LËTZEBUERG
SIMONE MOLITOR

Fir eis Summerserie hu mir am Kultursecteur d’Ronn gemaach an eng kleng labber Ëmfro mat ganz vill Fräiraum lancéiert

Jérôme Konen, Directeur du «Kinneksbond»

Comment ça va?

J’oscille entre fatigue et euphorie! Ces deux états caractérisent d’ailleurs mon quotidien depuis quelques mois. Après la fermeture brutale de nos lieux, nous n’avons – contrairement à ce que les gens peuvent penser – pas chômé. Outre la nécessaire mise en place d’une sorte de «task force COVID-19 culturelle», qui a collaboré étroitement avec le Ministère de la Culture afin de dégager des solutions pour permettre à la fois la reprise des répétitions et la réouverture progressive de nos institutions, de nombreuses discussions ont eu lieu entre les membres de la Theater Federatioun et du Réseau Luxembourgeois des Centres Culturels Régionaux afin d’envisager nos programmations «de demain». Nous nous sommes beaucoup rapprochés pendant ces quelques semaines de confinement, avons pris le temps pour réaliser un état des lieux, identifier des problèmes structurels inhérents à notre mode de production…. et de nouvelles collaborations sont nées!

Et que se passe-t-il ensuite?

Nous préparons actuellement la brochure de notre saison 20/21, qui sera dévoilée le 4 septembre prochain. Il y a quelques semaines, nous avons revu de fond en comble notre programme afin de le rendre «covid-proof» et je suis très heureux de constater qu’une programmation à la base de fortune a donné lieu à l’une des saisons les plus excitantes depuis mon arrivée à Mamer. Les partenariats noués pendant le confinement ont porté leurs fruits et de belles créations, qui sont littéralement «dans l’air du temps», attendent les spectateurs dès la rentrée. Nous allons aborder une multitude de sujets – certains plus sérieux d’autres plus légers – mais tous nos spectacles ont un point en commun: il y transpire une certaine envie de vivre et de croquer la vie à pleines dents. Afin de garantir le respect des mesures sanitaires en vigueur tout en veillant à maintenir la convivialité inhérente à notre théâtre, nous avons par ailleurs travaillé avec la plasticienne et scénographe Trixi Weis afin de concevoir un dispositif de café-théâtre, qui remplacera temporairement notre gradin traditionnel. Nous sommes donc prêts à accueillir à nouveau notre cher public!
www.kinneksbond.lu

Réjane Nennig, Direktiounsbeoptraagte vum „Aalt Stadhaus“

Wéi geet et?

Moien, eis geet et den Ëmstann entspriechend gutt. Nom Schock, dee mer am Mäerz erlieft hunn, wou mer de Kulturzenter vun engem Moment op deen aneren hu missten zoumaachen, si mer amgaang eis lues a lues erëm ze erkrabbelen. Et war virun allem déi Ongewëssheet, déi engem alles esou schwéier gemeet huet, fir déi richteg Entscheedungen ze treffen. Et huet ee sech natierlech och vill Froe gestallt, wat de Stellewäert vun der Kultur ugeet an esou enger Krisesituatioun. Beim Déconfinement hu mer awer do och gesinn, dass d’Kultur awer oder vläit grad elo eng ganz wichteg Roll an der Gesellschaft spillt, och wann d’Zäite schwiereg sinn.
Mir haten déi grouss Chance, direkt e Projet proposéiert ze kréien, fir nach am Juni kënnen e Spektakel ze weisen. D’Acteuren Céline Camara an de Greg Melmer haten d’Iddi, fir d’Thema vun der Distanciation sociale opzegräifen an als roude Fuedem duerch en Owend mat Improvisatiounstheater fléissen ze loossen. Esou konnte mer de Publikum mol dru gewinnen, an engem grousse Sall wäit auserneen ze sëtzen an trotzdeem zesummen eppes erliewen, wat hinnen alleguer gefeelt huet wärend dem Confinement. D’Nofro woar trotz der Veronsécherung vun de Leit grouss, an esou konnte mer direkt zwou Virstellunge vu „Proches“ ubidden, wat wierklech flott woar, well mir konnten eis Saison awer mat engem bessere Gefill ofschléissen, wéi wa mer guer näischt méi hätte kéinten ubidden bis no der Rentrée.
Eise Festival Blues Express ass och an d’Waasser gefall, dat woar och schlëmm, well mer do schonn déi 17. Editioun gehat hätten an de Publikum do och ganz sehnsüchteg all Joers drop woart. Hei hate mer awer ganz séier eng Covid-Edition op d’Bee gestallt an hunn ee Concert am Live-Streaming um YouTube-Channel vun der Déifferdenger Gemeng ugebueden. Och hei hu mer bis déi lescht Sekonn geziddert, well ee vun den Haaptmusiker op d’Resultat vu sengem Covid-Test gewoart huet a bis moies net wosst, ob en dierft op der Bün stoen oder net. Mir mussen elo eben aner Problemer géréiren, wéi mer virum Covid
haten. Heiansdo kommen och doduerch positiv Saachen eraus, fir d’Transmissioun vun deem Concert hate mer nëmmen Top-Leit do schaffen, déi soss entweder um Tour de France oder mat Metallica op Tournee gewiescht wieren, an esou konnte mer du vun enger duerch an duerch professionneller Opnam vum Concert profitéiren.

