LËTZEBUERG
SAMUEL HAMEN

Als Wonnermëttel fir d’Literaturzeen gëtt ëmmer nees d’Professionaliséierung genannt. Ma stëmmt dat?

Professionaliséierung - zënter Joerzéngten ass dëst Wuert déi magesch Vokabel, ëm déi sech bal all Debatt am Literaturbetrib dréit. Fir munch Leit schéngt se d‘Äntwert op alles ze sinn. D’Editeure sinn net op der Frankfurter Buchmesse vertrueden? Méi Professionaliséierung! Zu Lëtzebuerg gëtt d’Buch net genuch valoriséiert. Mir brauchen: Méi Professionaliséierung! D’Auteure sinn net präsent genuch am Ausland, dofir ass déi ganz Branche ënnerentwéckelt. Dofir: Méi Professionaliséierung! 

Ganz séier kennt ee bei dësem Lidd de Refrain, ganz séier kann ee monter matsangen, wann alt nees déi nämmlecht Froen intonéiert ginn. Nei ass un der Diskussioun wéineg bis näischt. Ma d’Argument vum kranke Patient, vun der ënnerentwéckelter Zeen ass immens profitabel: Soubal d’Krankheet diagnostizéiert gouf, kënne sech eng Hellewull vun Acteuren a Positioun bréngen. Si kënne sech legitiméieren, well se jo un der Geneesung vum kranke Männi interesséiert sinn, un der Verbesserung vun enger defizitärer Struktur. 

Am Mee 1987 huet RTL eng Reportage iwwert d’Situatioun vum Buch zu Lëtzebuerg diffuséiert. Ministeren, Auteuren, Lecteuren - jiddwereen ass zu Wuert komm. De Minister sot: Datt mir op der Weltliteraturkaart ee relativ wäisse Fleck sinn. Datt mir nach e bëssen ofgekapselt sinn, nach e bëssen ze vill op eis zeréckgezunn. De Lecteur sot: Nee, ech liesen amfong net souvill op Lëtzebuergesch. Ob hie modern lëtzebuergesch Auteure kennt? Ooooooohoooonnn, mhmm, nee. Den Dicks, Lentz, Rodange? Ajo, déi „Saachen“, déi schonns. An den Auteur sot: Et gëtt ee Mangel u Professionalitéit, vun alle Säiten.

Drësseg Joer méi spéit, eng Generatioun duerno, gëtt elo ee ganz ähnlechen“ État des lieux“ gemaach, just datt d’Personal ausgewiesselt gouf. Ma et kritt een den Androck, datt et gréisstendeels den nämmlechte Brach ass, deen nees opgewiermt gëtt. Ob en dowéinst besser schmaacht? Läit et just un engem Manktem u Professionalitéit, datt sech scheinbar wéineg gedoen huet? Iwwerhaapt: Kann ee sech fäerdeg professionaliséieren, et sou wäit forcéieren, datt alles just nach vrun Experten, Know-How, Kulturhausdirekteren an elaboréierte Strukture wibbelt? A musse mir och den domme Lieser professionaliséieren, dee léiwer een Erotik-Thriller liest wéi den neie Roman vum Jean Portante?

Eng kammout Schreifmentalitéit 

Nieft d’manesch Iddi vun der Professionaliséierung géif ech en anert Argument stellen, eng zweet Vokabel, déi vläicht erkläert, firwat d’Literaturzeen hei zu Lëtzebuerg sou ass, wéi se ass. Et geet ëm eng ganz besonnesch Schaff- a Schreifmentalitéit. Am Ament gëtt et ee fräien Auteur, deen den „statut d’artiste professionnel indépendant“ huet: d’Nora Wagener. Soss schaffen d’Auteuren alleguerten „richteg“, fir sech niewebäi d’Schreiwen erlaben ze kënnen - eng grouss Majoritéit dovunner beim Staat, sief et a Kulturhäiser, a Ministèren oder am Enseignement. Dat ass an anere Länner net esou, dacks kënne sech do Auteure mat schreifaffine Projeten (Editeuren, Zeitungen, Opträg fir Kulturhaiser) iwwer Waasser halen.

Natierlech: Et war ni anescht, schonns ëmmer hu vill Auteure missen engem „Brotberuf“ nogoen, fir iwwerliewen ze kënnen. An jo: Och de romantesche Klischee vum miserabelen „Dachbodenpoet“, dee vu Brout, Waasser an Inspiratioun lieft, ass eng Reduktioun, ee kitschegt Bild, wéi een Kënschtler ze liewen huet, fir gutt Literatur ervirbréngen ze kënnen. Ma ech géif behaapten, datt d’Situatioun hei am Land besonnesch virulent ass - an dowéinst besonnesch spannend. Vläicht ass et eng domm, vläicht eng béis Fro, ma mir stelle se aus Näischnotzegkeet awer: Wat mécht dee Staatsbeamten-Fric, déi Sécherheet, déi comfort zone mat der eegener Literatur?

Drësseg Joer am Staatsdéngscht - dat hannerléisst dach bei jiddwerengem Spueren. All Kontext kontaminéiert dat eegent Denken, mol am positiven, mol am negative Sënn. Esou ee gemittlecht Liewen tëscht Audi, Luxair Tours an City Concorde - dat glëtscht op déi eng oder Manéier an déi eegen Denk- a Schreifweis eran, egal, wéi vill ee sech ideologesch dogéint wiert. Et gëtt een net onbedéngt liddereg dobäi, mee midd, gemittlech, manner wibbeleg.

Kee Culot

Vläicht spieren ech dowéinst beim Liese vu Literatur aus Lëtzebuerg ganz seelen een existenzielle Besoin, dat ee Buch ausstraalt, eng artikulatoresch Noutwennegkeet, sech dem Schreiwe komplett unzevertrauen. D’Literatur ass Hobby, Léift, Alibi, Leidenschaft, Zwang, Zäitverdreif, näischt dovunner, alles dovunner. An d’Texter si flott, léif, dacks gutt gemengt, nach méi dacks manner gutt gemaach. Et wëll een de Leit op d’Schëller klappen, well se esou vill Spaass drun hunn, well se Literatursystem brav fidderen. A gläichzäiteg wëll een hinnen eng an d’Akaul ginn, well se zënter Joerzéngte déi identesch gemittlech Literatur produzéieren, déi een net matrappt, déi kee Culot huet, déi kee primären, mee sekundären, niewesächleche Produit vun engem geliefte Liewen ass.

An dëser Zeen schéngen d’Optiounen ze sinn: Sech schlécke loosse vum System a probéieren, sech als pseudo-autonomen Artist ze behaapten. D’Land verloossen a sech am Ausland mat méi Méiglechkeeten etabléieren, fir sech diaspora-méisseg mat Lëtzebuerg verbonnen ze fillen. Drëttens: Probéieren, sech als fräien Auteur duerchzeschloen. Sou oder sou: De Mantra vun der Professionaliséierung hält als eenzeg Method net duer, fir aus där Zeen erauszekommen.

Mat dësem Bäitrag geet d’Kolumne „Vun alle Säiten - Iwwer d’Literatur zu Lëtzebuerg“ no 52 Artikelen op en Enn.