LËTZEBUERGNICO PLEIMLING

Finaliste vum Concours „Mission Nichtrauchen“ hunn op der Plëss gefeiert

An der Uewerstad war Gëschter um Donneschdeg esou munches lass, well d’Finaliste vum Concours op e grousst Fest ageluede waren. D’Fondation Cancer organiséiert dëse Concours fir d’Klassen am Secondaire.

Dräi Gewënnerklassen

Dobäi geet et drëm, bannent sechs Méint eng Netfëmmert-Klass ze bleiwen oder ze ginn. De Concours adresséiert sech u Klasse mat Schüler am Alter vun 12 bis 16 Joer. D’Klassen deelen engem vun hire Proffen all Woch de Status als Fëmmert oder Netfëmmert mat. Vun deenen 133 Klassen, déi matgemaach hunn, konnten der iwwer 90 hiert Verspriechen anhalen.

Ënnert de Finalisteklasse goufe gëschter dräi Gewënnerklasse gezunn, déi Kadoe vum Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo kruten. D’Lous ass dobäi op d’Klasse 7.4/5 aus dem Lycée Hubert Clement mat 27 Schüler vum François Faber-Jodocy, 7STP1 aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck mat 18 Schüler vum Thierry Marx a 7AD2 aus dem Lycée Technique Mathias Adam mat 19 Schüler vun der Odile Bouchet gefall.

Rallye-Pedestre an der Stad

Virun der Verlousung gouf an der Foussgängerzone vun der Uewerstad e Rallye-Pedestre organiséiert. Do stoungen ënnert anerem e Wëssenstest a Kollaboratioun ma Bénévole vun der Fondation Cancer an eng Partie sportlech Aktivitéiten an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg um Programm. Dobäi a bei aneren Animatiounen hunn eng 900 Schüler matgemaach.

No engem Optrëtt vun der Lëtzebuerger Band Tuys an engem uschléissende Fitness-Dance mam Service des Sports vun der Stad Lëtzebuerg kruten d’Gewënner vum Rallye-Pedestre hir Präisser vum Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo iwwerreecht. Ënnert dem Strëch war et e flott Fest, bei deem och d’Wieder gréisstendeels matgespillt huet. Elo läit et dann awer un deene Jugendlechen, datt sie och an Zukunft d’Fangere vun den Zigarette loossen.