A wéi geet et weider?

Och wa mer keng richteg Saison hannert eis hunn, ass elo iwwer de Summer awer mol Congé ugesot, fir dass mer kënne frësch an ausgerout an déi nei Saison starten. Iwwer de Summer gëtt och bei eis am Stadhaus fläisseg geprouft, gläich mat zwou verschidde Produktiounen. Dëst beweist och, dass d’Energie bei de Kreativen net verluer gaangen ass a jidderee mat ganz vill Optimismus weider un de Produktioune schafft. Mir starte gemittlech an déi nei Saison mat e puer Ausstellungen, klenge Concerten a Filmprojektiounen. Lauter Saachen, wou mer mat enger relativ klenger Publikumszuel rechnen an esou och kee Problem vun der Distanz tëscht de Leit kréien.
Am November starte mer da richteg duerch mam Festival „L’Essentiel du Rire“, do gëtt et da méi spannend, fir ze gesinn, wéi mer dat vum Publikum hier géréiren. Dat hänkt alles vun der Situatioun dee Moment of, mee mir wäerte probéiren, awer alles unzebidden, wat geplangt ass, entweder mat méi oder mat manner Publikum, dat hänkt vun de Reglementer of, déi dee Moment gëllen. D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Leit geet vir. Mir sinn awer zimmlech zouversiichtlech, dass d’Leit net ze vill veronséchert sinn an de Wee bei eis an d’Aalt Stadhaus fannen, fir da mol fir e kuerze Moment kënnen den Alldag ze vergiessen.
www.stadhaus.lu

Steph Meyers, Direkter vun de Rotondes

Wéi geet et?

Den Ëmstänn no, gutt. Eis Vakanze bleiwen annuléiert, wat fir eis eng gutt Noriicht ass. Souwisou wiere mer net wäit komm. Dat heescht, mir sinn am #vakanzdoheem-Modus, a versichen och eppes am August kënnen unzebidden. Mir hu kee Féiwer, sinn awer am Preparatiounsféiwer, mir si ganz positiv, mee net an den Tester.

A wéi geet et weider?

Den Ëmstänn no, gutt. Eise Saisonsprogramm ass annoncéiert. Och wa mir extrem flexibel bleiwe mussen zu de Moossnamen, déi momentan a Kraaft sinn oder déi dobäi kéinte kommen, hu mer eng Programmatioun fir d’Saison 20/21, déi konsequent ass. D’Kultur a Konscht mussen nach eng Zäit mat Mask oder mat Distanz erlieft ginn, mee et kann nees eppes ugebuede ginn. Och wann et mat Aschränkungen ass, dat huele mir gären a Kaf.
www.rotondes.lu

Frank Hoffmann, Direkter vum TNL

Wéi geet et?

Et geet. D’Welt dréint, de Virus dréint.  Mir schwammen, ginn äis awer der Impressioun hin, datt mir wéissten, wouhin.

A wéi geet et weider?

Wéi et weidergeet, weess ech net, weess keen, deen éierlech mat sech selwer ass. Awer et geet weider, dat ass sécher. An hei kann d’Konscht, den Theater besonnesch eng wichteg Roll spillen. Den Theater kann a muss kuerzfristeg op d‘Entwécklung reagéieren a se reflektéieren. Mir kënne vum Virus a vun deem schwätzen, wat e mat äis mécht. Mir kënnen him en theatralescht Kleed ginn, an da si mir vläicht méi staark wéi hien, zum Beispill wa mir am TNL mam COVID op dem Thomas Mann säin „Zauberberg“ eropklammen. An d’Zuschauer mat erophuelen, dohin, wou de Bléck erëm fräi gëtt. An d’Loft méi kloer ass.
www.tnl.lu