LËTZEBUERG
SIMONE MOLITOR

Mir hunn am Kultursecteur nogefrot

Fir eis Summerserie hu mir am Kultursecteur d’Ronn gemaach an eng kleng labber Ëmfro mat ganz vill Fräiraum lancéiert. Et sinn zwou relativ banal Froen, wann ee se allerdéngs a Covid-19-Zäite stellt, kënnen d’Äntwerte scho mol e bësse méi laang an iwwerraschend ausfalen. Wat dobäi rauskomm ass, presentéiere mir - wuertwiertlech natierlech - a véier Deeler.

Lëtzebuerger Journal

René Penning

Direkter vun der Kulturfabrik

Wéi geet et?

Eis an der Kufa geet et gutt. Mär hunn d’Situatioun fréi erkannt a mat eiser Ekipp e Konzept fir de Summer ausgeschafft. Erauskomm ass dobäi d’Summer Bar an d’Squatfabrik. An der Squatfabrik gi mär verschiddene Kënschtler d’Méiglechkeet eng Mini-Residence artistique bei eis ze maachen. Et ass ëmmer just fir zwou Wochen, mee dobäi komme ganz flott a spannend Resultater eraus. D’Summer Bar huet e ganz grousse Succès an zitt Leit aus dem ganze Land un. Mee et schéngt grad fir déi lokal Populatioun eng zousätzlech Attraktioun ze sinn, e Konzept, wat hei zu Esch iergendwéi gefeelt huet. Dat kréie mär ëmmer nees ze héieren. Et ass och flott ze gesinn, dass et souwuel Jonker ewéi och manner Jonker unzitt. Mär kënnen also net kloen a mär wëllen och net kloen. Mär denken och un all déi vill Leit, deenen et an dëser Kris net esou gutt geet, déi keen Akommes méi hunn, déi hir Aarbechtsplaz verluer hunn an ëm hiert Iwwerliewe kämpfen.

A wéi geet et weider?

Op déi Fro hunn am Moment déi allermannsten eng Äntwert. Mär mussen eis bewosst sinn, dass de Virus net einfach vun haut op muer verschwënnt. Laangfristeg plangen gëtt do-duerch quasi onméiglech gemaach. Virun allem de Concertssecteur, wou Leit zum Deel zu dräi oder véier op engem Metercarré stinn, ass ganz haart getraff. D’Concertsprogrammatioun ass och bei eis e wichtege Bestanddeel vun eiser Programmatioun, mee d’Organisatioun vu Concerten am Stoen ass wuel fir länger Zäit onméiglech. Mär schaffen awer un neien Iddie fir d’Rentrée. Ob alles esou kann duerchgezu ginn, wéi et geplangt gouf, hänkt vill vun der Evolutioun of. Mär loossen eis op jidder Fall net ënnerkréien, an et ass och eng flott Erfarung, sech nei ze erfannen.

www.kulturfabrik.lu

Lëtzebuerger Journal

Eugène Prim

Generaldirekter vun de „Solistes Européens, Luxembourg“ (SEL)

Wéi geet et?

Nodeems mir véier Concerten ofgesot haten, war d‘Moral e bëssen ugegraff. Mee well mir awer voll an der Planung vun der Saison 20/21 waren, hate mir keng Zäit, fir vill ze lamentéieren. Ons allen aus dem administrative Beräich, dem Chefdirigent an all de Museker ass et gesondheetlech gutt gaangen, op d‘mannst bis elo, mee mir hun alleguer d’Live-Concerten an déi Rencontrë mat de Museker batter vermësst. E grousse Merci un déi encouragéierend Wierder an Decisiounen, niewent der Gesondsheetspolitik, vun der Madame Tanson, déi eis Mutt fir d’Zukunft ginn. E grousse Bravo fir déi vill Hëllef aus dem Ministère a vun der Stad Lëtzebuerg. Eng moralesch Stäip woren och d‘Encouragementer an déi finanziell Ënnerstëtzung vun eisem treie Publikum.

