LËTZEBUERG
SAM MERSCH

Wat d’Flouernimm iwwer d’Ëmweltgeschicht verroden

Flouernimm verweisen op de vilfältegen Ëmgang vum Mënsch mat der Natur. Sou kënne Flouernimm och en Abléck ginn, wéi de Mënsch an der Vergaangenheet seng Ëmwelt verännert huet, fir sech den Naturraum besser zu Notzen ze maachen. En Deel vun de Flouernimm beleet e scho relativ fréien Agrëff vum Mënsch an d’Natur. Sou gëtt et zum Beispill Nimm, déi drop hiweisen, datt am fréie Mëttelalter neit Akerland duerch d’Rode vu Bësch gewonne gouf. Hei drënner falen Nimm mam Element -rued, -rod, -rat, -rieder a -röder, wat dat selwecht Element ass, dat am Verb „roden“ stécht. Dës Nimm komme relativ oft an iwwer d’ganzt Land verdeelt vir, soudatt een domat weise kann, wéi vill Bësch et ursprénglech bei eis gouf a wéi vill dovun duerch de Mënsch verännert ginn ass.

Suppen a Moueren

Eng aner Form vun Urbarmaache respektiv vun Agrëff vum Mënsch a seng Ëmwelt kann ee bei Plaze fannen, déi duerch hire Flouernumm sproochlech op Suppen hiweisen, op deenen haut awer keng Supp méi ass. Sou Nimm gëtt et der relativ vill.
Flouernimm, déi op esou e morastege Buedem hiweise si Supp, awer och Sop, Soup, Somp an esouguer Zopp. Dës kommen zwar uechter d’ganzt Land vir, mee se sinn insgesamt net esou heefeg. Et muss een dës Wierder awer kloer no hirer Etymologie ënnerscheeden. Supp, Sop, Soup an Zopp gehéiere beieneen a sinn ze verbanne mat eisem Verb sabbelen. Ursprénglech bezeechent d’Wuert nëmmen eng natierlech Flëssegkeet. De Somp awer ass dat selwecht wéi dat houdäitscht Wuert Sumpf a bezeechent direkt de morastege Buedem.
Vill méi dacks fënnt een awer Forme vum Wuert Mouer/Muer, och ënner Mo(o)r, Mar, Meer a Mier. Dëst ass iwweregens och den Ursprong vun der Uertschaft Miersch, an de Flouernumm Miersch ass och wäit verbreet am Land. De Begrëff huet ursprénglech éischter eng Zort torfegen, fiichte Buedem bezeechent. Ma onofhängeg dovun, wat et bei eis genee bezeechent huet, d’Heefegkeet vun den eenzele Formen an Nimm weist op den Alter vum Wuertgebrauch hin. •