LUXEMBURG
SAMUEL HAMEN

An der Editioun „Guy Binsfeld“ ass dem Guy Rewenig säi neien Erzielband erauskomm

An „E Futtballspill am Schnéi“, engem Filmportrait iwwert de Roger Manderscheid, gëtt et eng staark Zeen: De Manderscheid leeft mat sengem Auteurskolleg Guy Rewenig duerch de CNL, fir eng Expositioun mat eegenen Zeechnungen ze preparéieren. „Iwwerhaapt ass“, seet op ee Mol deen een, „dat Bild do hanne jo vill ze kromm opgehaang.“ „An dat heiten ass ze blo!“, seet dann deen aneren, ier se allebéid schmonzen a weider déi ze blo Biller ze kromm ophänken.

Ongeféier sou, an enger ähnlecher Mëschung aus Muttwëll, Ignoranz a stëppeleger Loscht, verlafen och d’Gespréicher tëscht de Figuren am Guy Rewenig sengem neie Buch „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen“. Op bësse méi wéi 300 Säite sinn hei aacht Dialoge versammelt, déi wéi een Theatertext ouni zousätzlech Detailer iwwer d’Personnagen auskommen. Et gëtt just d’Gestreids an d’Gebraddels vun de Figuren, an ob sech d’Mamm an der Geschicht „Kal Zäiten“ elo fir hire Jong schummt, deen als Beruffswonsch „Bam“ uginn huet – dat muss een alleng aus hiren Äntwerten erausliesen. Néierens gëtt et een Erzieler, deen engem matdeelt, wat d’Figure fillen, ob se grad mat hiren Ae rullen, d’Stir ronzelen oder heemlech op d’Auer kucken.

De Rewenig, dee virun zwou Wochen 68 Joer al ginn ass, léisst seng Figure mat grousser Freed an ouni Hoffnung op een definitive Versteesdemech géint all méiglech kommunikativ Mauere jummen. E bëssen sou, wéi den ADAC den Dummy am Auto géint Betonsbléck fuere léisst, fir ze kucken, wat geschéie wäert. Literatur fungéiert hei also als Testareal, wou ausprobéiert gëtt, wéi Leit a bestëmmte Situatioune reagéieren. E Beispill aus „Zonk“, enger Geschicht iwwer zwee Bridder, déi all Samschdeg zesummen iessen: „Hei gëtt et keng.“ „Wat?“ „Sardinnen.“ „Awer Oliven!“ „Si rëselen d’Beem vun Hand.“ „Wien?“ „D’Olivepléckerten. Um Peloponnes.“ „D’Beem sollen hinnen op d’Schnëss falen!“ „A si rafen d’Olive vun Hand. Kär fir Kär. Keng Maschinn wäit a breet. Alles Handaarbecht.“ „Ech dreeme schonn nuets vun den Oliven [...]!“ „Soll ech d’Schossel ewechhuelen?“ „Du solls se guer net bréngen!“ „Elo steet s’awer do.“

Op déi Manéier zéien sech all d’Geschichten tëscht Slapstick a séierem Witz dohin – an heiansdo an d’Längt. Alles hänkt bei dëser Verzielweis dovun of, ob d’Grondkonstellatioun funktionéiert. Ob déi verschidde Figuren an hirer Tockegkeet a Bornéiertheet, an hirer Arroganz a Penetranz genuch Potenzial hunn, fir se an engem absurde Setting openee lasszeloossen. Dat geléngt dacks, am beschten an der Geschicht „Scho fréi mueres an den Hecken“, an där e Chômeur vun der ADEM als Spatzen-Observateur an e Bongert gesat gëtt. An anere Geschichte wéi „Krich am Kapp“ geléngt et manner gutt – hei kënnt wéineg humoristesch Vitesse op, hei knuppt den ADAC-Auto souzesoen net an d’Mauer, mee en téckt se just.

Datt dëst Buch elo, fënnef Joer nom Dout vum Roger Manderscheid, publizéiert gëtt, ass keen Zoufall. Mat him zesummen huet de Guy Rewenig d’Editioun „ultimomondo“ gegrënnt a mat him zesummen huet hie vill Bicher erausginn. „Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen“ ass an deem Sënn och e Recueil géint d’Verstommen an d’Verschwannen. D’Energie vun där intellektueller Frëndschaft ass dacks ze spieren, an heiansdo huet ee souguer d’Gefill, wéi wann een dem Manderscheid an dem Rewenig selwer bei hire Stëppelegkeeten nolauschtere géif: „Haut drénken ech eng Grappa.“ „Bass de krank?“ „Ech maachen en neien Ufank.“ „Mat der Grappa?“ „Heiansdo brauch een e Revirement. Politesch gekuckt.“ „An d’Grappa ass méi politesch wéi d’Sambucca?“ „Ech setzen e Punkt mat der Sambucca. An da kënnt eng nei Perspektiv. Mat der Grappa.“