LËTZEBUERG
SIMONE MOLITOR

Fir eis Summerserie hu mir am Kultursecteur d’Ronn gemaach

 

John Rech - Direkter vum opderschmelz

Wéi geet et?
Gesond a +- monter! No deem „komeschen“ an erausfuerderenden Hallef-Joer, ass ee mol un éischter Plaz frou, wann ee gesond ass. An d’Leit ronderëm een och. Privat a berufflech. Soss… sou monter, wéi ee ka sinn, wann een op vill flott Saachen an Erliefnisser huet misse verzichten. Keng Concerten z’organiséieren an och ze spillen, huet schonn ee grousst Lach a mäi Liewe gerappt. An natierlech och Theater, Danz, Expoen…. vill flott Momenter, déi ee mat senge Frënn an de Frënn vun eise Kulturhaiser, zu Diddeleng an am Rescht vum Land, hätt kënnen deelen. Sou vill flott Momenter sinn iwwert déi lescht Méint um Horizont verschwonnen. Apropos Horizont, déi lescht Méint ware wéi ouni Kompass a Wand op engem Seegelschëff um Mier. Keng Insel a Siicht a wann, dann ass se mam éischte Loftstouss nees verschwonnen. 

A wéi geet et weider?

Hoffnung ass mol eng gutt Motivatiounsbasis. A mir si voller Hoffnung. Bei eis am Kulturzentrum opderschmelz an an eise Centres d’Art plange mär mol weider an hoffen, dass déi zukünfteg Entwécklungen eis et erlaben, ee groussen Deel vun eisem Programm un de Public ze bréngen. Kloer ass lo schonn, dass déi mëttel a grouss international Tournéeën net viru Summer 2021 nees ënnerwee wäerte sinn, bis op e puer Ausname vläicht. Ah jo, an der Kategorie „Hoffnung“: Et wier scho schéin, wann d’Kultur sou wéi aner Beräicher géif behandelt ginn. Firwat een do ëmmer déi extreemst Konditioune muss festhalen, bleift mär ee Rätsel. An eisen Haiser schaffe Profien, déi d’ganzt Joer iwwer hire Public an deene beschtméigleche Konditiounen empfänken An de Public weess dat och ze schätzen a kann och ganz gutt mat „normale“ Reegele liewen. Also…  
A soss: loosst eis weider openeen oppassen, a léif matenee sinn. Net nëmme lo. An da kënne mär och gläich nees zu méi zesumme feieren a laachen. A flott Erliefnisser deelen.
www.opderschmelz.lu

Maxime Bender - Direkter vum Trifolion

 

Wéi geet et?

Wann een déi aktuell Situatioun ausschléisst, eigentlech gutt. Déi lescht puer Wochen a Méint waren zimmlech intensiv, den Trifolion huet e Wiessel u senger Spëtzt kritt an dat an enger Pandemie, wat natierlech besonnesch erausfuerderend war an ass.
Villes war an ass nei, an awer hu mer mam Covid-19 eng ganz nei Situatioun misse verstoen an drop reagéieren. Erausfuerderend war an ass déi Zäit, an Ëmdenken ass ugesot, wat den Ustouss gëtt, kreativ ze ginn an nei Weeër ze fannen, fir dem Public kënne Kultur unzebidden. Dës Zäit bréngt een och dozou nozedenken, ze entschleunegen an allgemeng d’Fro ze stellen, ob dat „ëmmer méi“ an „ëmmer méi séier“ de richtege Wee war, oder ob een net méi bewosst, d’Saachen huelen an erliewen soll. Zemools an der Kultur kann dat immens gutt doen.

A wéi geet et weider?

Dat ass an dëser aktueller Situatioun schwéier virauszesoen. Jiddefalls probéiere mir am Trifolion lo iwwert de Summer mat live Musek op eisem Trifo-Apéro, deen ëmmer freides ab 17 Auer ass, de Leit erëm e bëssen „Normalitéit“ a Freed ze bréngen.
Mir wäerten och viraussichtlech ab Enn September erëm mat eiser normaler Saison-Programmatioun am Haus ufänken, dëst natierlech mat alle Precautiounen, a mir hoffen, esou weiderhin dem Public schéi Momenter an Erliefnisser kënne matzeginn.
www.trifolion.lu

Paul Lesch - Direkter vum CNA

 

Wéi geet et?

Den Ëmstänn no, geet et mir gutt. De Covid-19 ass natierlech eng Erausfuerderung fir jiddereen an natierlech och fir een Institut culturel wéi de CNA. Mir hunn eis Aktivitéiten (Ausstellungen, Mediathéik, Kino, Tournagen, Formatiounen) net agestallt, mee un déi néideg sanitär Mesuren adaptéiert. Dat fonctionnéiert menger Meenung no guer net schlecht, fir net ze soe ganz gutt. En plus, konnte mir awer hannert de Kulissen (an deelweis am Homeoffice) vill néideg Aarbecht maachen. Zemools um Niveau vum Opschaffe vun eisen Archiven.

A wéi geet et weider?

Wéi et weidergeet, weess ech net. Dat weess jo kaum een. Mir hunn op jidde Fall elo eng Experienz opgebaut, déi et eis erlaabt, an den nächste Méint –  ech huelen un, bis zur Disponibilitéit  vun engem Vaccin – eis op déi weider Entwécklung anzestellen an dem Public weider eis Servicer unzebidden a  gläichzäiteg dem Public déi néideg Sécherheet ze garantéieren. Et geet mir perséinlech gutt. Meng Famill ass gesond. Wat u sech dat Wichtegst ass!
www.cna.public.lu

Myriam Muller -Directrice du Théâtre du Centaure

 

Comment ça va?

Au Théâtre du Centaure, nous avons évité les casses. Etant un milieu subventionné, nous avons mieux pu survivre à la crise que d’autres (cf restaurants, cafés…etc). Et même si artistiquement c’est une catastrophe (spectacles ou annulés ou reportés dans des formes plus humbles), les artistes ont été rémunérés à 100%. Donc pas de casse financière!

Et que se passe-t-il ensuite?

Je ne sais pas et personne ne sait! On va se remettre au travail (c’est-à-dire en répétition) en espérant pouvoir continuer jusqu’à la rentrée et ensuite jouer. Mais surtout que le public sera in fine de la partie. Car c’est la seule et l’unique raison de faire ce métier. Se produire en live devant un public. Et même si certaines formules digitales ont été une bonne idée et un palliatif au plus fort de la crise, ce n’est pas la vocation première du théâtre.
www.theatrecentaure.lu