A wéi geet et weider?

De Moment ass et e bësse Pilotage à vue. Mir hu jo ons Saison publizéiert, an ons trei Sponsore bleiwe bei der Staang, de Ministère an d‘Stad Lëtzebuerg sinn och derbäi an ons trei Abonnenten. Dat, wat ons vill Kappzerbrieche kascht, ass d’Fro, ob et de 17. September lassgeet oder ob déi sougenannten zweet Well ons erëm zeréckwerft? Mir hoffen net. D‘Catherine Kontz, wat jo eng nei Kompositoun fir ons am Optrag vum Kulturminstère komponéiert huet, nennt hiert Wierk „The Waves“ - ironie du sort?

An dann ass d‘Suerg vun den Zuschauer do: D‘Zuel an der Philharmonie ass enorm beschränkt. Ongeféier 250 Leit fir dann deen néidege Social Distancing ze gewärleeschten. Do stellt sech d’Fro, ob, wann een de Restauranten a Bistroe méi Méiglechkeete gëtt, et an der Philharmonie ubruecht ass, ëmmer zwou ganz Reien an och dotëscht sou vill Plaz fräiloossen ze mussen. Doriwwer misst sech d‘Santé vläicht e puer méi Gedanke maachen. Wann dräi Leit an engem Fliger kënne wärend enger bis dräi Stonnen niewent-enee sëtzen, musse mir da wierklech zwee Meter Social Distancing vun eisen Auditeure verlaangen? Mir kréien net all eis Clienten eran! Vun der Vente libre schwätze mir emol net. Dat mécht traureg, mee mir wäerten domat liewe mussen. Hoffe mer dat Bescht a weiderhin déi richteg Decisoune vun eiser Regierung. Mir si fir den 18. September bereet.

www.sel.lu

Lëtzebuerger Journal

Nora Waringo

Direktesch vum Kulturhaus Niederanven

Wéi geet et?

Eis geet et gutt. Mir als Kulturhaus Niederanven maachen et wéi jiddereen, mir probéieren esou gutt et geet, eis der Situatioun unzepassen an dat Bescht erauszehuelen. Och wann d’Kultur vun der Pandemie immens staark betraff ass, hu mir als Haiser dee Virdeel, dass mer eng gewësse Flexibilitéit an eisen Aufgaben an an eise Missiounen hunn. A mir schaffe mat Leit, mat Kënschtler, déi scho per se flexibel, kreativ an oppe sinn an och bereet, all nei Iddie matzegoen.

Et mécht engem trotzdeem Suergen, well een net weess, wou et higeet, och well ee weess, dass den Impakt fir eise Secteur a virun allem fir d’Kënschtler längerfristeg wäert sinn. Mir iwwerleeën eis nei Konzepter, och schonn am Hibléck op den Hierscht oder op méiglech nei Pandemien, fir aus der Erfarung ze léieren an a sou engem Fall kënne besser weiderzeschaffen, fir de Kënschtler weider eng Aarbechtsplattform ze bidden an dem Public
eng kulturell Offer.

A wéi geet et weider?

Am Moment plange mir eis nei Saison ganz normal. Mir ginn aktuell dovun aus, dass eis Veranstaltunge kënne stattfannen. Natierlech ass eis bewosst, dass dat ënnert Hygiensmoossname wäert stattfannen a mat wesentlech manner Spectateuren, wéi geduecht. Dat gëtt natierlech eng finanziell Erausfuerderung fir d’Haiser, wann dat nach méi laang wäert undaueren. Trotz allem ass eis Vocatioun, d’Kënschtler ze ënnerstëtzen an der Gesellschaft den Zougang zur Kultur a Konscht ze erméiglechen. An do bleiwe mir optimistesch.

A wann et anescht kënnt, wéi geduecht oder gehofft, da wäerte mir eis och dorop astelle kënnen, Léisungen an Iddie fannen a weiderschaffen.

www.khn.lu