LËTZEBUERG
TOM HAAS

A 500 Wierder: Wat ass eigentlech eng Indextranche?

Wéi den Wirtschaftsminister Etienne Schneider Enn Juli via Twitter annoncéiert huet, ass ab dem 1 August eng nei Indextranche fälleg. Dat bedeit konkret, dass ab dem Dag d’Salairen, d’Paien an d’Pensiounen ëm 2,5% klammen wäerten. Et ass déi 1. Indextranche säit dem 1. Januar 2017. Mee ëm wat handelt sech lo genau beim Index an wat ass den Ausléiser vun der rezenter Erhéijung?

Wann vum Index geschwat gëtt, handelt et sech ëm d’Upassung vun de Léin, Paien an Pensiounen am Verglach zur globaler Präisentwécklung hei am Land. Fir des Entwécklung ze ermëttelen, gouf sech op een Wuerekuerf geenegt. Dëse Wuerekuerf enthält Produiten vum deeglege Gebrauch, wei zum Beispill Brout, Botter oder Béier. Doniewent sinn awer och Déngschtleeschtungen am Index mat abegraff. Klammen des Präisser em 2,5% sou kënnt et an der Regel zu enger Erhéijung vun 2,5% vun de Léin. Zoustänneg fir d’Ermëttlung vun de Präisentwécklungen ass de STATEC.

Wuerzelen an d’Joer 1975

D’Indexreegelung geet zréck op een Gesetz aus dem Joer 1975. Säit dem ënnerleien sämtlech Léin, Salairen an Pensiounen dem Index. D’Zil ass et, d’Kafkraaft vun den Menagen der Inflatioun unzepassen. Den Index soll fir soziale Fridden suergen an verhënneren, dass et zu permanenten Konflikter tëschent Gewerkschaften an dem Patronat kënnt, wann et ëm Lounerhéijungen geet. Ze betounen ass och, dass de Lëtzebuerger Indexsystem zimlech eenzegaarteg an der Europäescher Unioun ass. Nëmmen d Belsch huet een ähnlechen System, bei dem d’Indextranchen awer secteurofhängeg ausbezuelt ginn.

Méi Suen am Portmonni ass fir vill Léit ee Grond. sech ze freeën. Bei engem Brutto-Mindestloun vun ongeféier 2.400 Euro mëscht dat ee Plus vun 60 Euro aus. Leit, déi méi verdéngen, kréien also och méi vum Index. Sou klëmmt ee Salaire vun 4.000 Euro ëm 100 Euro an een vun 10.000 ëm 250 Euro. Fir d’Patronat bedeit eng Indextranche awer och eng Hausse vun Ausgaben. Fir den Direkter vun der Union des Entreprises (UEL), de Jean-Paul Olinger, géif d’Hausse vun den Salairen virun allem kleng Betriber belaaschten an d’Lounerhéijungen géifen op der anerer Säit erëm d’Präisser an d’Luucht dreiwen. Wei am Lëtzebuerger Wort (01.08.2018) ze liesen ass, bezifferen sech d’Méikäschten vun der néier Indextranche op 730 Milliounen Euro. Vill gesinn an enger neier Indextranche och ee politescht Mëttel, fir kuerz vrun den Walen Stëmmen fänken ze goen. Den Index funktionéiert allerdéngs onofhängeg vun der Regierung. Et ennerléit dem STATEC senger Kompetenz, fir nei Indextranchen ze beschléissen.

Et ass allerdéngs och wouer, dass d’Politik kann duerch d’Stëmmen vu Gesetzer Afloss op den Index huelen. Sou wei am Joer 2011, wou decidéiert gouff. dass tëscht all Indextranche minimum 12 Méint leie mussen. De But war, fir no der Finanzkris d’Wirtschaft net ze vill ze belaaschten. Mee den Zäitpunkt vun enger Indextranche kann d’Regierung net beaflossen.

Kuerz virun den Chamberwalen am Hierscht hunn sech déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng fir den Index ausgeschwat. Och déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV, well net un de System Index rësele goen, sou dass et weiderhinn wäert wichteg bleiwen, ëm wat et sech heibäi handelt.

Iwwert Rubrik A 500 Wierder  Virun zwee Joer huet d’Associatioun Narin de  Blogprojet A 500 Wierder gestart, an deem sech verschidden Auteuren all Woch mat aktuellen Evenementer an der Welt befaassen. Hiert Zil: Politesch Themen erklären a fir Jugendlecher accessibel maachen. Am Zwou-Wochen-Rhythmus fannt Dir op dëser Plaz de Bäitrag. a500wierder.lu