LËTZEBUERG
LJ

D’Martine Ventura huet hiren drëtte Krimi geschriwwen

D’Martine Ventura huet virun dräi Joer mat „Luxemburger Mord“ hiren éischte Krimi publizéiert. No „Tatort Dräi Eechelen“ , dee 2013 an Librairie komm ass ass elo mat „Luxemburger Mord im Cercle“ dat drëtt Buch erauskomm. Am Interview verréit d’Marine Ventura, firwat si Krimie schreift a firwat an hire Bicher nëmmen zu Lëtzebuerg ermëttelt gëtt.

Firwat hunn Dir Iech fir d’Gattung vum Krimi entscheed?

Martine Ventura Ech liese gäre Krimien, duerfir war et logesch beim Schreiwe mat engem Krimi unzefänken. Ganz aner Richtungen, wei zum Beispill Kannerbicher, schléissen ech awer fir d’Zukunft net aus.

D’Handlunge spillen alleguer zu Lëtzebuerg, firwat?

Ventura Eng Handlung zu Lëtzebuerg ass fir en Lieser, dee selwer hei wunnt méi extra, well en d’Platzen erëmerkenne kann. Fir aner Leit ass et eng Geleeënheet, Loscht op Lëtzebuerg ze kréien.

Ni mam Gedanke gespillt, mol e Krimi um Land oder der Grenzregioun spillen ze loossen?

Ventura Bis elo huet kee vun deenen dräi Bänn just op enger eenzeger Plaatz gespillt, mee d’Ermëttler sinn duerch d’ganz Land komm. Se waren natierlech an der Stad, mee och zu Iechternach, Esch-Sauer, Manternach, Péiteng an op villen anere Platzen am Land. An d’Grenzregioun sinn se bis elo nach net gereest, mee dat kann awer nach kommen.

Recherchéiert Dir op de Plazen?

Ventura Op de Kierchbierg, an d’Alstad, op Iechternach oder op Esch-Sauer ginn ech kucke, vu wou ee wat gesäit, fir dass d’Beschreiwung realistesch ass. Wann awer e bestëmmtent Privathaus beschriwwe gëtt, da kucken ech léiwer, dass et dat Haus a Wierklechkeet net gëtt, ech erfanne Stroossen oder loossen d’Géigend bewosst flou.

Wat ass fir Iech dat wichtegst Element an engem Krimi, fir Lokalkolorit an dText ze kréien?

Ventura De Lokalkolorit soll ugedeit sinn, mee en muss awer am Hannergrond bleiwen. Sou ass et kloer, wou d’Handlung spillt, ouni dass et iwwerhand hellt.
Et soll ëmmer nach e Krimi bleiwen a keen Touristenguide ginn.


Ventura, Martine: Luxemburger Mord im Cercle. Editions Schortgen - 144 Säiten