roland Harsch huet dëse Vers an deenen zéng Joer, déi zënter senger leschter Publikatioun vergaang sinn, als praktesch a produktiv Mahnung opgeholl an eng 280 Säite staark Textsammlung virgeluecht, an där Humor net als amoralesche Lapsus oder zynesch Distanzéierung virkënnt, mee als eng literaresch Fassong, fir sech tëscht all där Geckegkeet hautdesdaags ze behaapten. Als Moossnam géint jidder reaktionär Topegkeet setzt hien d’Fuerderung: Ëmmer nees op een Neits kucken a kommentéieren, schmonzen a schreiwen.



